Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wäit ewech vun Endzäitstëmmung

Gruff Rhys - Seeking New Gods

Wäit ewech vun Endzäitstëmmung

Zanter senger Zait als Frontmann bei de Super Furry Animals steet de Waliser Gruff Rhys fir Feel-Good Musek mat psychedeleschem an heiansdo nodenklechem Aschlag. Seng nei Plack "Seeking New Gods" ass bis zum Platze gefëllt mat accessiblen Hooks an interessanten Twists

auto_stories

3 min

Dem Gruff Rhys seng nei Plack erzielt vun det Welt haut an, elo. Vu Konservatismus als Reaktioun op onsécher Zäiten, vum Festhalen u Sécherheeten, déi keng sinn, vum Erauswuessen iwwer d'Sich no enger féierender Hand. "Fools will welcome plagues as blessings, seeking new gods," sengt hien um Titeltrack, kloer a ferm a sengem Encouragement, sech selwer an anerer net ze séier opzeginn.

Wäit ewech vun Endzäitstëmmung

Als Sänger vun de Super Furry Animals huet een de Rhys als psychedelesch-verspilltene Paradiesvull an Erënnerung, deen eemol an engem eenzege Song 50 Mol dat béist F-Wuert benotzt huet. Iwwer d'Joren ass aus charmanter Opleenung géint alles, wat gro a langweileg ass, eng gedëlleg Weisheet gewuess, déi op méi rezente Placke vun der Band, an op senge Soloplacken duerchschléit. Seng lescht, deels op walisesch geschriwwen, huet bal pastoral Themen an de globale Kontext gesat a Brécke gebaut tëscht der berouegender Gebuergenheet vun deem, wat eis no ass, an der globaler Verantwortung an enger connectéierter Welt. E klengt Meeschterwierk vum Chamber Folk, hat de Guardian d'Plack bewäert.

Och op "Seeking New Gods" ass de Rhys als Songwriter a Form. Déi optimistesch Hooks, fir déi hie bekannt ass, ertéinen um Album-Opener Mausoleum of my Future Self mat schwéngendem Piano, Gittar an hellen Trompetten, wäit ewech vun all Endzäitstëmmung, déi sou munch ee Museker am Moment zu méi facile Statements verleet.

Ee klore Kapp an een oppent Häerz behalen

Wat Ufanks e bëssen traditionell an ornamentéiert erschéngt, wiisst séier eng gewëssen iwwerscheinend Labberheet, déi den Texter hire Ruff no roueger an autonomer Verwandelung glafhaft ënnerstëtzt. Psychedelesch Elementer wéi spannend etheresch Synthesizer a Chouerstëmmen déngen hei net dem Spaass, der Opreegung oder der Weltflucht, mee verspreeën, wéi op "Can't Carry On" éischter Matgefill an Trouscht. Vu Vulkaner an neien tektoneschen Alignementer erzielen d'Songs, vum Wanderen ënner Blëtzer a vun der Wichtegkeet, ee klore Kapp an een oppent Häerz ze behalen.

Op dem wonnerbare "Loan Your Loneliness" kënnt puren Optimismus duerch, deen dem "Grace under Pressure"-Thema vun der Plack liicht a lëfteg Forme gëtt. Iergendwou tëscht Ringo Starr, Brian Wilson a Richard Dawson fënnt de Rhys ëmmer deen Toun, deen den Nolauschterer direkt uschwätzt. Hei ass kaum artistesch Pretentioun erauszehéieren, kee Song sicht, ze beandrocken, an iwwer d'Kucke vu sengem eegene Bauchnuebel ass de Rhys op charmant Manéier erhaben.

Um Enn ass "Seeking New Gods", mat senger labberer Metaphysik an zeréckgehalene Fauvismus ee waakregen an agreabelen Album, deen d'Zäiten net nëmme beschreift, mee mat ganz vill Fangerspëtzegefill Äntwerte proposéiert. Den Adage, datt haart Zäiten no haarde Moossname verlaangen, kontert "Seeking New Gods" mat engem midde Schmunzelen, dat schnell zu engem virsiichtegen, mee prallen optimistesche Laachen eruwiisst. Onopfälleg, mee derwäert.