Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Natural Form

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wäertvoll Denkustéiss a genuch Gespréichsstoff"

Assisen vun der klassescher Musek

"Wäertvoll Denkustéiss a genuch Gespréichsstoff"

Am Kader vun engem generellen Entwécklungsplang organiséiert de Kulturministère Assisë vun deenen eenzele Secteuren. No der "Musique amplifiée" an dem Theater war et en Dënschdeg, 9. November den Tour vum Secteur vun der klassescher Musek mat zwee Ronndëschgespréicher am CAPE zu Ettelbréck.

auto_stories

3 min

"Mir sinn hei fir nozelauschteren", sot d'Kulturministesch Sam Tanson ganz am Ufank, éier d'Kulturberoderin Sara Kaiser hiren "état des lieux" vun der klassescher Musek presentéiert huet: Wéi gesäit et an der Orchesterlandschaft aus, wat brauchen Ensembelen, wéi gesäit et mat der Finanzéierung aus sinn eng Rei vun Aspekter, déi d'Sara Kaiser an hirer Etud oplëscht.

De Konsens herno an de Gespréicher war, datt Lëtzebuerg generell eng ganz gutt musikalesch Grondversuergung huet.

D'Orchesterlandschaft

Generell sinn d'Assisë vun der klassescher Musek am Konsens ofgelaf, et gouf kaum schlecht Harmonien oder schaarf Téin. Dat huet sech schonn an der éischter Table Ronde gewisen, wou et ëm d'Orchesterlandschaft zu Lëtzebuerg goung. Hu mer genuch Orchesteren, Ensembelen? Hu mer der vläicht ze vill? Wéi sollen/mussen se finanziell a kulturpolitesch ofgeséchert sinn, fir gutt kënnen ze fonctionéieren?

Esouguer wann een Ament de Gedanke vun engem professionelle Kammerorchester op Tapéit koum - wat géif bedeiten, datt béid existent Orchesteren an där Dimensioun vläicht kéinte verschwannen - war e sech schëtzeg eens, datt all Orchester/Ensembel seng Roll spillt a keen deem aneren d'Gebeess vun der Schmier hëlt.

De Georges Santer, President vum Orchestre de Chambre du Luxembourg, huet an enger Wuertmeldung e Punkt opgegraff, deen dacks ënnerschat gëtt: Een Orchester fonctionéiert net just mat Museker, mee brauch och eng performant Administratioun. An do gëllt et de Spagat ze maachen tëschent dem Benevolat a professionelle Strukturen.

Professionalitéit am Secteur

Professionalitéit am Secteur war ëmmer erëm een Thema. D'Kulturministesch Sam Tanson huet an dem Kontext drop higewisen, datt eréischt viru kuerzem den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek United Instruments of Lucilin professionaliséiert gi wier, an d'Kulturpolitik hätt domadder hir Aufgab gemaach: "Mir sinn ze kleng, fir eis x professionell Orchesteren ze erlaben."

Aus de Wuertmeldunge war allerdéngs ze verstoen, datt vill Ensembelen net onbedéngt wëlle professionell ginn, mee vun der Kulturpolitik déi néideg Garantië kréien, fir kënne stabil, sécher an optimal ze fonctionéieren, ze programméieren.

Ëm de Volet vum professionelle Museker goung et an engem zweeten Debat. Hei gouf schëtzeg festgestallt, datt d'Definitioun vum Beruff komplex wier an zum Beruff och zum Beispill den Enseignement musical zielt, deen an den Assisë keng Roll gespillt huet. Dobäi gouf däitlech, datt grad an der klassescher Musek, d'Educatioun an de Beruff am Fong bal net ze trenne sinn.

De Marc Meyers, den Direkter vum Stater Conservatoire, huet de Profil vum moderne klassesche Museker als "cultural entrepreneurship" definéiert. Et geet net méi just duer, gutt ze spillen, et muss e sech och "verkafe" kënnen.

Fir d'Kulturministesch Sam Tanson waren et um Enn vun dësen Assisë "wäertvoll Denkustéiss a genuch Gespréichsstoff, fir weider ze diskutéieren".