Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi vill Päife sinn an der Philharmonie?

Hanner de Kulissen

Wéi vill Päife sinn an der Philharmonie?

auto_stories

2 min

Am grousse Sall vun der Philharmonie hänkt an der Mëtt vun der Mauer hanner der Bühn eng imposant Concertsuergel. Architektonesch ass se esou konzipéiert, datt se de Raum zwar definéiert, him awer net d'Show hëlt. Dat wier allerdéngs och anescht gaangen: D'Uergel huet nämlech vill méi ze bidden, wéi déi puer Päifen, déi ee vum Raum aus gesäit. Den Titularorganist vun der Philharmonie Maurice Clement gëtt en Abléck an d'Banneliewe vum Instrument.


Dir wëllt d'Uergel emol an Aktioun erliewen? De Maurice Clement gëtt eng Improvisatioun zum Beschten.


Iwwer d'Uergel gëtt et natierlech méi ze verzielen, wéi dat, wat am Video konnt verschafft ginn. Lauschtert déi ganz Visite guidée duerch d'Uergel mam Maurice Clement.


Déi komplett Féierung duerch d'Uergelanlag vum Maurice Clement:

Lauschterenplay_arrow

  • 00:00 Wéi kënnt een an d'Uergel?
  • 00:30 De Computerraum mam Blosballeg
  • 02:32 D'Geschicht vun der Uergel 1 + Fonctionnement
  • 06:18 Zougang zum Päiferaum
  • 06:56 Pedalpäifen
  • 08:14 Déi verschidde Päifen
  • 09:08 Mechanik 1
  • 09:41 Wellebriet 1 + D'Geschicht vun der Uergel 2 (10:26)
  • 12:14 Dat monotnont Liewe vun enger Päif
  • 13:18 Den Zougang an de grousse Sall
  • 14:02 Architektur vum grousse Sall
  • 15:08 "E klengt Geheimnis"
  • 16:11 Päifen am Prospekt
  • 16:46 Akustik + D'Geschicht vun der Uergel 3
  • 20:07 Déi éischt Concertsuergelen
  • 21:32 D'Concertsuergel an der Philharmonie: Eng Universaluergel
  • 22:09 D'Roll vum Titularorganist an der Philharmonie
  • 24:53 De Repertoire vun der Concertsuergel
  • 25:09 Technesch Spillhëllef
  • 25:56 Unique an Europa: Schwelleren an de Schwelleren
  • 26:39 De Wand-Regulator
  • 28:18 De Wand-Regulator an Aktioun: György Ligeti - Etude Nr.1 Harmonies