Radioen

On air

Notturno  |  Carthago - Alech

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Therapeutesch kalifornesch Indiesounds

Chris Cohen - Chris Cohen

Therapeutesch kalifornesch Indiesounds

Op dësem 1. Abrëll si mir matzen an der zweeter Fréijoerswoch vum Joer. Fir dëst Fréijoer musikalesch anzelauden, proposéiert den Tom Dockal den Album vun der neier Woch, deen dës Kéier aus dem amerikanesche Kalifornie kënnt. De Chris Cohen liwwert op deem Disk Musek of, déi net nëmmen d'Geschicht vum California Sound Rechnung dréit, mee och der Geschicht vun der eegener Famill.

auto_stories

3 min

"I was waiting for the worst / The next just like the first / In the song they played / Any song they played / Extended chord called to your attention / Fishing for a compliment."

Wien ass they - si ? A wat fir e Lidd sange si? Mat ënner anerem dëse kryptesche Lyrics vum Lidd Song They Play mécht de kalifornesche Chris Cohen säin neien, self-titled Longplayer op. Kryptesch geet et weider.

"We were loved from afar / Everyone kept in the dark."

Esou séngt de Chris Cohen um nächste Song Edit Out weider. De Kalifornier, deen Ufank den 2000er mat senger Aarbecht bei der nervös chaotescher Rockgrupp Deerhoof eng éischte Kéier op sech opmierksam gemaach huet, zitt elo ganz aner Säiten op. Op alle Fall, wat dësen drëtte Solodisk ugeet, deen hie leschte Freideg bei Captured Tracks released huet. Och um drëtte Song "Green Eyes", deen definitiv esou kléngt, ewéi e soi-disant kalifornesche Westküsten-Indie Poprock-Album ze kléngen huet - iergendeppes stëmmt do net.

Eréischt an der note d'intention läit de Schlëssel zum "Versteesdemech" vun dësen Texter, déi de Chris Cohen presentéiert. Op der Aarbecht fir den drëtte Longplayer hu sech dem Cohen seng Eltere scheede gelooss. Dat ass haut net weider iwwerraschend, mee d'Ëmstänn vun där Scheedung si scho méi aussergewéinlech. D'Bestietnis ass no 53 Joer, also no engem hallwe Joerhonnert, opgeléist ginn. Mam Coming Out vum Papp. Eegenen Aussoen no méi eng emotional Laascht, déi vun de Schëllere geholl ginn ass, ewéi den trauregen Ëmstand, datt d'Famillenunitéit, déi klassesch, zerstéiert wier.

Och wann e Song wéi House Carpenter déi éischt Sekonne klénge wëll wéi den Ufank vun Heroin vun de Velvets, esou kippt dat zimlech séier an eppes wat een ouni Zweiwel als Deel vun der kalifornescher musikalescher Palette bezeechne kann. Sonneg lues, gechillt, douce Psychedelia, déi manner eng Joan Didion-arteg Violenz a sech huet - ewéi déi hannert der Hippie-Fassad vun de 60s. Mee dofir verstoppt sech ganz vill perséinlech Afrostellung a Melancholie mam Bléck no hannen an dem Wonsch no Äntwerte fir de Wee no vir.

"Helpless, haunted by the inherited character / In my jeans and in my shoes / In my attitude / What can I do?"

A modester Eegeproduktioun selwer aspillen, dem Lo-Fi zouwénken an an der Stëmm versichen Distanz ze halen. De Chris Cohen ass net rancunier, klaakt säi Papp an/oder säi Grousspapp net an d'Pan, mee versicht ze verstoen. Verstoe wéi vill vun den Non-Diten a Geheimnisser hien an der x-ter Generatioun mat sech dréit. Hie behaapt ni, eng Léisung fir de Problem ze fannen, déi iwwer Joerzéngte kultivéiert gi sinn a senger Famill, vläicht iwwerhaapt iwwerall - hie schreift ëmmerhin awer Popsongs - an där nach ganz kryptescher. An awer ass en Ufank do.

Wa Westküste-Melancholie all Joer fir de Fréijoersuffank esou géif kléngen - Ënnerwaasser-Saxofon inklusiv - da wier deen heiten ëmmer nees prenant. Virun allem, wa se vum Chris Cohen géif zerwéiert ginn.