Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rebellioun géint den Erwaardungsdrock?

The Smile - A Light for Attracting Attention

Rebellioun géint den Erwaardungsdrock?

"A Light for Attracting Attention" heescht den Debutalbum vun der Formatioun The Smile. Dohannert stiechen awer keng Newcomer, mee zwee ganz bekannte Personnagen aus dem Rockbusiness, déi sech hei a gewinnter an dach iwwerraschender Manéier presentéieren.

auto_stories

3 min

Jo, dir héiert richteg, an nee, et ass keen neie Radiohead Album, och wann "A Light for Attracting Attention" duerchaus als sou ee kéint duerchgoen. Hannert dem Projet The Smile stiechen nämlech keng aner wéi d'Masterminds vun der Kultband, den Thom Yorke an den Johnny Greenwood, déi nach vum Batteur Tom Skinner ënnerstëtzt ginn, deen normalerweis fir d'Jazzformatioun Sons of Kemet hannert der Batterie sëtzt.

D'Fro, déi sech engem beim Lauschteren natierlech opdrängt, ass: firwat ass dat hei dann net einfach den neie Radiohead-Album ginn? Well quasi bei all Lidd loossen sech Vergläicher zum Backkatalog vun der brittescher Formatioun zéien. Wier et ze erwaartbar, ze einfach gewiescht? Schliisslech wiert sech keng Band esou staark géint extern a villäicht och intern Kategoriséirungsreflexer ewéi Radiohead. Oder ass et dem Duo Yorke a Greenwood hire Versuch aus dem operluechten Erwaardungsdrock auszebriechen, deen op der Kultband läit?

The Smile ass ee brillanten Album gelongen

Et ass villäicht onvermeidbar, datt sech "A Light for Attracting Attention" am grousse Schied vun Alben ewéi "Ok Computer", "Kid A" oder "In Rainbows" beweegt. Jo, et kléngt näischt radikal nei a villes albekannt, mee dat sollt net dovun oflenken, datt The Smile hei ee brillanten Album gelongen ass, deen esou Dauerreferenze guer net néideg huet.

Och bei The Smile ënnersträicht den Thom Yorke säi Status als bekanntsten Dystopievertouner am Rockbusiness, deen a seismographescher Manéier de Fanger an d'Wonn buert. Klimawandel, korrupt Politiker oder allgemeng spéitkapitalistesch Entfriemung fannen an den Texter hier Plaz a gi vum Yorke sengem mol rosenen, mol melancholesche Falsetto gedroen.

Schonn de frëndlechwierkende Bandnumm täuscht, well et a Wierklechkeet eng Warnung ass, virun deenen, déi ee mat engem breede Grinsen all Dag uléien, wéi de Frontmann erkläert huet. De Song "You Will Never Work in Television Again" geet op ee Sproch vum Silvio Berlusconi zeréck an de Yorke verwandelt et an eng energesch Kampfuso an adresséiert déi mächteg Männer, déi mengen, si kéinten einfach maache wat se wëllen - ouni Konsequenzen oder Récksiicht.

Iwwerraschend oniwwerraschend

Dëst Stéck ass net dat eenzegt, wat eng bal scho verluer gegleefte Säit vum Duo Yorke-Greenwood nees opliewe léisst. Joren, wann net Joerzéngten, huet ee keng esou réi a verzerrte Gittarkläng méi vun hinnen héieren. An awer ass "A Light for Attracting Attention" kee renge Rockalbum, well sech hei vill musikalesch Usätz vun de Bandmemberen nees erëmfannen oder weiderentwéckelt ginn.

Den Johnny Greenwood huet sech an de leschte Joren en Numm als Filmkomponist gemaach, an d'Orchester-Passagen um Album gi wuel definitiv op säi Konto, wärend d'Electronicakläng un dem Thom Yorke seng Soloplacken erënneren. Villäicht net verwonnerlech, well hannert dem Mëschpult och hei den Nigel Godrich souz, dee bis op den Debutalbum déi ganz Radiohead-Diskographie an och verschidde Solo- oder Nieweprojeten aus dem Bandkosmos produzéiert huet.

Ganz um Schluss vum Album fënnt sech mat "Skrting On The Surface" dann e batterséisst Lidd, dat Radiohead virun zéng Joer schonn e puer mol live gespillt hunn, awer hei a ganz neiem Glanz erstraalt. A villäicht ass dat um Enn jo d'Konklusioun: wien brauch schonn en neie Radiohead Album, wann The Smile esou iwwerraschend oniwwerraschend kléngen?