Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Jim Cain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Wat fréier alles net besser war

The Good, the Bad and the Queen

​Wat fréier alles net besser war

De Brexit steet virun der Dier. The Good the Bad and the Queen hunn hir Impressiounen zum Thema d'lescht Joer op "Merrie Land" kënschtleresch zum Ausdrock bruecht. Den Damon Albarn, ex-Frontmann vu Blur a Kapp hanner Gorillaz, an de Paul Simenon, Punk-Rocker vun der éischter Stonn, erkläre firwat England haut op si wéi ee "Merrie Land" wierkt, en almoudescht Lala-Lulu-Land.

auto_stories

2 min

"All déi räich Leit vun Eton (eng Eliteschoul and England), déi elo eist Land regéieren an hir Usiichten, hu mir probéiert op dëser Plack an abstrakt Ablécker ze verwandelen", seet den Damon Albarn. "Et ass eng Aart imaginéiert Géigewaart voll mat surrealisteschen Elementer."


Eist Gespréich mat The Good, the Bad and the Queen:

Lauschterenplay_arrow


D'Iddi vu wou een hierkënnt, wier e wichtegt Thema um Album. D'Englänner misste sech d'Fro stellen, ob si den europäeschen Optimismus deele wéilten, oder léiwer zum 53. Bundesstaat vun de Vereenegte Staate wéilte ginn. Dem Paul Simenon sinn als fréiere Bassist vun The Clash politesch Sujeten net friem. Hie gesäit den Album als eng Kritik un der Nostalgie. "Déi Iddi, datt d'Saache fréier besser waren. Mee dat ass just de rosa roude Brëll. (...) Ech si ganz houfreg op dës Plack, déi vill seet iwwer dat, wat mir sinn, vu wou mir hierkommen, a wat mir denken."

"De Referendum war eng ganz ongeschéckt Manéier fir mat der britescher Psyche ze kommunizéieren. A well et ongeschéckt war, ass et elo ee richteg groussen Duercherneen", seet den Albarn. D'Reaktiounen op den Album wiere besonnesch um Kontinent an an Irland immens positiv gewiescht. An England waren d'Echoe méi zeréckhalend: "Vläicht hale mir de Leit dofir dann awer ze vill e Spigel vir."

Op d'Fro, ob The Good, the Bad and the Queen geschwënn eng weider Plack wäerte maachen, seet dem Albarn säi Gesiichtsausdrock esou eppes wéi "Maach emol lues, Männi" ... An duerno, mat engem klenge Grinsen: "It's not career".

De Luxus, sech seng Projeten eraussichen ze kënnen, hunn d'Membere vum Supergrupp sech alleguer scho laang verdéngt. Gorillaz an Africa Express beschäftege meng zwee Gespréichspartner. Iwwerdeems gehéiert de Batteur Tony Allen als fréiere Member vum Fela Kuti senger Band zu deene Gefrotesten am Business, an de Gittarist Simon Tong spillt och bei The Magnetic Noth.

De 15. August waren The Good, the Bad & the Queen fir e Concert am Atelier. Den Damon Albarn kënnt iwwregens d'nächst Joer zeréck op Lëtzebuerg fir an der Philharmonie iwwer eng vu senge Liiblingsplazen ze sangen: Island. Rendez-vous de 29.5.2020, Froe stellen am Moment nach verbueden!