Radioen

On air

Resonanzen  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Gei a Cello a Sol Majeur, RV 814 "per Chiaretta e Teresa", I. Alle - Marianne Piketty (Gei/Dir.), Le Concert Idéal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vakanz op de Schinnen

De Line-Up vun de 15. Congés annulés annoncéiert

Vakanz op de Schinnen

Vum 28. Juli bis den 23. August ass déi mëttlerweil 15. Editioun Joer vun de Congés annulés, een e bëssen anere Summerfestival zu Lëtzebuerg. Um Parvis vun de Rotonden zu Bouneweg muss een sech net mat Dixistoiletten oder endlose File beim Gedrénksstand erëmploen. Et muss een och net d'Loscht an d'Ausdauer hunn, vill méi Museksgruppen ze lauschteren, wéi een ophuele kann.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De Programm zitt sech nämlech iwwer eng gutt 20 Soiréeën duerch d'Majoritéit vum Mount August, mat vill Zäit fir laang Aperoen um Parvis - Zäit ze lauschteren, ze schwätzen, an ze genéissen. De Line-Up vum Festival ass elo devoiléiert.

Eng Parti méi haart Gruppen, wéi d'Postpunk Band Bitz, wäerte wuel bannen an der Rotonde sinn, fir d'Kaméidisbelaaschtung déif ze halen, wärend déi duuss Pianoskläng vun Hanakiv d'Ouere wäerte spëtzen doen.

Staark Headliner mat Lokalbands als Tromp

Ee Joer laang hunn de Mark Hauser, den Nicolas Pzeor an de Rescht vun der Ekipp un dëser 15. Editioun geschafft, mat e puer fantasteschen Headliner op der Affiche dëst Joer: D'New Yorker Indie-Legenden Les Savy Fav an A Place to Bury Strangers, den Iresche Postpunk Phenomen The Murder Capital, Thus Love vu Battleboro am Vermont, Haru Nemuri a Sapphire Glows aus Japan.

Mee och wann et ëm Gruppen aus der lokaler Zeen geet, ass déi 15. Eng méi wéi fruchtbar Editioun, mam Zesummeschloss vum Georges Goerens alias Bartleby Delicate an dem Batteur Niels Engel als ENGLBRT, dem elektroneschen Duo Artaban, den instrumentale Math-Rocker The Cookie Jar Complot, der Songwriterin Hannah Ida, dem Eletroniker Napoleon Gold, Autumn Sweater, Ice In My Eyes a ville méi. Zwou Lëtzebuergesch Label-Soiréeën - BEAST mat Chaild, TwinXXA a Them Lights; an Two Steps Twice mat TUYS an hire Gäscht Reveal Party - doen der Professionalisatioun vun der Zeen an hirem räichen Output Rechnung.

Donieft suergen eng Filmprojektioun (een Documentaire iwwer déi australesch Songwriterin Courtney Barnett) an eng Disquë-Foire fir Oplockerung. Et si gutt zwou Dose Soiréeën, déi den August zu engem musikalesche Schmaus maachen dierften. D'Passe sinn ewell ausverkaf, mee fir all Eenzelconcert ginn et Billjeeën, a wann se net ausverkafen, och spontan an der Oweskeess.

Lauschtert Iech d'Musek an eisem Interview mam Mark Hauser hei un, oder klickt Iech d'Bandbeschreiwungen op rotondes.lu.