Radioen

On air

Kultur um 5  |  D‘Lara Grogan bréngt hiren éischten Album eraus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kléngt Heemwéi?

Kultur um 5

Wéi kléngt Heemwéi?

Autofiktioun nennt een e literaresche Genre, bei deem sech Erfonntes a perséinlech Erfarunge méiglechst artistesch a spannend matenee verbannen. Eng Vertriederin vun deem Genre ass zum Beispill déi franséisch Schrëftstellerin Annie Ernaux déi dëst Joer mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf.

auto_stories

3 min

Och Museker:inne versichen sech gär an deem Exercice, sou zum Beispill d'Agnès Gayraud, alias La Féline, déi an hirem leschten Album "Tarbes", deen de 14. Oktober erauskoum, där Stad an där si opgewuess ass en Hommage komponéiert huet.

An dräizéng ganz ënnerschiddlech Lidder, tëscht Chanson, Disco an alternativem Rock, mécht si en Tour duerch d'Tarbes vun haut, vun der Place de Verdun iwwer d'Quais de l'Adour bis bei de Marché Brauhauban. Si schreift awer och e Lidd fir d'Jeanne d'Albret, eng vun den zentrale Figure vun de Reliounskricher aus dem 16. Joerhonnert: "De ta victoire, il ne reste plus qu'un vent de peine", sou der Féline hire battere Bilan.

"Tarbes" ass eng ganz ontypesch Plack, méi no um vertounten Theaterstéck wéi um Popalbum, an dat passt, well La Féline och en ontypesche Parcours huet. Nieft hire mëttlerweil véier Alben, huet si nämlech och nach en Doktertitel an der Philososphiegeschicht opweises.

Ausserdeem schafft si als Journalistin fir Libération a Philosophie Magazine. Et ass en absolutten Tour de Force aus engem nostalgeschen Trëppeltour duerch eng franséisch Stad no bei der spuenescher Grenz esou en ofwiesslungsräichen an souguer deelweis danzbaren Album ze maachen.

De Bléck op säi Bannenzegt

Och dem brittesche Museker Jarvis Cocker, Joergank 1963 a bekannt als Frontmann vun der Band Pulp, stoung de Sënn no Introspektioun. Hien huet e Bléck a säi Bannenzegt gewot, oder besser gesot an d'Kartongskëschten, déi zanter Joerzéngten op sengem Späicher stoungen.

Doranner huet hien d'materiell Spuere vu senger Kandheet a Jugend fonnt, seng futtis Brëller, seng Second-Hand-Hiemer, awer och seng Hefter, an deenen hie sech schonn als Teenager ganz genee ausgemoolt huet, wéi déi Band sollt heeschen, ausgesinn a kléngen, mat där hie sécher eemol géif berüümt ginn. Wat beweist, datt een Erfolleg duerchaus plange kann, wann een nëmme fréi genuch ufänkt, an engagéiert derbäi bleift.

Wäert a Bedeitung: Eng Fro vu Kontext

Datt dat net just anekdotesch ass, läit virun allem och un der uspriechender Opmaachung vum Buch. D'Objeten an hir Geschichten si mat vill Léift an Zeen gesat, egal wéi onwichteg se objektiv sinn, well och e Stéck Knätsch kann an deem richtege Kontext e Liewe veränneren.

An dat ass eben dat Interessant un der Approche, souwuel vu La Féline, wéi och vum Jarvis Cocker: de Wäert gëtt bestëmmt duerch d'Bedeitung, déi eng Plaz oder eng Saach huet, duerch Erliewen an Erënnerung.

"Du kanns net méi heemgoen", sou huet den amerikaneschen Auteur Thomas Wolfe ee vu senge Romaner genannt, well Plazen a Mënschen sech veränneren - wann ee sech gutt uleet, kann een de Wee zeréck awer dokumentéieren an doraus esouguer Konscht maachen.