Radioen

On air

De Moien  |  Plomm, deen neie Kannermusée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Näischt ass fir ëmmer

Food for your senses

Näischt ass fir ëmmer

D'nächst Joer wäert erëm e Food For Your Senses Festival sinn. Et wäert awer déi lescht Editioun sinn, seet de Luka Heindrichs. Et hofft een, datt eng jonk Relève schonn an de Startlächer steet.

auto_stories

3 min

Déi gutt Noriicht fir d'Concertsgänger zu Lëtzebuerg ass, datt de beléiften Food For Your Senses Museksfestival och d'nächst Joer wäert um Programm stoen. De Site um Kierchbierg ronderëm d'RTL City steet eng zweete Kéier zur Verfügung, wat no enger Partie Jore vun Onsécherheet iwwer de Lieu vill Museksfrënn wäert freeën.

E bëssen anescht agencéiert gëtt de Site fir d'2019er Editioun, mat engem Schwéierpunkt op déi Beräicher, déi d'lescht Joer besonnesch vill Uklang bei de Visiteure fonnt haten. Bis zu 5.000 Leit waren d'lescht Fréijoer zu de Spëtzenzäiten op dësem Site versammelt, mee d'nächst Joer soll e bësse méi kleng gefuer ginn. Op 2.500 Entréeën ass de Festival limitéiert, dat aus organisatoresche Grënn, wéi de Luka Heindrichs, Matbegrënner vum Festival an eiser Emissioun Spektrum dëse Méindeg erkläert huet.

De leschte FFYS: Ënnerschiddlech Grënn

Och eng zweet, méi schmäerzlech Nouvelle hat hie mat am Gepäck: dëst wäert dee leschten Food for Your Senses sinn. Op Nofro hi sot de Luka Heindrichs, datt en Amateurfestival an dëser Gréisst mat wäit iwwer 40 Benevollen, déi ee Publikum vun Dausende geréieren - ganz schwéier ze droen ass. Och ass dëst dat lescht Joer, wou ee sech op de Site um Kierchbierg kéint verloossen.

D'Decisioun de Festival ze begruewen, begrënnen d'Organisateuren och mat enger am Fong positiver Dynamik: der Professionaliséierung vum Musek- a Concertsbusiness zu Lëtzebuerg. Vill vun deene Festivalsbegrënner, déi fir déi éischt Editioun 2007 d'ASBL Food For Your Senses an d'Liewe geruff haten, hu mëttlerweil nach aner Kapen op, an hunn am professionelle Secteur ronderëm d'Concertsoffer zu Lëtzebuerg hir Roll ze spillen.

Ee radikalen Amateurfestival

Et ass awer net ouni Tréin am Knapplach, mat där d'Equipe dëse Festival "goe léisst". "Et ass wichteg, een Amateurfestival zu Lëtzebuerg ze hunn, dee radikal ass, an dee vu Jonke selwer organiséiert ass. Een, bei deem een net vu Reklamme bombardéiert gëtt, bei deem een zouenee fënnt, ewech vun deene méi kommerzielle Rendez-vousen" esou de Luka Heindrichs. Hien hofft, datt bei deene Jonken d'Relève scho waart fir nozeréckelen an hir eege Visiounen op d'Been ze stellen.

De leschte Food for Your Senses soll dofir och nach eemol alleguerten d'Fändele vun der Do-It-Yourself-Kultur op de Mast hiewen. Wéi scho bei deenen Editioune virdru wäerte Workshoppen, Konschtinterventiounen, Aktivitéite fir d'Kanner, thematesch Aktiounen a gemittlecht Beienee sinn zwee Deeg laang fir fréisummerlech Magie suergen.

Iwwer de Line-Up vum Festival ass am Moment nach näischt bekannt, mee den Ticketsverkaf ass op an dierft ënner dësen Ëmstänn och net schleefen. De leschte Food for Your Senses ass de 25. a 26. Mee um Kierchbierg - d'Informatioune fannt Dir an deenen nächste Wochen op www.ffys.eu, an natierlech bei eis op der Antenn.