Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - When I Get Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vun enger neier Kollaboratioun

Den OPL zu Paräis

Optakt vun enger neier Kollaboratioun

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg war fir eng konzertant Produktioun vu "Rigoletto" am Théâtre des Champs-Elysées. Et war den Ufank vun enger Zesummenaarbecht tëschent deenen zwee.

auto_stories

2 min

Décken Applaus gouf et fir déi Lëtzebuerger "Rigoletto"-Produktioun zu Paräis © Alfonso Salgueiro Lora

Raccord mat ville Post-it

De Gustavo Gimeno muss d'Boxentäsch voll där gieler Ziedelcher gehat hunn, wéi de Raccord virun der Opféierung fäerdeg war. A senger Partitur hat de Maestro sämtlech Plaze markéiert, déi hie kuerz wollt uspillen, nach eng Grëtz raffinéieren oder zu deenen hien nach e puer Remarke wollt maachen.

D'Sänger hu während hiren Asätz just markéiert. Zwou Stonne virum Concert ass net de beschten Ament, seng Energie ze verpolveren. An där hat de ganzen Ensembel der en Masse. Obschonns et eng konzertant Versioun vum "Rigoletto" war, war et alles anescht wéi eng steif a statesch Opféierung.

Wéi am Film

Vun Ufank u louch eng immens Spannung an deem Drama ëm Léift, Jalousie, ëm Gnod a Vengeance.

Et war wéi an engem gudde Krimi, wou d'Geschicht een op eng Kéier net méi lassléist. De Gustavo Gimeno huet de ganze Plot op déi entscheedend Zeenen am drëtten Akt higefouert, wou een déckt Donnerwieder letztendlech de ganzen Drama ausléist.

Den internationale Sängercast war formidabel, virop de Simon Keenlysidean, der Titelroll, e Rigoletto mat alle Facette vu séileschen Zoustänn. Säin Antipod, den Duc vu Mantua (Saimir Pirgu) war d'Inkarnatioun vum arroganten Aristokrat, vum Dandy a Coureur de Jupes.

Kollaboratioun op dräi Joer

De groussen Applaus um Enn vun dësem groussen Operenowend war déi bescht Confirmatioun vun där neier Zesummenaarbecht tëschent dem Théâtre des Champs-Elysées an dem OPL. Am Ganze sinn dräi konzertant Opereproduktiounen an deenen nächste Joren zu Paräis geplangt.

De Stephan Gehmacher, den Intendant vum Orchester, wollt nach keng Titele verroden, obschonns esou grouss Produktiounen nach méi ee laange Virlaf hunn, wéi e Concert. Alles hänkt vun de Solisten of, déi eréischt zousoen, wa si wëssen, wéini a wou si fir zeenesch Opereproduktiounen engagéiert sinn.

Déi nächst Opereproduktioun mam OPL zu Lëtzebuerg ass de 5.12.2018: "Fidelio" am Groussen Theater.