Jazz-CD: Reis/Demuth/Wiltgen - Once in a blue moon
Label: CAM JAZZ RECORDS
Musek | |
Klang |
Den Trio Reis/Demuth/Wiltgen huet den 11. Mee 2018 d'Release vun hirem drëtten Disk gefeiert. Am "Once in a blue moon" hunn déi dräi Museker ouni Gäscht 13 Tracks agespillt. Melodiös, Kontrast- an improvisatiunsräich!
Wat de Sträichquartett der Klassik ass, ass dësen Trio am Jazz, mam Piano, Sträichbass a Batterie.
Nach 2017 am Stater Conservatoire, oder am Abrëll 2018 an der Philharmonie, ass de bekannten Jazz-Saxophonist Joshua Redman zesumme mam Trio a mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, opgetrueden. Net just aus Héiflechkeet, mee einfach duerch déi héich Kompetenz a Qualitéit, déi de Redman um lëtzebuergeschen Trio schätzt.
Et de Trois! E Genoss als akusteschen Jazz
Nom Album "Reis/Demuth Wiltgen" (2013) an dem exzellenten zweeten Album "Places in Between" (2016), huet den Trio den 11. Mee 2018 säin drëtten Album beim Label CAM JAZZ RECORDS erausbruecht .
"Once in a blue moon, heescht esou vill wéi "kënnt nëmme ganz seele vir", seet de Batteur Paul Wiltgen, iwwert den Titel vum Album, den eigentlech direkt näischt mat der Musek vum Album ze dinn huet.
Trotzdem passt den Titel. Nëmme seelen kënnt esou e gudden Jazz-Album eraus, och wann de Pianist Michel Reis eis am Interview verroden huet: "Ech hunn nach ni esou séier neit Material geschriwwen an esou séier an Album domat opgeholl."
D'Museker kenne sech schonn iwwert 20 Joer, seet de Sträichbassist Marc Demuth. Schonn am Lycée huet d'Band zesumme gespillt an eng Partie Joere méi spéit, ugefaang seriö Gigs ze spillen. Dat huet du scho gutt funktionéiert. D'Bandmembere kenne sech privat a musikalesch laang a ganz gutt, hunn ëmmer Spaass. Logesch also, datt eng richteg musikalesch Symbios tëscht deenen dräi Museker entstanen ass.
Den drëtten Album "Once in a blue moon", ass ganz melodesch, rhythmesch improvisatiounsräich, ouni sech an diverse Richtungen ze verrennen. Keng elektronesch Effekter, keng Artificen, just déi dräi Museker mat hiren dräi Instrumenter: Piano, Sträichbass a Batterie. Zwielef Tracks kommen aus der Fieder vun deenen dräi Museker, eent dovun ass eng Reprise. "Both Sides Now" vum Joni Mitchell, e Favorit vum Marc Demuth, an dem hie säi Sträichbass als Solo feature kann.