Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Black Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Steps" - der Charlotte Bridge hiren neien Album

Musek

"Steps" - der Charlotte Bridge hiren neien Album

Op hirem éischte Longplayer geet d'Singer-Songwriterin Charlotte Bridge nei Weeër. Mat elektronescher Batterie, engem Akzent op Stëmmharmonien an enger Produktioun vum Edwin Aldin verdicht sech hiren Universum. Live geet si dës Kéier mat dräi Museker op d'Brieder.

auto_stories

2 min

Wéi d'Stefania Salvato zu Lëtzebuerg ukoum, fir eng nei Aarbechtsplaz unzetrieden, war di rout Bréck Deel vun hirem deeglechen Itineraire. Beim Trëppele gouf aus dem Pont Grand-Duchesse Charlotte, wéi en offiziell heescht, séier ee Sënnbild fir eng Séil op éiweger Rees, d'Séil vun engem neie Personnage - der Charlotte Bridge.

No ville Kollaboratiounen an enger Solo-EP, ass dës Plack déi villsäitegst vun der Charlotte Bridge. Nieft Gittare-Songs sinn dës Kéier och Lidder drop, déi op de Pianostasten enstane sinn, wat méi Variatioun bedeit. D'Arrangementer si spuersam an op de Punkt gehalen D'Stëmmharmonië stinn am Virdergrond, a stoungen dacks um Ufank vum Songwritingprozess. Ausgewielten elektronesch Kläng erschafen méi wäit gefaasste Landschafte wéi bis elo.

Fréier ass d'Singer-Songwriterin eleng mat der Gittar opgetrueden. Lo huet si sech fir de live diversifiéiert: Mat dräi Museker op hirer Säit ginn d'Songs fir d'éischte Kéier esou reproduzéiert, wéi se op der Plack arrangéiert goufen.

Well d'Stëmmungen um Album räich a verdreemt sinn, kann een sech op der Presentatioun vum Album op een Erliefnes astellen, dat intimistesch Stëmmunge mat Atmosphär verbënnt. "De Song Still schwätzt doriwwer, wéi schwéier et ass, op enger Platz ze bleiwen, wann ee bis ugefaangen huet, ronderëmzereesen... an dat trotz sentimentalen Attachen."

Rendez-Vous dëse Samschdeg, 6. Abrëll am Gudde Wëllen.


Lauschterenplay_arrow