Dës nei Plack ze schreiwen hätt Zäit gebraucht, esou de Curt Smith. Méi wichteg wéi seng Connectiounen an der Museksindustrie sinn dem Smith seng Kanner: déi huet hien trotz enger Tournée duerch d'Staaten am Ufank vun dësem Joer nach ni méi laang wéi véier Méit net gesinn. D'Relatioun mat sengem Coequipier Roland Orzabal ass haut éischter eng Aarbechtsrelatioun: "Mir hunn eis zu zimlech verschiddene Mënsche weiderentwéckelt", esou de Museker.
En determinéierend Thema an Hits wéi Mad World, Shout oder Everybody Wants to Rule the World war dem Duo hiren Interessi fir d'Psychologie: deemools haaptsächlech dem Jabov seng Primal Therapy. "Där hir Theorië sinn haut zu groussem Deel widderluecht", seet de Curt Smith. "Mad World war iwwer d'Schaffe goen an d'Dréinen am Hamsterrad méi wéi alles anescht."
Och haut appreciéiert hien haaptsächlech déi psychologesch Dimensioun vun der Musek - als Ausdrocksform, als Selbsstherapie an als Mëttel fir d'Leit zesummenzebréngen. "Wann haut jonk Leit bei eis kommen an es soen, eis éischt Plack "The Hurting" hätt hinnen duerch ganz schwéier Zäite gehollef, da beweegt mech dat."
The Seeds of Love, déi drëtt Tears for Fears Plack, feiert dëst Joer hiren 30. Anniversaire. Den epeschen Titeltrack war vum Sound hir vun de Beatles inspiréiert a funktionéiert e bësse wéi eng Weltverbesserungsmaschinn. "D'Musek kann nëmme reflektéieren, mee si reflektéiert dat, wat vill Leit zur selwechter Zäit fillen. An dat mécht d'Welt schonn iergendwéi besser."
Tears for Fears spillen de 25. Juni 2019 um Parvis vun der Abtei Neimënster. Méi Informatiounen op www.atelier.lu
De Marc Clement huet sech mam Curt Smith ënnerhalen: