Radioen

On air

Kultur um 5  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Them Lights: Eng staark Energiequell

Nei Single Made in Luxembourg

Them Lights: Eng staark Energiequell

Wat bleift iwwreg, wann ee sech vun allem Iwwerflächlechem trennt? Déi Fro stellt sech de Sacha Hanlet alias Them Lights a senger neier Single "Mysterious Lights". Et verwonnert deemno net, datt hie mëttlerweil ouni Backing Band optrëtt.

auto_stories

2 min

Mysterious Lights géif ëm den éiwegen Zwiespalt dréien, fir sech seng eege Wourecht ze fannen, seet de Sacha Hanlet. "Déi, déi am Endeffekt iwwreg bleift, wann alles wat superficiel ass, alles wourun ee gleeft, net méi do ass. De Kär, deen zum Schluss iwwreg ass."

No deem Kär wier ee stänneg op der Sich. "Et ass eng mysteriéis Saach, ausgedréckt a Form vun enger staarker Energiequell." Dës Energie géif hien a Form vu Luuchten duerstellen.

Hien hätt kee fest Konzept fir Lidder ze schreiwen, seet de Sacha Hanlet. "Ech lauschtere ganz basesch just op mäi Bauchgefill." An dobäi géif et ëmmer an dës spirituell Richtung goen. Dat wier de roude Fuedem a senger Musek.

Ausgefeilte Solo-Show

Nodeems de Sänger bei deenen éischte Concerte vun enger Backing Band begleet gouf, trëtt hien elo komplett solo op. Et hätt logistesch Virdeeler net op aner Museker ugewisen ze sinn. "Them Lights ass nei fir mech. An ech wollt einfach mol de Schratt eleng maachen."

Dofir hätt hien awer vill u senger Bühnepresenz geschafft. Zum Beispill un enger Luuchteshow, déi op d'Musek programméiert ass. "Dat Ganzt ass wierklech eng audiovisuell Show."

Dëse Freideg spillt Them Lights op der Release vun Cheak! an der Rockhal. Duerno kënnt en Optrëtt beim Sound City Showcase Festival zu Liverpool.


De Sacha Hanlet beim Mike Tock am Spektrum vum 25. Abrëll:

Lauschterenplay_arrow