Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 68 an duerno

68-Beweegung

68 an duerno

Wat bleift vun 68? An de leschte Joren ass eréischt kloer ginn, wéi global de Phenomen 68 war, och op der anerer Säit vun der Mauer, och an den Entwécklungslänner. Global, awer och, wéi een Historiker dat ausdréckt, intensiv lokal. Mee wéi ass et no 68 weidergaangen? Wat war am Réckbléck op 50 Joer '68? Op déi zwou Froen e puer kuerz Äntwerten am Hibléck op Däitschland a Frankräich vum Thierry Simonelli.

auto_stories

5 min

Ech hat dës Serie mat der Fro "Wat war 1968?" ugefaangen. An der leschter Episode wollt ech nach emol kuerz op déi Fro zeréck kommen. Eng Fro, op déi et selbstverständlech och 50 Joer duerno, zumindest fir d'Historiker, keng definitiv Äntwert gëtt. Selbstverständlech ginn et och nach politesch Aktiviste vun deemools, fir déi 68 just eng eenzeg méiglech Bedeitung hat, an nach ëmmer huet.

Geheie mer fir d'éischt nach en kuerze Bléck dorop wéi d'Evenementer an d'Beweegunge vun 68 aus- oder weidergaange sinn. Kucke mer also ganz séier wéi et a Frankräich an an Däitschland weider gaangen ass.

D'Beweegung a Frankräich...

A Frankräich, liest een oft, waren d'Revolte vun 68 wuel vun alle Länner am intensiivsten, mee och am kierzten. Dat stëmmt natierlech net ganz wann een un de Prager Frühling denkt. Wat am Frankräich Mee ugefaangen huet an den 10. Mee schonn op den Héichpunkt koum, war e Mount duerno schonn eriwwer. Ze soen, datt d'Mouvementer vun 68 sech op deen annerhallwe Mount limitéiere wier natierlech falsch. Et huet scho laang virdru rumouert, an och duerno wéi d'Manifestéiere Mëtt Juni verbuede gouf, war domat längst net alles eriwwer.

Op der Säit vun de Studenten, grënnen de Mouvement du 22 Mars, mat deem alles ugefaangen hat, mat maoistesche Membere vun der Union des Jeunesses Communistes eng nei politesch Associatioun: d'Gauche Prolétarienne. Wéi am klassesche Marxismus-Leninismus an am Trotzkismus sollt hei eng intellektuell Avantgarde entstoen, déi d'Aarbechter zu hirem richtege revolutionäre Klassebewosstsin féiere sollt.

D'Interventioune vun dëse Gruppe goungen ni iwwert Sabotageakten eraus. Zur systematescher Gewalt, wéi an Däitschland koum et am Frankräich net. Awer dofir koum et 1970 zu engem neie Gesetz, vun deem mir haut nach oft héieren: der loi anti-casseurs.

Méi dauerhaft waren d'Efforten eng Géigenëffentlechkeet ze schafen, mat verschiddenen Zeitungen, notamment der Libération - déi et haut nach gëtt - a bei där de Jean-Paul Sartre Matbegrënner war.

Et kënnt ee soen, datt een Deel vun der 68er-Beweegung sech vum Stroossekampf op en diskursive Kulturkampf deplacéiert huet.

...an an Däitschland

Och an Däitschland , wou d'Evenementer eigentlech scho richteg nom Mord vum Benno Ohnesorg am Juni 67 lass gaange waren, goungen d'Entwécklungen no 68 a ganz vill verschidde Richtungen.

Déi erschreckenst dovun ass d'RAF - d'Rote Armee Fraktion - déi offiziell 1970 gegrënnt gouf. No der ufänglecher "Gewalt u Saachen", déi nach vu ville Vertrieder vum SDS - dem Sozialistesche Studentebond an hirem Spriecher dem Rudy Dutschke - toleréiert gouf, koum et an de 70er Jore systematesch zur Gewalt un de Leit: Entféierungen, Muerd, an honnerte vu Verletzer. D'Membere vun der RAF hunn d'Iddi vun der provozéierender Staatsguerilla, bis an hir lescht brutal, an déidlech Konsequenzen iwwer dräi Generatiounen, bal 30 Joer laang duerchgezunn.

De "laange Marsch duerch d'Institutiounen", och dës pazifistesch Iddi staamt vum Rudi Dutschke, war eng vun den aneren Orientéierungen. Doduerch sollt e gewaltlose Prozess vun der Revolutioun vum System vu bannen eraus initiéiert ginn.

An de Wieder vum Dutschke sollte "Permanenzrevolutionnäre" an déi gesellschaftlech, ekonomesch a staatlech Institutiounen era goen an do vu bannen "de Butteck an Onuerdnung bréngen".

Eng Variant vum Marsch duerch d'Institutioune war natierlech den Zesummeschloss vu lokalen Emweltschutzparteien Enn de 70er Joren zu der Partei vun de Gréngen. De Rudi Dutschke selwer hat sech nach kuerz viru sengem Doud fir déi Gréng begeeschtert, a sollt als Delegéierten zum Grënnungskongress vun der Partei 1980 deel huelen.

Widdersprëch

Kucke mer eis elo zum Schluss e puer widderspréchlech Interpretatioune vun 68 un.

Ech hat schonn an enger viregter Emissioun vun den Differenzen tëscht de Studenten an hire Virdenker, den Philosophen, Soziologen a Psychoanalytiker vun der Frankfurter Schule geschwat. Werfe mer also e Bléck op d'Onstëmmegkeeten a Frankräich.

Fir de Journalist a Syndikalist Jacques Julliard war 68 e Mouvement vum revolutionäre Syndikalismus. Fir de Schrëftsteller Philippe Sollers, op der Linn vum PC, war et eng weider Inkarnatioun vun der marxistesch-leninistescher Revolutioun.

De Soziolog Alain Touraine huet sengersäits an 68 d'Gebuertsstonn vun enger neier sozialer Beweegung gesinn.

Méi originell, awer och méi erstaunlech gëtt et mam Raymond Aron, ëmmerhin ee vun de wichtegste franséische Soziologe vum 20. Joerhonnert.

A sengem Buch mam provokanten Titel "La révolution introuvable", beschreift den Aron 68 als "accès de fièvre", als "psychodrame", als "tragi-comédie" an als "immense défoulement".

Raymond Aron : Biologesch a soziologesch Grënn fir d'Evenementer vun 68

Fir d'Evenementer vun 68 gëtt et nom Aron zwou Zorte vu Grënn: biologescher - déi Jonk mussen hir Agressiounstrieber defouléieren - a soziologescher - well sinn an enger Gesellschaft vun Individue liewen, versiche si mat hiren Opstänn en Zougehéieregkeetsgefill ouni Sënn an Zwecker ze produzéieren. Et freet ee sech bal op de Professer déi ganz Period mat Stëpp an den Oueren duerchlieft huet.

Fir ofzeschléisse wëll ech d'Wuert der Historikerin Ludivine Bantigny loossen, déi zum Schluss vun hirer beandrockender Recherche iwwert 68 schreift:

"Il n'y a pas une vérité de l'événement: mouvement social, grève générale, aspiration à la révolution. [...] Car s'il y a peu de pertinence à enfermer 1968 dans un seul sens, du moins a-t-il une direction: faire du politique une chose partagée, le bien commun de toutes et de tous, où chacun peut s'exprimer, délibérer et décider. [...] 1968 reste une source d'inspiration; on ne la voit pas se tarir."

An domadder wëll ech dësen Iwwerbléck iwwer 68 ofschléissen...