Radioen

On air

Notturno  |  Steve Gunn And David Moore - Painterly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sechs Albume fir ënnert de Beemchen

Cadeaustipp

Sechs Albume fir ënnert de Beemchen

Dir sidd nach op der Sich no engem Cadeau? Mir hu sechs Albumen erausgesicht déi 2017 wichteg waren. Mat Ethno-Klassik, Lo-Fi House, spirituellem Jazz a japaneschem Rock ass fir jiddereen eppes dobäi.

auto_stories

9 min

Kamasi Washington - Harmony of Difference

Dem Kamasi Washington säin Debut "The Epic" vun 2015 huet ganzer dräi Stonne gedauert. Dëst Joer huet den Tenor-Saxophonist vu Los Angeles sech op eng kleng EP limitéiert. Déi ass wesentlech méi accessibel wéi de Virgänger. Och fir Leit, déi den Jazz fäerten. Op "Harmony of Difference" héiert ee wäit méi, wéi nëmme pretentiéist Genuddels. D'EP weist duerch grouss Arrangementer vill Charme op.

De Kamasi Washington steet op "Harmony of Difference" manner als Saxophon-Solist am Virdergrond. Hie beweist sech als staarke Komponist an Arrangeur, dee mat enger ganzer Palett vu Stiler a Kläng eppes schaaft, wat grad esou no vir, wéi no hanne kuckt. Wéi den Numm vun der EP et suggeréiert, wollt hien eng Synthèse vun den Ënnerscheeder a senger Musek ervirzesträichen. Doduerch bilden déi sechs Stécker zesummen e Ganzt.

D'Kompositioune fléisse wonnerschéin aneneen iwwer. An dobäi héiert sech den Ensemble ganz frësch an organesch un. Bis zu 30 Museker si gläichzäiteg ze héieren. D'Stëmmung ass immens positiv, mat engem himmlesche Chouer, waarme Bléiser an eng Rhythm Section déi d'Musek no vir dreift. A kuerzer Zäit geet d'Reess vu wëllen a rhythméierten Stécker bei méi meditativ an zerebral Stécker. Dobäi bleift d'Musek charmant an accessibel. Och wann d'Kompositiounen Titele wéi "Knowledge", "Truth" a "Humility" droen.

Dem Kamasi Washington seng EP "Harmony of Differences" schreift sech an d'Traditioun vum spirituellen Jazz an. Et héiert een d'Mystik vun engem Pharaon Sanders oder och John Coltrane a senger Musek eraus.

Eng kleng awer staark EP mat deem sech den Chrëschdagsblues séier ewech zaubere léisst.


Kronos Quartet & Trio Da Kali - Ladilikan

En traditionellen Trio aus dem Südmali op der enger Säit, en Ensemble mam Image "berühmt-berüchtegt" op där anerer. Véier amerikanesch Klassiker vun der Ostküst, déi als Kronos Quartet zënter 1973 an hiren zäitgenësseschen Interpretatioune mat Leit wéi Steve Reich, Alan Ginsberg, Philippe Glass oder Tom Waits zesummegeschafft hunn. Bei dësen Nimm kritt een e klenge Smile op d'Gesiicht, an et freet ee sech, wéi eng Grenzen dann elo erëm iwwerschratt solle ginn.

Mam Album "Ladilikan" erweidert de Kronos Quartet seng apaart Rendez-Vous-Serie: Hei ass et e Mateneen vun zwou Geien, enger Braatsch an engem Cello mat Marimba, Balafon a Gesang. Dat Afrikanescht gëtt kloer den Toun un. Besonnesch de faszinante Vibratioune vun de Perkussiounsinstrumenter kann ee sech schwéier entzéien. Déi faszinant Stëmm vun der Hawa Diabaté setzt Akzenter. An op de klassesche Säite gëtt net ëmmer dat gespillt, wat ee sech vu Straicher erwaart.

"Ladilikan" vum Kronos Quartet mam Trio Da Kali beweist, datt een duerchaus Neies ka kreéieren, ouni seng eegen Identitéit mussen opzeginn. Virtuositéit ass op béide Säiten assuréiert, a verschmëlzt, leeft zesummen, passt beieneen. En Album, deen awer och regelméisseg um Beemche rëselt. D'Leit vum Kronos Quartet sprangen dann aus der Këscht, a verpasse Bamako déi onugepassten New Yorker Avantgarde-Mentalitéit.

"Ladilikan", dat ass "Ethnoklassik" mat Innovatiounsgeescht. Oder, wéi se am Mali soen: D'Liewen dréit den Numm Verännerung. D'Musek - op d'Mannst an dësem Fall - och.


VA - Even a Tree Can Shed Tears: Japanese Folk & Rock 1969-1973

Intensiv Musek-Obsessioune fänken dacks a Lycéeszäiten un. Deen een entdeckt arabesche Funk, deen aneren fënnt eng Revelatioun an der High Life Musek vu Ghana. Fir den Jake Orrall war et Ufanks extrem dissonant Underground Musek aus Japan. Dunn ass hie während eng vu sengen übleche Visitten an engem muffege Plackebuttek, op eng Kollektioun vu japaneschem Folk gefall. Musek déi hien iergendwéi beréiert huet.

Iwwert d'Joren ass seng Kollektioun gewuess. Am Oktober ass d'Compil "Even a Tree can shed tears" bei Light In The Attic verëffentlecht ginn. Déi éischte kéier wou esou eng Kollektioun vu japanescher Folk Musek tëscht 69 an 73 engem westleche Publikum presentéiert gouf.

Grad ewéi hei an Europa, ass Enn de 60er a Japan eng Jugendkultur entstanen déi sech den Traditioune vun hiren Elteren entgéint gestallt huet. Eng Underground Folk-Beweegung ass entstanen. Vum Klang hir héiert sech d'Musek ganz westlech un. Vu Laurel Canyon Folk mat duuss gezupfte Gittaren a liichte Stëmmen, bis hin zu méi progressive Varianten. Eng besonnesch Spannung ass an der Loft an eng gewëssen Onschold héiert een eraus. Déi amerikanesch Aflëss sinn omnipresent. An awer gëtt dat ganzt op eng eege Manéier ëmgesat.

Och wann ee se net versteet, ass di japanesch Sprooch am Kontext vun der Musek immens charmant a reng. Doduerch schéngt d'Musek nach méi dreemereg a wierkt och iergendwéi magesch. Et gëtt een op eng iwwerraschend Rees duerch eng ganz kreativ Traditioun gefouert. Mat Gruppen, déi Nimm wéi "Hachimitsu Pie" oder "Happy End" droen.

Op dëser Compil vu vintage japaneschem Folk gëtt et séiss melancholesch Musek allerhand. An et léisst sech villes dran entdecken.


DJ Seinfeld - Time Spent Away From U

Et stëmmt wierklech: Ee Produzent mam Numm "DJ Seinfeld" huet ee vun de beschten Albumen am Beräich vun der elektronescher Musek vun 2017 erausbruecht. "Time Spent Away From U" ass dee perfekten House-Album fir ënnert de Beemchen.

Wierklech nei ass näischt um DJ Seinfeld sengem Debut-Album. De komplette Regëster vum House gëtt vum schwedesche Produzent zitéiert. Souwuel dee méi gemittleche vun Chicago, wéi dee méi nervösen aus Groussbritannien. Op "Time Spent Away From U" kënnt et ëmmer nees zu Déjà Vuen. Awer dat ass an dësem Fall net schlëmm. Ganz am Géigendeel. Dem DJ Seinfeld ass een ofwiesslungsräichen a villschichtegen Album reusséiert. Ëmmer nees gëtt ee vun einfacher Schéinheet a purer Harmonie iwwerrascht. Ëmmer nees summt a séngt ee mat. "Time Spent Away From U" ass wéi e Virus, deen een net méi lass léisst. Duerch déi sëlleche gepitche Stëmm-Samples, déi zu Asaz kommen, huet den Disk ee poppegen Aspekt, deen een als Nolauschterer ze pake kritt.

Den DJ Seinfeld gëtt zu de Vertrieder vum Lo-Fi-House gezielt. Seng Produktioune sinn alles anescht wéi glat a blénkeg. Et rauscht an dauscht a kréckelt. De charakteristesche Sound vun enger iwwersteierter Kassett schuet der Musek net. E suergt dofir, datt een als Nolauschterer op engem méi emotionale Level beréiert gëtt.

"Time Spent Away From U" ass een Album, dee méi déif a méi wäit geet, wéi een op den éischte Bléck kéint mengen. Et ass net just eng Sammlung vu Club-Tracks op LP-Format gepresst. Et gëtt eng Geschicht an eng Dramaturgie, an déi eenzel Stécker ginn zum Deel wéi an engem DJ-Set aneneen iwwer. "Time Spent Away From U" kann een duerchaus doheem an der Fotell lauschteren. An den Album kann och Leit gefalen, déi net onbedéngt op elektronesch Musek stinn.


Gianmaria Testa - En Studio

Den italieneschen Singer-Songwriter Gianmaria Testa war een, dee mat schaarfem Bléck a mat der Gittar an der Hand bis wäit iwwert d'eege Nuesspëtzt erausgekuckt huet. A Wierder an Nouten huet hien dat veréiwegt, wat hie ronderëm sech gesinn a gespuert huet. Mënschen, déi liewe wëllen, déi Léift sichen oder en Daach iwwert dem Kapp, déi sech freeën, enttäuscht ginn, en neien Ulaf huelen. Am Mäerz 2016 ass den Gianmaria Testa gestuerwen.

Dem Testa seng Plackefirma Harmoni Mundi huet zu sengen Éieren e Coffret mat siwen CDen erausbruecht, wou all seng Produktiounen aus de Joren 1995 bis 2011 vereent sinn. Keng Angscht, wann Dir am Italieneschen net sou staark sidd: Am 152-säitege Bichelche sinn d'Texter iwwersat op Englesch, Däitsch a Franséisch. An och wa bei dësem Traductioun-Exercice déi eng oder aner Nuance u Poesie op der Streck bleift: Och am Iwwersate kann een dës Gedanken an Iwwerleeunge vum Auteur absolut genéissen.

Miniaturen aus dem Alldag, eng waarm Stëmm, déi dacks un de grousse Paolo Conté erënnert, e puer Gittar-Säiten an eng kleng Band ginn duer, wann den Gianmaria Testa séngt, nodenkt a philosophéiert. Mam Coffret "En Studio" kritt ee vill gutt Musek fir säi Geld. Déi gebëndelt Albume gi fir mol net 30 Euro op de Maart bruecht. Wéi wann nach en zousätzlecht Präisargument néideg wier, fir ee vun de groussen Italo cantautori ënnert d'Leit ze bréngen. Wie vum Museker begeeschtert ass, ka sech doriwwer eraus dee selwechte Package mat live-Opname vun him zouleeën. Gianmaria Testa: Heiansdo muss ee wuel stierwe fir opzeliewen. Op d'Mannst wann ee Kënschtler ass.


John Maus - Screen Memories

D'Apokalyps ass Programm um neien Album vum John Maus. "I see the combine coming. It's gonna dust us all to nothing" séngt hien um Opener "The Combine". Dësen Track ass deen epeschsten Titel op "Screen Memories". Mat Synthesizer-Nappen a cinematographesche Bléiser, Sträicher a Chéier laut den John Maus de Weltënnergank an.

De Rescht vum Album ass méi spartanesch instrumentéiert. Et dominéiere verwäschen, resonant Synthesizeren, eng hëlzeg Bass-Gittar, a minimalistesch Drum-Machines. Dertëschent dem John Maus seng Bariton-Stëmm, grad sou spuersam agesat a mat Hall-Effekter geschwängert, wéi déi aner musikalesch Elementer.

Trotz den iwwersiichtlechen Text-Zeilen an de kuerze Stécker, déi all ëm dräi Minutte leien, entféiert den John Maus op en intensiven a Biller-räichen Trip, dee mat Momenter net méi wäit vun engem Horror-Trip ewech ass. Op 12 Titelen erënnert den Artist un alles, wat an de 70er an 80er Jore cool war. Joy Division an den John Carpenter gi genee sou zitéiert, wéi Arpeggien aus 8-Bit-Videospiller.

Den John Maus beschäftegt sech och op enger Meta-Ebene mat senger Kreatioun. Wéi funktionéiert Pop? Wat mécht Populärmusek mat eis? Wat ass dat Magescht, wat de Klang vun dësen einfachen Instrumenter beim Nolauschterer ervir rifft? Den John Maus hannerfreet a liwwert Äntwerten.

Wat vläicht beim éischte Lauschtere kléngt wéi eng stëbseg Kassett vun enger obskurer Post-Punk Band, ass ee vun deenen intelligentsten an agängegsten Elektro-Pop-Albume vum Joer. "Screen Memories" ass vill méi wéi en Zitat-Album mat VHS-Nostalgie. Bannent deem dach rigide Kader gëtt vill Ofwiesslung gebueden. A virun allem geléngt et dem John Maus nees eng Kéier, gläichzäiteg witzeg a sarkastesch sinn, an awer ënner d'Haut ze goen.