Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Drums - Plastic Envelope

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ 170 Polizistinnen a Poliziste goufe vereedegt

Policeschoul um Findel

170 Polizistinnen a Poliziste goufe vereedegt

Eng vun de gréisste Promotiounen, déi d'Police jee agestallt huet, heescht et vum Generaldirekter vun der Police. 170 nei Polizisten a Polizistinne goufen an der Policeschoul um Findel vereedegt. Dorënner ware 45 Fraen.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

Duerch dës Vereedegung kéinten d’Policeunitéite fir d’éischte Kéier zënter laangem reell verstäerkt ginn. Ëm ronn 90 Beamten, esou och de Léon Gloden. De Minister huet ugekënnegt, datt weider massiv soll rekrutéiert ginn, wat de Philippe Schrantz, Generaldirekter vun der Police, begréisst.

"Och nom Recrutement extraordinaire, huet d’Regierung sech ënnert dem Impuls vun eisem Minister Léon Gloden fir ee weidere konsequente Recrutement ausgeschwat. "

Ouni zousätzlech Leit kéint d'Police deene ville Missiounen net gerecht ginn, betount de Philippe Schrantz.

An de Gemenge Lëtzebuerg an Esch soll “hoffentlech nach virum Summer” ee Pilotprojet vun enger Gemengepolice lancéiert ginn. D’Erkenntnisser aus der Praxis soll spéider an ee Gesetz afléissen, esou d’Annonce vum Minister.

Neit Material an Infrastrukturen

Eng modern Police bräicht och neit Material an nei Infrastrukturen, grad wéi een adequate gesetzleche Kader, huet de Léon Gloden erkläert.

"Mir wäerten d’Reglementatioun vum Visopol iwwerschaffen, mir wäerten de Plazverweis renforcé aféieren, mir wäerten eng nei Base légale fir d’Policereglementer vun de Gemengen aféieren, mir wäerten ee Gesetz iwwert Rassemblement aféieren."

De Léon Gloden huet donieft ugekënnegt, datt déi automatesch Erkennung vun den Nummereschëlter vu Gefierer soll agefouert ginn. D’Bodycamme fir d’Poliziste solle spéitstens Ufank 2025 kënnen agesat ginn.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft