Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reduzéiert Fassungen, deenen näischt feelt

Klassik-CD vun der Woch

Reduzéiert Fassungen, deenen näischt feelt

Fir säin aktuellen Disk huet de Pianist David Lively dem Frédéric Chopin seng zwee Pianosconcertoen agespillt. Allerdéngs net an hirer Originalfassung, mee zesumme mam Quatuor Cambini an dem Kontrabassist Thomas de Pierrefeu an enger eegener Kammermuseksversioun. Obwuel d'Instrumenter staark reduzéiert sinn, huet ee beim Lauschteren net d'Gefill, datt eppes feelt.

auto_stories

3 min

Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpreten:
David Lively, Piano
Quatuor Cambini-Paris
Thomas de Pierrefeu

Wierker:
Frédéric Chopin (1810-1849):
Concerto fir Piano Nr. 1, op.11
Concerto fir Piano Nr. 2, op.21


Op der Opnam spillt den David Lively op engem Fligel, deen nach zu Liefzäite vum Frédéric Chopin gebaut gouf. Ähnlech ass et och mat den Instrumenter vum Quatuor Cambini-Paris an dem Kontrabass, déi alleguerten aus dem 19. Joerhonnert sinn. Passend zu den alen Instrumenter interpretéiert den David Lively d'Concertoe ganz am Sënn vun der historescher Opféierungspraxis. Dëst huet virun allem eng Auswierkung op d'Gestaltung vum Tempo, déi vill méi reegelméisseg ass, wéi een dat bei Chopin-Interpretatioune gewinnt ass.

D'Energie kompenséiert

Op där enger Säit kréie verschidde Passagen esou en intensiven Driff no vir. Op där anerer Säit kann der Musek doduerch awer séier och eppes feelen. Dëst kompenséiert den David Lively mat staarken Akzenter an enger kloer duerchduechter Dynamik. Doduerch entsteet eng Energie, déi vun de fënnef Sträicher iwwerholl a weidergedroe gëtt. Par rapport zu der voll orchestréierter Fassung gëtt engem dofir trotz dem Mangel vu verschiddenen Instrumenter ni langweileg.

Keng Originalpartitur fir Quintett

Op der Präislëscht vum Editeur ass d'Versioun fir Orchester vum Frédéric Chopin sengem 1. Pianosconcerto mat véier an engem hallwen Thaler beziffert. D'Kammermuseksversioun kascht genee een Thaler manner. Esou gesi muss esou eng Versioun existéiert hunn, och wann et haut keng Tracë méi vun esou enger Partitur gëtt. Den David Lively bezitt sech dofir op d'Sträicherstëmme vun der Orchesterpartitur an iwwerhëlt déi Stëmmen déi feelen um Piano. Gläichzäiteg berifft sech den David Lively op d'Praxis vum Continuo libre:

"Il faut bien comprendre que, lors des passages d'orchestre, le soliste devait, pour veiller à la cohérence de l'ensemble mais aussi pour étoffer la sonorité, intervenir dès qu'il l'estimait nécessaire. Cette pratique, depuis longtemps tombée en désuétude exigeait une connaissance profonde de l'oeuvre, de la partie d'orchestre comme de celle du soliste."

Resultat ass, datt den David Lively a béide Wierker omnipräsent ass. Während ee bei der Orchesterfassung vum éischte Concerto ronn véier Minutten op de Pianist waarde muss, setzt en an der Kammermusekversioun direkt an. Esou wierken de Solist an de Quintett net wéi zwee separat Elementer, mee wéi en homogenen Ensembel.