Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno - Needles In The Camel's Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Beatles - Glass Onion

Sample vun der Woch

The Beatles - Glass Onion

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Jiddweree kennt de Beatles hire "White Album". Vill Leit kennen dem Jay-Z säi "Black Album". Wat kënnt eraus, wann ee Schwaarz a Wäiss mëscht? Gro natierlech.

Esou koum et dozou, datt 2004 dee bis dohin onbekannte Produzent Danger Mouse de "Grey Album" erausbruecht huet, e Mix vun der beschter Rockband an dem beschte Rapper vun allen Zäiten.

Am Ufank huet hie säin Album gratis verdeelt a just un e puer ausgewielte Leit geschéckt, mee kuerz drop gouf hie vu sengem eegenen onerwaarte Succès komplett iwwerwältegt. All eenzelt Lidd vum "Grey Album" besteet aus den Deeler vu jeeweils engem eenzege Beatles Track, deen den Danger Mouse esou zesummegeschnidden huet, datt all kéiers een Jay-Z-Acappella perfekt drop passt.

De Produzent benotzt hei keng Soundbank, alles wat ze héieren ass staamt eleng vun deenen zwee Albumen. Hien ännert och d'Reiefolleg vum Jay-Z senge Lidder, fir dem Album eng nei Dynamik ze ginn. All Jay-Z-Lidd ass ëmmer iergendwéi thematesch oder formell mat engem Beatles Lidd verbonnen: zum Beispill "Julia" gëtt "Dirt Off Your Shoulder", "Glass Onion" gëtt "Encore" oder "While My Guitar Gently Weeps" gëtt "What More Can I Say".

Et kann ee soen, datt déi zwee Albumen dëst gemeinsam hunn: hiren Titel ass eng Faarf, si stamen allen zwee vu weltwäit bekannte Kënschtler, déi zum Zäitpunkt vun der Release der Welt näischt méi ze beweisen haten, an den Danger Mouse huet béid Gruppe geneesou gär. Hie seet och, hien hätt dësen Album net fir Museksfanne gemaach, mee éischter fir aner Beatmaker duerch seng Samplekonscht ze beandrocken. Hie bréngt effektiv Detailer zum Virschäin, déi engem soss net opgefall wieren.

Verschidde Leit nennen de Projet e Konzeptalbum, Mashups oder eng Remix-Kompilatioun, mee, wat sécher ass, ass datt hien e risegen Erfolleg hat, an zwar beim Publikum an och bei der Kritik.

Ech perséinlech hunn dem Danger Mouse seng Versioun esouguer léiwer, wéi den Original! Den Danger Mouse huet sech mat dësem Album vum Nobody zum Superstar Produzent entwéckelt, deen hautdesdaags esouguer vu Leit wéi U2 gefrot gëtt.

Dat Ironescht bei der Saach ass, datt den Danger Mouse kuerz no der Sortie vu sengem Mix vu Capitol Records, dem Label vun de Beatles, ugeklot gouf. Hien huet direkt missten d'Verbreedung vum Album stoppen, mee den Internet hat schonn zougeschloen. Effektiv sinn déi meescht Leit deemools illegal duerch Napster oder nach aner Peer to Peer Sitten op den Album gestouss. No deem ganzen Hin an Hier huet sech d'Polemik haut geluecht, an den Album gëtt universell als den Ufank vun engem neien Zäitalter ugesinn, an deem Kreativitéit net méi onbedéngt just an original Kompositioune present ass, mee och an esou Projeten, wei deem heiten.