Radioen

On air

Notturno  |  Hamid El Shaeri - Reet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beim Schlag zielt all Sekonn

Sot emol

Beim Schlag zielt all Sekonn

Häerzkreeslaf-Krankheeten zielen zu den heefegsten Doudesursaachen zu Lëtzebuerg. Donieft ass den Hiereschlag d'Haaptuersach vu Behënnerungen. Zu Lëtzebuerg erleiden all Dag véier Persounen en Hiereschlag.

auto_stories

4 min

D'Associatioun Blëtz leet op Präventioun an der richteger Reaktioun am Fall vun engem Hiereschlag. D'Asbl ass 2013 vun enger Fra gegrënnt ginn, déi selwer een Accident Vasculaire Cérébral (AVC) gemaach huet. 2007 huet een Hiereschlag si wéi de Blëtz getraff an hiert Liewen huet sech drastesch verännert.

D'Chantal Keller war zu Amsterdam an der Vakanz mat hirer Famill, souz am Restaurant, wéi hiert Glas hir einfach aus der Hand gefall ass. Si huet näischt drop ginn, den Dag duerno ass si an der Dusch ëmgefall. D'Diagnos war een Hiereschlag an een Häerzinfarkt.

Dunn ass e laange Wee vun der Reeducatioun ugaangen. Déi Eischt Reegel bei engem Schlag ass: beim Schlag zielt all Sekonn, seet d'Chantal Keller:

"TIA sinn d'Warnzeeche virun engem kommenden Hiereschlag. Hei war Owes ëm 9 Auer a mueres ëm 10 Auer hunn ech den Hireschlag gemaach. Et weess een, datt et ka bis zu enger Woch daueren, bis den Hiereschlag nokënnt. Dat heescht, esoubal eng Persoun, déi net méi ka schwätzen, oder den Aarm, d'Been net méi ginn - do ass et dacks bei Fraen esou, et ass hinnen net gutt, ouni dat se kënne soen wat ass - mee do ass et fir direkt an d'Spidol. Dat ass e kuerze Moment, dat ass alles net schlëmm, nee falsch, falsch, falsch, Alarm, Alarm, Alarm, an d'Spidol. Well all Neurolog weess, dat ass een TIA-Zeechen, an do muss een an d'Spidol".

Ee schwéiere Wee

Zu Lëtzebuerg erleiden all Dag am Duerchschnëtt véier Leit een Hiereschlag. Fir déi Betraffen, déi ee Schlag iwwerliewen, ass déi uschléissend Reeducatioun dacks eng laangwiereg a batter Affär.

Mat engem Schlag verléieren déi Betraffen ee groussen Deel vun hirer Selbststännegkeet a ginn dacks ofhängeg. Fir Familljen a Léiwer vun de Betraffenen ass de Wee genee esou e schwéieren, seet d'Chantal Keller:

"Well, fest steet: Egal a wéi engem Alter - ee Schlag ass eng Diagnos, déi dat ganzt Liewe verännere kann. Vun engem Moment op den aneren ass alles anescht. Wann ee vum Schlag betraff ass, ass näischt méi wéi et virdru war. Fir déi Betraffen, mee och fir d'Famill an d'Frënn ännert sech vun haut op muer alles. Do kann ee kengem e Virworf maachen, dat ass wierklech eng ganz, ganz schwéier Situatioun".

Risikofacteuren

Nieft Diabetis ass héije Bluttdrock den éischten Risikofacteur fir een Hiereschlag ze maachen. Ob a wéini ee vum Schlag getraff ka ginn, ass ongewëss.

D'Chancen, de Schlag ouni grave Schied ze iwwerstoen, falen no véier Stonnen. Dofir ass et wichteg, datt ee séier handelt.

Wéi fillt sech den Hiereschlag un? Kann een eppes maachen, fir en ze evitéieren? A kann een nom Schlag nach ee normaalt Liewe féieren? Ee klénge Bluttstau am Gehier, deen enorm Konsequenzen op de Rescht vum Liewe kann hunn.

Preventioun an Ënnerstëtzung

D'Preventioun fuerderen, mat Rot an Dot Mënschen, a Nostoende vu Betraffener, déi ee Schlag erlidden hunn, zur Säit stoen, deem huet sech déi Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag, Blëtz Asbl verschriwwen.

Wichteg ass, a bleift, d'Symptomer vun engem Schlag gutt ze erkennen, an dann och séier reagéieren ze kënnen. Wéi grouss de Risiko ass, e Schlag ze maachen, dat kann ee mat engem ganz einfache Froebou schonn erausfannen. Informatiounen fannt dir op bletz.lu.

Villes geet net méi

Der Chantal Keller geet et haut gutt, och wa si gutt a schlecht Deeg huet, heiansdo nach Wieder net fënnt.

Ier si hiren Hiereschlag gemaach huet, war d'Chantal Keller Infirmière, huet lëtzebuergesch Coursen gehalen a Kannerbicher geschriwwen. Dat geet zanter dem AVC net méi. Liese geet och net méi, Lauschterbicher ersetzen awer fir si de Pleséier net e Buch unzepaken an dran ze bliederen.

Trotzdeem dréit si Positives vun hirer Experienz mat ewech, zum Beispill d'Asbl déi entstanen ass, d'Léift an d'Gedold, déi si vun hirem Partner an hire Kanner krut, an de Fait, datt si elo gäre Mënschen hëlleft, dat ass fir si dat Allerwichtegst.