Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Europaparlament an de politeschen Ëmgang mat der Geschicht

Zäithistoriker

D'Europaparlament an de politeschen Ëmgang mat der Geschicht

D'Geschicht ass ëmmer erëm fir politesch Zwecker benotzt ginn. Dat weisen och rezent Beispiller an der EU. D'Europaparlament huet viru Kuerzem eng Resolutioun ugeholl, déi duerch hir Aussoen net zu enger kritescher Ausenanersetzung mat der Vergaangenheet bäidréit. Wat genee problematesch un dëser Resolutioun ass, dat verréit den Zäithistoriker Fabio Spirinelli.

auto_stories

5 min

A sengem Buch "Der umkämpfte Krieg" (2018) huet de Pawel Machcewicz, fréieren Direkter vum Musée vum Zweete Weltkrich zu Gdańsk, d'Virgeschicht vun dësem Musée nogezeechent an d'Versich vun de rietspopulistesche Kreesser a Polen, hir nationalistesch Visioun opzedrécken.

2017 gouf de Machcewicz vun der polnescher PiS-Regierung entlooss. Amplaz vun enger Erzielung, déi den Zweete Weltkrich an en europäesche Kontext setzt a sech op d'Zivilbevëlkerung konzentréiert, wollt déi nationalistesch Regierung léiwer eng Glorifizéierung vun der Vergaangenheet an eng kollektiv Viktimiséierung vum polnesche Vollek. Dobäi publizéiere polnesch Historiker schonn zanter Joren Texter, déi esou enger Visioun widderspriechen.

Wäit ewech vun enger kritescher Resolutioun

An all Krich ginn et Affer mat verschidden Erfarungen; et gi Leit, déi sech fir eppes asetzen; et gi Profiteuren. E Vollek ass a senger Gesamtheet weder onschëlleg nach responsabel. Mat enger Resolutioun, déi dat europäescht Parlament den 19. September mat enger grousser Majoritéit vum rietsextreme bis lénke politesche Spektrum ofgestëmmt hat, si mir allerdéngs wäit ewech vun enger kritescher Reflexioun iwwer d'Vergaangenheet. Dës Resolutioun iwwer d'Wichtegkeet vun der europäescher Erënnerung fir d'Zukunft vun Europa ("Importance of European remembrance for the future of Europe"), esou den Titel, ass an de leschte Woche vu villen Historiker kritiséiert ginn. An de Medien huet se kaum Opmierksamkeet fonnt.

An der Resolutioun ginn eng Rei Aussoe gemaach, déi weider net iwwerraschend fir e politeschen Text sinn. Gläichzäiteg ginn et awer eng ganz Rei vu Passagen, déi op eng absichtlech Auswiel an Interpretatioun vun der Vergaangenheet fir politesch Zwecker hiweisen. Dat ass de Fall, wann den Net-Ugrëffspakt tëschent Nazi-Däitschland an der Sowjetunioun am August 1939 als direkte Grond fir den Zweete Weltkrich duergestallt gëtt.

Dee Pakt hat Polen tëschent den zwou Muechten opgedeelt. D'Resolutioun ernimmt awer zum Beispill déi passiv Astellung vu Frankräich a Groussbritannien vis-à-vis vun der Invasioun vu Polen net. Eng Passivitéit, déi et dem Hitler schonn erméiglecht hat, Éisträich ze annektéieren, esou wéi Deeler vun der Tschechoslowakei. D'Virgeschicht vum Zweete Weltkrich ass méi komplex, wéi d'Resolutioun et duerstellt.

Mee dat ass net alles. D'Parlament rifft dozou op, de 25. Mee als "internationalen Dag vun den Helde vum Kampf géint den Totalitarismus" ze etabléieren. Deen Dag ass den Anniversaire vun der Hiriichtung vum Witold Pilecki, deen an der Resolutioun als "Held vun Auschwitz" bezeechent gëtt.

Dovunner ofgesinn, datt d'Wiel vu grad dësem Personnage onkloer bleift, soll den Dag, esou den Text, "e kloert Beispill gi vun der richteger Astellung vis-à-vis vun der Gefor vun der totalitaristescher Versklavung" ("a clear example of the correct attitude to take in the face of the threat of totalitarian enslavement"). Esou eng Ausso kéint aus der Fieder vun de riets-konservative polnesche Kreesser kommen an erlaabt keng nuancéiert Vue op d'Geschicht.

Kritik u Russland, mee net un der EU

An der Resolutioun léisst sech och den aktuellen internationale Kontext erausliesen. Ëmmerhi feelt et am Text net u Kritik u Russland. Et handelt sech ouni Zweiwel ëm en autoritäert Land, an deem d'Regierung Minoritéiten ënnerdréckt, déi sowjetesch Vergaangenheet rehabilitéiere wëllt, an d'Meenungsfräiheet aschränkt.

Allerdéngs muss an enger Resolutioun och e Choix getraff ginn. Entweder se konzentréiert sech just op d'EU, oder se kritiséiert all autoritär Regierung op dëser Welt. Déi russesch Gesellschaft gëtt am Text opgefuerdert, hir Vergaangenheet endlech ze bewältegen. Mee hu mir dat schonn innerhalb vun der EU erreecht? Déi russesch Regierung gëtt kritiséiert, well se historesch Fakte verdréit, mee wéi ass et mat anere Länner an der EU? A wéi ass et mat der US-amerikanescher Regierung, déi esou wéi déi russesch Fake News verbreet?

Kaum iwwerraschend gëtt d'EU selwer an der Resolutioun net kritesch betruecht, mee als erfollegräiche Projet duergestallt, an enger teleologescher Visioun vum Triumph vun der Demokratie. D'Diktaturen a Portugal a Spuenien, déi bis an den 1970er Joren existéiert hunn, oder déi uerg Konflikter am Balkan an den 1990er Joren, ginn net genannt. Problematesch ass och, datt nieft der EU d'NATO ernimmt gëtt, fir ze weisen, datt déi osteuropäesch Länner, esou d'Resolutioun, déi europäesch Famill vun de fräien an demokratesche Länner ugeschloss hätten.

Allerdéngs ass d'NATO keng Friddensorganisatioun. Se ëmspaant Länner, deenen hir demokratesch Opfaassung ze wënschen iwwreg léisst, a Länner, déi geographesch gesi mol net an Europa leien. An iwwerhaapt: wien decidéiert, wéi ee Land zu wéi enger Famill gehéiert? Wéi ass et mat Russland, dat awer och staark mat der europäescher Geschicht verbonnen ass?

Et kënnt aus enger politescher Richtung

Donieft schéint d'Europaparlament vergiess ze hunn, datt et Universitéiten a Fuerschungsinstituter ginn. Se rifft explizit dozou op, d'Aktivitéite vun der Platform of European Memory and Conscience ze finanzéieren. Ironescherweis ass et grad dës Plattform, déi 2017 en negative Rapport iwwer d'Haus vun der europäescher Geschicht zu Bréissel verfaasst hat.

D'Kritiken, déi d'Auteuren doran zum Ausdrock bréngen, weisen och, aus wéi enger politescher Richtung si kommen. Esou ass der permanenter Ausstellung e marxisteschen Hang virgeworf ginn. D'Chrëschtentum géif ze negativ duergestallt ginn, genee esou wéi d'Natiounen, déi als Haaptgrond fir Chauvinismus, Xenophobie, Faschismus oder Nazismus géifen duergestallt ginn. De Kolonialismus géif och net gutt ewech kommen.

Laut dem Rapport hätt Europa awer der Welt grouss kulturell an technesch Errongenschafte geschenkt. D'Spure vun der Sklaverei oder vun entwuerzelte Populatioune schwätzen allerdéngs eng aner Sprooch. Och vergësst eng eurozentresch Visioun déi kulturell Transferten an d'Vermëschungen, déi stattfonnt hunn.

Eng eege Versioun vun der Geschicht

1995 huet den Historiker Michel-Rolph Trouillot geschriwwen, datt d'Geschicht d'Fruucht vun der Muecht wär. Hien huet sécherlech Recht. An Europa wëlle Regierungen hir Visioun vun der Geschicht der Bevëlkerung opdrécken.

Anscheinend wëllt dat elo och d'Europaparlament maachen. Mat der Resolutioun benotzt se d'Geschicht fir politesch Zwecker, se dréit zu enger Glorifizéierung vun der Vergaangenheet bäi, déi net all den Affer vu Gewalt an hiren ënnerschiddlechen Erfarunge Rechnung dréit. D'Parlament verhënnert domat eng kritesch Historiographie, déi verschidde Perspektiven op Krich a Gewalt beliicht. Genee dat ass awer de Rôle vun den Historiker an eiser Gesellschaft. Si hunn d'Aufgab, d'Komplexitéit ze beliichten, den ënnerschiddlechen Erfarungen a Perspektiven eng Stëmm ze ginn, an e kritesche Geescht ze fuerderen.