Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Colt Shot

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Some Twist" - eng rau Pärel, déi dreemen deet

Album vun der Woch

"Some Twist" - eng rau Pärel, déi dreemen deet

Um Michael Nau sengem zweeten Album blubberen d'Effekter, d'Rhythmus Sektioun groovt an d'Stëmm pëspert verféieresch an d'Ouer. Alles huet seng Plaz an dësem raimleche Kosmos, deen d'Séil masséiert.

auto_stories

3 min

De Michael Nau kennt ee vläicht aus der Indie Band Cotton Jones. Eng dreemeresch Formatioun aus dem Maryland. De bescheidene Frontman huet awer och ënnert sengem eegenen Numm Placke verëffentlecht.

De Michael Nau huet d'lescht Joer säin Debut Album "Mowing" presentéiert. Eng subtil Lo-Fi Produktioun, déi den amerikanesche Singer-Songwriter baussent de Vereenegte Staate bekannt gemaach huet. Net grad de grousse kommerziellen Duerchbroch. Awer eng gewëssen Unerkennung, déi de rouege Museker verdéngt huet. Op sengem zweeten Disk assuréiert de Michael Nau alt nees eng rau Pärel, déi schmunzelen deet. "Some Twist" ass virun engem gudde Mount bei Suicide Squeeze Records verëffentlecht ginn.

Frësch an d'Mier gezappt

Engersäits iwwerzeegt dem Michael Nau seng nei Plack duerch de spilleresche Klang, deen iwwert deenen 12 Stécker schwëmmt. Den Album wierkt, wéi wann en an d'Mier gezappt gi wier. Et héiert een iwwerall en agreabelt Rauschen an e berouegent Summen, dat den ausgefalene Sound begleet.

Eng éischt Parallel kann ee mat Gurue vu vintage Kläng, wéi den Jim James oder Matthew E. White, zéien. Grad ewéi dës zwee amerikanesch Hären ass de Michael Nau no um Folk. Eng duuss Nylons Gittar begleet d'Musek am Hannergrond op eng perkussiv Manéier.

Seng zréckgehale Stëmm straalt eng angenehm Wäermt aus, och wa se am Mix dacks vun engem Niwwel vun Effekter verdeckt gëtt.

Vu Piano Ballade bis verdreemten Dub

Frënn vu 70er Soul a Songwriter Kascht wäerten am Michael Nau ee sympathesche Komerod erkennen. Säin neien Disk "Some Twist" ass donieft awer immens ofwiesslungsräich. Mat melancholesche Piano-Balladen, skurril verdréitem Outlaw Country a verdreemtem Dub. Awer och mat deem engen oder aneren instrumentale Stéck, dat u spannend Lalo Schifrin Filmmusek erënnert.

"Some Twist" beweist, wéi e poséierte Songwriter säin onofhängege Wee fonnt huet. Als Kënschtler brauch een eng grouss Gedold, fir ee bescheidenen Duerchbroch ze hunn. "Because you had to wait, it's gonna be extra great" séngt de Michael Nau. Hien hantéiert awer raisonnabel mat Klischeeën a passt op, datt seng Stécker net an d'Eidelt verfalen.

Alles huet seng ongewéinlech Plaz

"Some Twist" ass eng immens dräi-dimensional Produktioun, wou déi verschidden Elementer fräi schwiewen a subtil placéiert goufen. D'Effekter blubberen, d'Rhythmus Sektioun groovt an d'Stëmm pëspert verféieresch an d'Ouer. Deen naasse Mix ass awer alles ausser faul a versicht och net, e Manktem u Kreativitéit ouni Schimmt ze verdecken. Alles huet seng ongewéinlech Plaz an dësem raimleche Kosmos, deen de Michael Nau op sengem zweeten Album geschaaft huet.

Déi wéinegst bréngen et fäerdeg, nei Paradigmen an der Musek unzelackelen. Verschidde Museker ginn zu Kopië vun hiren Idoler, anerer kreéieren aus hire musikalesche Léiften e wonnerschéinen Hommage. Obwuel d'Referenzen däitlech datéiert sinn, liwwert de Michael Nau en zäitlosen Album mat vill Charme.

Eng ureegend, optimistesch Plack, déi pessimisteschen Tendenzen éierbar entgéint gestallt ass. Dréit de Volume vum Ampli op, loosst Iech an eng Fotell falen an är Séil vum Michael Nau masséieren.