Interpretatioun: | |
Klanqualitéit: |
Interpreten:
Philharmonie Festiva
Gerd Schaller, Direktioun
Wierk:
Anton Bruckner (1824-1893): Symphonie Nr. 9
Objektiv 2024
2024 gëtt den 200. Gebuertsdag vum Anton Bruckner gefeiert. Bis dohi wëllt de Gerd Schaller sämtlech Wierker vum Komponist op Disk ophuelen. Mat den néng Symphonien huet hien elo den éischte Schratt gemaach.
Eleng dës Entreprise war net einfach. Mat Ausnahm vun där 6. an där 7. Symphonie gëtt et keng Partitur, un där de Bruckner ëmmer nees geschafft, nei Versioune geschriwwen huet. Um Enn stinn dann Dirigente virum Dilemma, wéi eng Fassung si solle wielen. De Gerd Schaller huet sech fir déi entscheet, déi kaum an de Concertssäll ze héiere sinn.
Finale fäerdeg geschriwwen
Vum Anton Bruckner senger 9. Symphonie gëtt et nëmmen eng Fassung, allerdéngs ouni Finale. De leschte Saz krut de Bruckner net méi fäerdeg. Et existéiere just Skizzen a Fragmenter. De Gerd Schaller huet sech op d'Sich no alle méiglechen Originaldokumenter gemaach, an de Finale am Geescht vum Bruckner auskomponéiert. Den Dirigent imposéiert sech hei net selwer als Komponist. E respektéiert dem Bruckner seng Klangsprooch, déi e bannen- a baussewänneg kennt.
Kammermusikalesch geduecht
Et ass awer net nëmmen de Reiz vun dem bis dato onbekannte Finale, deen dës Produktioun esou besonnesch mécht. Et ass vrun allem dem Gerd Schaller seng kammermusikalesch Lecture vum Bruckner senger deels monumentaler Klangsprooch. Den Dirigent fokusséiert sech eben net just op déi gewalteg Architektur vun der Symphonie. Hie kuckt se quasi aus der Fräschperspektiv, vum klengsten Detail un a baut da kohärent, grouss Spannungsbéi op. Esou kritt dem Bruckner seng Musek och de gewësse sakrale Charakter, den inherent ëmmer do ass.