Radioen

On air

De Moien  |  The Disliked - Possessed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat erwaart een um Screaming Fields?

Rock a Pop

Wat erwaart een um Screaming Fields?

auto_stories

5 min

Et gëtt keng besser Plaz fir nei, jonk Talenter z'entdecken, wéi de Screaming Fields Festival. De 15. Juli trieden aacht jonk Gruppen oder Solo-Museker an der Rockhal op. Selektionéiert goufe si duerch ee Voting, respektiv vun engem Jury. D'Equipe vum Rocklab huet déi jonk Musekerinnen a Museker an de leschte Wochen encadréiert, fir si op den Optrëtt virzebereeden. Um radio 100,7 krute si eng Plattform, fir sech an hir Musek virzestellen. D'Interviewe kënnt Dir hei lauschteren.

Mc Maz

Eréischt zënter leschtem Dezember rappt den Thomas Faber "offiziell". Virdrun hätt hien dat just doheem am Keller gemaach. Englesch ass éischter ongewinnt fir Lëtzebuerger Hip Hop-Kënschtler. "Englesch ass eng Sprooch, déi mir läit. Ech hu fréi ugefaange Musek op Englesch ze lauschteren a matzesangen."

A senge Texter beschäftegt hie sech mat gesellschaftleche Froen. Awer och d'Konscht u sech wier en Thema, erkläert de Mc Maz. Beats mécht hie selwer keng, dofir hätt hie Leit vu sengem Label "Stoned Control Records".

Mc Mazplay_arrow


Karma Catheter

Karma Catheter geet et virun allem drëm, datt d'Leit um Concert "1 nice Experienz" hunn. "Mir wëllen de Grunge net sou ausféiere, wéi e war. Mee d'Haaptiddien, ouni politeschen Hannergrond an den Texter, ëmsetzen."

Schonn dräi Deeg nodeems d'Band gegrënnt gi war, huet d'Gittaristin Karma e Gig organiséiert. "Mir hate keen Numm, kee Stil, guer näischt ..." Bannent sechs Wochen huet d'Band dunn e Set op d'Been gestallt. Doropshin hu si och decidéiert, beim Screaming Fields matzemaachen.

Karma Catheterplay_arrow


Seekers

Alternative Rock a Punk sinn déi zwee Polen tëschent deenen d'Musek vu Seekers oszilléiert. Seng Texter sinn op Romanze baséiert, seet de Sänger Fabio. "Ech probéieren et ëmmer méi kreativ ze gestalten. Mat enger Story. Ech probéiere mech a sou vill Rolle wéi méiglech ze versetzen an dann doriwwer ze schreiwen."

Nieft dem Screaming Fields spille Seekers dëst Joer och um Food For Your Senses. Zu Lëtzebuerg géif et keng Rivalitéiten a Konkurrenz tëschent de Bands ginn, ënnersträiche si.

Seekersplay_arrow


Shadows of November

Shadows of November leeë Wäert op d'Texter. Dat wier de Grond, firwat hir Musek éischter soft ass, erkläre si. Donieft wéilte si deenen zwou fragille Fraestëmme genuch Plaz loossen. An hire Lidder géife si perséinlech Erfahrunge verschaffen.

Un éischter Plaz kënnt fir d'Musekerinnen an d'Museker virun allem de Spaass an d'Zesummesinn. Trotzdem hu si d'Hoffnung, fir iergendwann kënne vun hirer Konscht ze liewen.

Shadows of Novemberplay_arrow


The Kooters

"Mir soen ëmmer Psycho-Grunge", sou d'Kooters iwwer hir Musek. Déi hätt hir Wuerzelen zwar an de 60er, hätt awer den Usproch aktuell ze sinn. "Mir si modern retro."

D'Kooters hu sech schonn eng gewëss Renommée zu Lëtzebuerg erspillt. Si si bekannt fir hir impulsiv Concerten. "Mir wëllen eis Bühneshow net plangen", ënnersträicht d'Bassistin Anna. "Mir wëllen dat alles op eis duerkomme loossen. All Concert ass anescht." Alkoholesch Aflëss géifen et nach bësse méi fräi maachen.

The Kootersplay_arrow


Zero Distortion

"Mir hunn eréischt ganz rezent ugefaangen zesumme Musek ze maachen", erklären de Léonard an den Antoine. "Mir hu gär Musek, déi et erlaabt ze reesen. Awer mir danzen och gär an ameséieren eis." Dat géife si an hirer Musek wëllen ëmzesetzen.

Dobäi probéiere si, déi festgetrëppelt Weeër vun der elektronescher Musek z'evitéieren. Zum Beispill géife si Instrumenter wéi d'elektronesch Gittar integréieren. Datt Zero Distortion beim Screaming Fields matmaachen dréit schonn éischt Friichten: D'Rotonden hu si fir Congés Annulés gebucht.

Zero Distortionplay_arrow


Legacy Of Atlas

"Metal, Metalcore, Hardcore, iergendeppes an där Aart", sou Legacy of Atlas iwwer hir Musek. Bei der Editioun 2017 vum Screaming Fields si si déi eenzeg Vertrieder vum haarde Regëster. De Sänger Fabien wier den Zentrum vun der Band. Hien hätt wéilten eng méi haart a modern Versioun vu Limp Bizkit maachen. Um Enn géife si allerdéngs dat maachen, wat aus de Fanger kënnt, erklären d'Museker.

"Mir schreiwen ni direkt. Mir schreiwen ni iwwert ee spezifesche Problem, deen eis dee Moment interesséiert", erkläert de Gittarist Yannick. Et wier wichteg, datt jiddereen eppes Eegenes kéint an hir Musek interpretéieren.

Legacy Of Atlasplay_arrow



The Choppy Bumpy Peaches

"Space Rock", sou bezeechnen The Choppy Bumpy Peaches hir Musek. No enger éischter EP schaffe si momentan un engem Longplayer. Si leeë Wäert drop, datt hiren Drummer net mat Metronom spillt. "Doduerch si mir méi fräi wéi aner Gruppen. Wann een eis live kucke kënnt, kann et duerchaus sinn, datt d'Lidder net ëmmer d'nämmlecht kléngen."

Den Ausgankspunkt fir Lidder kann aus engem Buch, engem Artikel oder engem Film kommen. Awer och perséinlech Geschichte fannen hire Wee an d'Musek. Hautdesdaags kéint een och politesch a gesellschaftlech Phänomener net ignoréieren. Heiansdo misst een och dozou an der Musek Stellung huelen, sou d'Band.

The Choppy Bumpy Peachesplay_arrow