Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Hip Hop, Energie an Emotiounen

Frauenfeld Festival

Vill Hip Hop, Energie an Emotiounen

Frauenfeld 2018: Dräi Deeg, 51 Bands, 180.000 Gäscht a ganz vill Hip Hop. Am Gespréich mam Coely, Kelvyn Colt a ville méi geet ënner anerem rieds iwwert Ego, Fraen am Hip Hop a Mundart Reggae.

auto_stories

7 min

De Stereo Luchs ass e Schwäizer Mundart-Reggae Museker. Hien ass den Ament mat sengem Album "Lince" op Tournée.

Stereo Luchs

Kanns Du däin Album an dräi Wieder beschreiwen?

Urban, Stereoluchs, Cloud-Reggae-Dancehall-RnB.

Wéi géifs Du d'Schwäizer Hip Hop Zeen beschreiwen a wou géifs Du dech positionéieren?

D'Schwäizer Hip Hop Zeen ass den Ament erëm extrem am Gaangen ze wuessen. Et gi ganz vill nei a jonk Kënschtler. Grad mat der Trap a Cloud Well. Ech selwer hu bëssen eng speziell Roll. Ech kommen aus dem Reggae-Dancehall a maachen dat och schonn zanter längerem. Et war awer ëmmer bëssen op der Schwell zum Hip Hop. Ech hu ni klassesche Roots-Reggae gemaach. De leschten Album huet Hip Hop, Trap a Reggae Aflëss.

Bei eiser Recherche si mir op de Begrëff Mundart-Reggae gestouss. Wat muss ee sech dorënner virstellen?

Dat ass ee Begrëff dee virun zéng Joer ongeféier entstanen ass. De Phenomen war deemools an ass haut nach ganz erfollegräich. Hien huet Reggae Musek op Schwäizer-Däitsch gemaach. Dat war bëssen eng Neiegkeet an do ass iergendwann de Begrëff Mundart-Reggae entstanen. Mundart ass eisen Akzent vum Däitschen. Villes vun deem wat mir maachen ass Neiland, well et nach net vill dovu gëtt.

Stereoluchs - wouhier kënnt den Numm?

Den éischten Album, op deem ech mat geschafft hunn - "Style Generator" (2007) - war e bëssen eng Hommage un de Reggae aus den 80er Joren. Deemools hu vill Kënschtler op Jamaika Super Cat, Mad Cobra oder Tiger geheescht. Also Déierennimm mat engem Attribut. Ech hunn dat op Schwäizer Däitsch iwwersat. De Luchs ass dat eenzegt heemescht Raubdéier, dat et nach an der Schwäiz gëtt.


D'Coely ass eng belsch Rapperin vun Antwerpen. D'Musekerin huet 24 Joer an et huet hir Musekscarrière direkt nom Lycée lancéiert.

Coely, Du waars scho Virband vu Museker wéi Nas, De La Soul, Kendrick Lamar a Kanye West. De Kanye West ass och eng Inspiratioun fir Dech?

Jo, ech si mat senger Musek opgewuess. Wat d'Leit vergiessen - och wa si hien net gär hunn - ass, datt hien dee Stil gepräägt huet, deen haut jidderee mécht. Hien huet e Sound, deen aneschtes ass. Verschidde Leit verstinn net, wat hien op sengem neien Album mécht. Ech verstinn alles, well ech all d'Detailer lauschteren.

Hie gouf awer och kritiséiert, well hie mam Donald Trump sympathiséiert huet ...

Ech muss soen, datt jiddereen dat seet wat e wëllt soen. Dat wat hie sot - zum Beispill iwwer d'Sklaven - domat war ech net averstanen. Mee ech fanne seng Musek super. Am Ufank duecht ech, datt dat wat hie sot eng Performance wier.

Hues Du als weiblech Kënschtlerin d'Ambitioun fir e Virbild fir aner Kënschtlerinnen ze ginn?

Ech hoffen, mee ech soen ëmmer 'gëff net wéi ech'. Wann s Du meng Plaz wëlls huelen, hëls Du se. Dat ass mir egal. Ech striewen no eppes méi Groussen. Mee wann Dir dat gefält, wat s Du bei mir héiers, fann Deng eegen Aart a Weis fir déi Energie, déi s Du bei mir gesäis, op deng eege Saach ze transposéieren. Mee imitéier mech net.

2013 hues Du méi wéi 34 Concerten an engem Summer gespillt. Ass dat néideg fir grouss erauszekommen oder ass et einfach dee Wee, deen s Du gaange bass?

Bei mir war et dee Wee, deen ech gaange sinn. CD ass aneschters wéi live. Ech sinn ee live Act. Ech stinn immens gären op der Bühn.


D'Danitsa kënnt vu Genève an huet d'lescht Joer den Debutalbum "Ego" erausbruecht. D'Rapperin gehéiert zu den Artists to Watch 2018 vum Schwäizer SRF.

Danitsa

Danitsa, däin Album heescht Ego. Ego ass a priori eppes, wat éischter eng negativ Konnotatioun huet. Mee fir Dech ass et awer eescht ...

Ech hunn den Album "Ego" genannt, well fir mech ass den Ego net onbedéngt eppes Negatives. Et hänkt dovun of, zu wéi engem Moment een e benotzt. Ego fir mech ass sech behaapten, fräi an ambitiéis ze sinn. Ech wollt ëmmer am Liewe reusséieren. Et gi Leit, déi dat als Ego kënnen interpretéieren. Mee net onbedéngt. Den Ego ass d'Behaaptung, an d'Spill sinn ech.

Hues Du ee Message deen s Du mat denger Musek vermëttele wëlls?

Am Song "Captain" wollt ech doriwwer schwätzen, datt jidderee säin eegene Kapitän vu sengem Liewen ass. Datt, wann ee muer een Dram huet, een alles soll drusetze fir en ze verwierklechen. "Captain" ass d'Determinatioun. Ech schwätze gäre vu Befreiung a vu Selbstvertrauen. Mir sinn eng Generatioun, wou d'sozial Netzwierker eis futti maachen. Et gesäit ee Biller vu Modellen, déi mat Photoshop beaarbecht goufen. An d'Leit verléieren d'Vertrauen a sech selwer. Wann ech d'Leit vu banne laache kann doen, dann ass dat dee schéinste Cadeau, deen ech als Kënschtlerin maache kann.

Wéi eng Roll spills Du als weiblech Kënschtlerin an engem majoritär männleche Geschäft? Hues du d'Gefill, datt et méi haart ass sech duerchzesetzen?

An all Milieu muss eng Fra zéngmol méi kämpfen. D'Saache verännere sech lues a lues an dat ass super. Mee déi Fro kréien ech dacks gestallt. An ech äntweren ëmmer, datt een engem Mann déi Fro net stellt. Dat heescht, et gesäit een nach eng Diskriminatioun, eng Inferioritéit vun der Fra. Ech hoffen, datt dës Fro an zwee Joer net méi existéiert. Datt jiddwereen - ob Mann oder Fra - seng Plaz an der Gesellschaft huet.


De Kelvyn Colt ass an Däitschland gebuer, mee hien ass fir seng Musekscarrière op London geplënnert. Säin éischten Album ass nom Vol benannt, deen hien dohinner bruecht huet - "LH914".

Kelvyn Colt

Firwat London?

Ech wollt op enger Plaz sinn, wou et méi Musek gëtt, déi mech perséinlech inspiréiert. (...) D'Entscheedung, fir op London ze goe war, fir Inspiratioun fir mech als Persoun an als Kënschtler ze fannen.

Deng Performance um Frauenfeld war zimlech rau a maskulin. Hues Du d'Gefill, datt een als männleche Kënschtler op eng gewëss Aart a Weis optriede muss?

Ech mengen net, datt et maskulin ass. Et ass voll mat Energie an Emotiounen. Et léisst Stress, Péng - wat och ëmmer eis Generatioun mat sech dréit - eraus. Mir loossen einfach lass a genéissen zesummen. Well d'Lidder sinn net aggressiv. Den Inhalt geet net de Stereotyppen no vu 'modern, thuggish, black men'. Et ass emotional Musek. D'Leit sprangen op an of bei menger Musek a soen 'ech wëll ufänke mat dreemen, ech war ze laang op an ech sinn dat, wat passéiert midd."

Gouf et an de leschte Joren, duerch zum Beispill Leit wéi de Frank Ocean, eng Ännerung an der Perceptioun vum Hip Hop? Oder gouf et dat nach ëmmer?

Wann ech Musek schreiwen, hunn ech net d'Zil fir Stereotyppen entgéint ze wieren. Ech hu Lidder, déi méi haart a maskulin sinn. Leit, déi mat de Grenze vum Genre briechen, gouf et nach ëmmer. A si hannerloossen ee bleiwenden Impakt. Kënschtler vu menger Generatioun oder méi jonker goufe menger Meenung no zum Beispill massiv duerch de Kid Cudi beaflosst. Leit wéi den Travis Scott, an dee beaflosst dann erëm anerer.

Et ass einfach fir mat de Stereotyppen op enger Linn ze sinn. Et ass een einfache Message. Et gëtt Leit mat klengem Selbstvertrauen vill Confort. Mee et ginn aner Leit, déi doriwwer erauskucken. Oder si hunn et selwer erlieft. An den USA ginn zum Beispill Leit erschoss an d'Leit hei rappen doriwwer.