Radioen

On air

Resonanzen  |  Niccolo Paganini - 'Cantabile e Valzer' Mi Majeur fir Gei a Piano - Natasha Korsakova (Gei), Ira Maria Witoschynskyj (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Palm: Beach Boys trëfft op Math-Rock

Komplizéiert awer accessibel

Palm: Beach Boys trëfft op Math-Rock

Palm ass eng Band, déi Rock-Strukturen op d'Kopp geheit. Dësen Art-Rock Quartett vu Philadelphia péckt immens vill Iwwerraschungen an hir Musek eran. Dat héiert een och zemools an hirer neier Plack "Rock Island" eraus.

auto_stories

2 min

Et ass schwéier vum neie Palm Album gelangweilt ze ginn. Éischter de Contraire. Mat all den abrupte Wiessel an dem Iwwerschoss vu Kläng, riskéiert den Nolauschterer sech op dëser loucher Rock Insel ze verléieren. An awer gëtt ee vun dëser Produktioun charméiert. "Rock Island" ass méi accessibel, wéi den éischten Androck engem vläicht ze spiere gëtt.

Zënter 2010 hunn déi véier Membere vu Palm e puer EPen an zwee Albume verëffentlecht. Iwwert d'Jore goufe si zemools duerch hire Sënn vun Experimentatioun bekannt.

Op der neier Plack gi klassesch Rock Strukture gebrach, zerstéckelt a mat mathemateschem Elan erëm zesummegesat. Rhythmesch kléngt d'Resultat immens gelueden. "Rock Island" ass voller Ecken a Kanten. Komplex a gläichzäiteg zougänglech. A mat vill Asaz produzéiert.

Skurril, komplex, mee net iwwerlueden

Op "Rock Island" kritt ee vill Ofwiesselung gebueden. Waarm a verspillte Gittarekläng kléngen nieft exotesche Steel-Drums, Bléiser, Sythnien an Drum Pads. E séissen a kromme Rock-Sound, deen och vun den zwou Stëmme vun der Eve Alpert an dem Kasra Kurt markéiert ass. Déi zwee wiessele sech mat de Vocals oder sangen zesummen op verschidde Stécker. D'Eve Alpert setzt hir Stëmm méi als Textur an. Den Kasra Kurt geet éischter mat enger Pop-Sensibiliéit un d'Aarbecht erun. Um Track "Composite" schéngt de Verglach mam Brian Wilson evident. E Lidd, dat sech unhéiert wéi wann d'Beach Boys sech u Math-Rock vergraff hätten.

Um neie Palm Album passéiert villes, ouni datt d'Musek iwwerluede kléngt. En iwwerraschend Resultat wann ee bedenkt, datt d'Plack zerstéckelt opgeholl gouf. Een Instrument gouf nom aneren agespillt. Bei dëser Approche besteet d'Gefor, datt et zum Schluss u Kohesioun feelt. Hir nei Plack kléngt awer organesch an immens kohärent.

Déi véier Museker hu "Rock Island" an engem Bauerenhaus am Norde vun New York State opgeholl. E Mount laang hu si un de Stécker gekniwwelt a gefréckelt bis se hirem Goût entsprach hunn.

En Album, deen engem nawell de Buedem ënnert de Féiss ewech rappe kann. Rhythmesch immens variéiert. Verdréinte Rock mat ville skurrillen a chaotesche Momenter.