Radioen

On air

Tockcity  |  Ezra Collective, Joy Anonymous & Sampa The Great - JOY (Life Goes On)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Fro op der Paräisser Friddenskonferenz 1919

Zäithistoriker

D'Lëtzebuerger Fro op der Paräisser Friddenskonferenz 1919

Den 28. Mee 1919 falen zu Paräis d'Wierfel, an déi alliéiert Muechten tranchéieren iwwer d'Zukunft vum Grand-Duché. Wéi ass d'Lëtzebuerger Fro op der Paräisser Friddenskonferenz vun 1919 behandelt ginn? Op dës Fro gëtt den Zäithistoriker Jacques Maas eng Äntwert.

auto_stories

9 min

Ufanks 1919 gouf op Initiativ vun den alliéierte Muechten, déi de Weltkrich gewonnen haten, eng grouss international Friddenskonferenz op Paräis ageruff. Op dëser sougenannter "Conférence de la Paix" goufen d'politesch Verhältnesser um europäesche Kontinent, an doriwwer eraus och an den europäesche Kolonië weltwäit, duerch d'Vainqueure vum Weltkrich, op Grond vun deenen nei geschaafte "Rapports de forces" gereegelt.

An deem Kontext huet sech deemools och d'Fro vum Weiderbestoe vun engem onofhängege souveräne Lëtzebuerger Staat gestallt. Datt d'Fro sech iwwerhaapt gestallt huet, weist dorop hi wéi schwaach d'international Positioun vun engem souveräne Lëtzebuerger Staat nom Éischte Weltkrich war.

D'Fragilitéit vum politesche Statut vum Grand-Duché op internationalem Plang, zur Zäit vun der Paräisser Friddenskonferenz, léisst sech duerch d'Betruechte vu folgende Facteuren moossen:

Lëtzebuerg ass net op d'Paräisser Friddenskonferenz invitéiert ginn an deemno och guer net als Staat diplomatesch vertrueden. Objektiv bedeit dat, datt Lëtzebuerg sech am Grupp vun all deene Staaten erëmfënnt, déi de Krich verluer hunn, wéi d'Däitscht Räich, Éisträich-Ungarn, Bulgarien asw, déi och all net op d'Friddenskonferenz ageluede goufen an iwwer déi d'alliéiert Groussmuechten elo decidéieren.

Eisen Nopeschstaat, d'Kinnekräich Belgien, deem seng Afferroll a seng militäresch Resistenz géint déi däitsch Aggressioun am August 1914 international unerkannt gëtt, ass u prominenter Positioun zu Paräis vertrueden. Och neutral Staaten, wéi Holland oder d'Schwäiz, si séier wuel representéiert.

Iwwer de Kapp vun de Bevëlkerung ewechdiskutéiert

Keng eenzeg vun den alliéierte Groussmuechten huet d'Groussherzogin Charlotte als Staatscheffin vu Lëtzebuerg unerkannt. De President vun der Paräisser Friddenskonferenz, de franséische Regierungspresident Georges Clemenceau, gëtt es net midd géint d'"Dynastie boche" vun den Nassau-Braganza vum Lieder ze zéien, an och emol, besonnesch da wann de belschen Ausseminister Hymans hie mat sengen haartnäckege Fuerderungen an der Lëtzebuerger Fro op d'Palm dreift, d'Lëtzebuerger mat hirer Dynastie an een Dëppen ze geheien a sech iwwer "200.000 Boches catholiques" ze echaufféieren.

Lëtzebuerg huet 1919 kee gutt koordinéierten an effikass fonctionnéierenden diplomateschen Déngscht zur Verfügung - e Versäumnes aus der Virkrichszäit, dat sech elo rächt. Et erweist sech als schwiereg, d'Stellungnamen an d'Objektive vun der Lëtzebuerger Regierung koordinéiert a prompt an d'Haaptstied vun den alliéierte Groussmuechte matzedeelen an ze vertrieden.

Fazit ass, datt 1919 den internationale Statut vu Lëtzebuerg, deemno d'Souveränitéit vum Lëtzebuerger Staat, zur Dispositioun vun de Groussmuechte steet. Objektiv betruecht ginn d'Groussmuechten an hiren Diskussiounen a Verhandlungen op der Friddenskonferenz mam Lëtzebuerger Dossier net vill anescht ëm wéi mam zukünftege Statut vum Elsass a vu Loutrengen, vum Saargebiet, vum Rheinland, oder vun den däitsche Landkreesser Eupen a Malmedy, déi un d'Belsch sollen ofgetruede ginn. An anere Wierder: d'Groussmuechten entscheeden iwwer d'Käpp vun deene betraffene Bevëlkerungen ewech.

D'Annexiounspläng vun der Belsch

Wéi ass et der Regierung vum Staatsminister Emile Reuter gelongen, trotz dëser extrem schwaacher Ausgangspositioun, an der Lëtzebuerger Fro fir d'Onofhängegkeet an d'Souveränitéit vum Lëtzebuerger Staat op der Friddenskonferenz anzetrieden?

Während deenen éischte Méint 1919 waren d'Lëtzebuerger Regierungsautoritéite staarkem Drock vu Säite vun der belscher Regierung ausgesat, déi op eng Annexioun vu Lëtzebuerg higeschafft huet. D'Regierung Reuter huet probéiert déi belsch Annexiounspläng ze konteren, andeems se d'Virbereedung fir d'Ofhale vu Volleksbefroungen iwwer d'politesch an d'wirtschaftlech Zukunft vum Land op de parlamentareschen Instanzewee bruecht huet.

Per Referendum sollten d'Bierger tëschent republikaneschem a monarcheschem Regime decidéieren a si sollte sech ausschwätzen, entweder fir e wirtschaftlechen Uschloss u Frankräich oder un d'Belsch. D'Ofhale vun deene Referende war awer de belschen Annexionnisten en Dar am A, well d'Annexiounspläng esou hannerdriwwe konnte ginn. Déi belsch Annexionnisten hunn och festgestallt, datt si bei enger Volleksbefroung schlecht Kaarten hätten, a sinn dofir bei den alliéierte Puissancen intervenéiert fir déi Referenden ze verhënneren.

Dat ass hinnen dunn och gelongen, well de 16. Abrëll 1919 huet den amerikanesche Generol Smith, am Numm vun den alliéierte Puissancen, d'Lëtzebuerger Regierung gefrot fir d'Ofhale vun de Referende bis zum Ofschloss vun der Friddenskonferenz erauszeschieben. De 27. Abrëll hunn doropshin Dausende vu Bierger un enger grousser Protestmanifestatioun an der Stad Lëtzebuerg deel geholl, woubäi fir d'Onofhängegkeet an d'Selbstbestëmmungsrecht vum Lëtzebuerger Vollek manifestéiert gouf.

E puer Deeg méi spéit huet de Staatsminister Reuter sech per Bréif un déi alliéiert Muechte geriicht a gefrot fir kënne mat enger Delegatioun op Paräis ze komme fir de Puissancen de Lëtzebuerger Standpunkt duerzeleeën. Duerch Äntwert vum amerikanesche President Wilson gouf dëser Demande entsprach an eng Lëtzebuerger Regierungsdelegatioun fir den 28. Mee op Paräis invitéiert. D'Lëtzebuerger Regierungsdelegatioun gëtt vum Conseil des Quatre gehéiert (28 Mee 1919).

Eng Audienz beim Véierer-Rot

De Conseil des Quatre, fir d'Angelsachse The Big Four, huet sech aus de wichtegste Vertrieder vun deene véier gréissten alliéierte Siegermuechte vum Éischte Weltkrich zesummegesat: dem amerikanesche President Woodrow Wilson, dem britesche Premier-Minister David Lloyd George, dem italienesche Regierungspresident Vittorio Orlando an dem franséische Regierungspresident Georges Clemenceau, deen och de Virsëtz ageholl huet. Dëse Véierer-Rot war no der Erëffnung vun der Paräisser Friddenskonferenz op Propositioun vum amerikanesche President Woodrow Wilson forméiert ginn, fir am Virfeld déi wichtegst Froen ze beroden an domat déi eigentlech Friddensverträg mat deene besiegte Muechten ze preparéieren.

Den 28. Mee 1919 ass dunn déi Lëtzebuerger Regierungsdelegatioun ënner der Leedung vum Staatsminister Emile Reuter vum Conseil des Quatre zu Paräis, an der Residenz vum amerikanesche Staatspresident, dem Palais de Croisset-Bischoffsheim, um véier Auer nomëttes empfaange ginn. Nieft dem Staatsminister Reuter bestoung d'Delegatioun aus dem Unterrechtsminister Nikolaus Welter, dem Lëtzebuerger Chargé d'affaires zu Paräis, Ernest Leclère, dem Staatsrot Antoine Lefort, an dem Regierungsrot Antoine Funck als Sekretär.

Eng Tatsaach, déi wuel kaum dofir konnt gutt sinn, d'Uspanung bei der Lëtzebuerger Delegatioun ze berouegen, war, datt de belschen Ausseminister Paul Hymans, also ee vun den Haapt-Géigespiller vun der Lëtzebuerger Regierung, ugefrot hat fir bei der Entrevue dobäi ze sinn an de Clemenceau där Demande och entsprach hat.

D'Entrevue gouf vum Clemenceau geleet, déi dräi aner Alliéiert hunn net direkt an d'Diskussioun agegraff, déi och Franséisch-Englesch gedolmetscht gouf. Just de belschen Ausseminister huet, mat enger gewësse Verzweiwlung, probéiert, geleeëntlech an d'Diskussioun anzegräife fir de belsche Standpunkt ze verdeedegen.

Eng Dräierunioun

Nodeems de Clemenceau am Numm vum Conseil des Quatre d'Lëtzebuerger Regierungsdelegatioun ganz frëndlech begréisst hat, an a sengen Aféierungswierder deklaréiert huet, datt de Véierer-Rot sech op de Grondsaz vum Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker géif stellen, huet hien dem Lëtzebuerger Staatsminister d'Wuert erdeelt.

A sengen Ausféierungen, déi verschiddenen Temoignagen no e favorabelen Androck beim Clemenceau a beim amerikanesche President Wilson hannerlooss hunn, huet den Emile Reuter fir d'alleréischt de Wonsch vum Lëtzebuerger Vollek, fräi an onofhängeg kënnen ze liewen, betount. De Reuter ass op dee geplangte politesche Referendum agaangen an huet ervirgehuewen, datt d'Lëtzebuerger Vollek soll kënne fräi an demokratesch iwwer déi zukünfteg Staatsform - Republik oder Monarchie - befannen, an deemno och decidéieren, ob et déi regéierend Dynastie wéilt bäibehalen oder net. An deem Zesummenhang huet de Reuter d'Hoffnung ausgedréckt, datt d'Groussmuechten sech där Léisung net verschléisse géifen, an op dat vum Clemenceau ufanks zitéiert Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker higewisen. A Bezuch op d'wirtschaftlech Zukunft vu Lëtzebuerg huet den Emile Reuter - ganz diplomatesch - erkläert, datt d'Ideal-Léisung fir Lëtzebuerg an enger wirtschaftlecher Allianz souwuel mat Frankräich, wéi mat der Belsch géif bestoen; wa Lëtzebuerg awer misst wielen, da géifen d'Preferenzen no Frankräich goen.

Zum gréisste Mëssfale vum belschen Ausseminister ass de Clemenceau - ouni laang ze zécken - op dem Reuter säi Virschlag vun enger Dräier-Unioun agaangen an huet deklaréiert, datt Frankräich bereet wier, sech de belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsverhandlungen unzeschléissen. Méi konkret gouf de Clemenceau allerdéngs net. Als ale Fuuss wollt hie seng Kaarte weiderhin net opdecken, also d'Intentiounen vun der franséischer Regierungspolitik a Bezuch op Lëtzebuerg an d'Belsch kloer an däitlech präziséieren. Dem Clemenceau no kéint déi Lëtzebuerger Fro nëmmen an engem allgemengen internationale Kader gereegelt ginn. Dofir frot de Clemenceau, datt Lëtzebuerg déi geplangten zwee Referenden op en neits géif verréckelen, bis no Ofschloss vun der Friddenskonferenz.

De Staatsminister Reuter huet déi Demande acceptéiert, freet awer de Conseil des Quatre ëm d'Erlaabnes d'legislativ Prozedur fir de Wirtschaftsreferendum am Parlament duerfen zu Enn ze féieren. Wourop s de Clemenceau sot: "Dat ass Äert Recht, dat ze maachen. Dir sidd an Ärem Land Här a Meeschter. Mir hu keng Intentioun eis an Är intern Ugeleeënheeten anzemëschen".

Als "belles paroles" huet den Historiker Gilbert Trausch a senger Etüd "La stratégie du faible" déi doten Äntwert vum Clemenceau bezeechent. Zur selwechter Zäit wou d'Entrevuë mat der Lëtzebuerger Regierungsdelegatioun stattfonnt hunn, sinn d'Wirtschaftsverhandlungen tëschent der Belsch a Frankräich am franséischen Ausseministère weidergeféiert ginn. A Wierklechkeet huet Frankräich säi Kaz-a-Maus Spill mat Lëtzebuerg an der Belsch weidergeféiert, an dat an der Kuliss vum Véierer-Rot.

Eng wesentlech Etapp fir Lëtzebuerg

Datt d'Souveränitéit vum Grand-Duché, trotz deene schéine Wieder vum Clemenceau, weiderhin net vill gegollt huet, weist d'Aart a Weis, wéi d'Artikele vum Versailler Vertrag, déi Lëtzebuerg betreffen, verfaasst goufen. Iwwer de Kapp vun de Lëtzebuerger Autoritéiten ewech, ouni Bedeelegung vun der Lëtzebuerger Regierung, huet eng Kommissioun ënner dem Virsëtz vum André Tardieu, riets Hand vum Clemenceau a vum belschen Ambassadeur zu Paräis, Baron de Gaiffier, d'Artikele 40 an 41 vum Versailler Vertrag mam Däitsche Räich verfaasst.

Den Artikel 40 huet virun allem d'Opkënnegung vun alle Verträg tëschen dem Däitsche Räich a Lëtzebuerg verfüügt, an indirekt och d'Abrogatioun vum Neutralitéitsstatus vum Lëtzebuerger Staat vun 1867. Den Artikel 41 huet eng Rei wichteg Konsequenze vum Austrëtt vu Lëtzebuerg aus dem Zollveräin gereegelt, dëst am Sënn vun den zukünftege Wirtschaftspartner vu Lëtzebuerg. Trotzdem ass d'Audienz vun der Lëtzebuerger Regierungsdelegatioun beim Conseil des Quatre, den 28 Mee 1919, als Erfolleg gewäert ginn.

De Staatsminister Reuter huet d'Geleeënheet kritt, de Lëtzebuerger Usproch op Onofhängegkeet a Souveränitéit deene véier alliéierte Puissancen direkt virzedroen. Deen Usproch gouf den 28. Mee vum Véierer-Rot net zeréckgewisen, och wa Groussbritannien an der Kuliss déi belsch Revendicatioun vun enger Annexioun vu Lëtzebuerg duerch d'Belsch ënnerstëtzt huet. Duerch dat explizit Antriede vum Clemenceau (taktesch motivéiert) a vum Wilson (prinzipiell) fir d'Selbstbestëmmungsrecht a Bezuch op Lëtzebuerg, ass deene belsche Pläng fir eng Annexioun vu Lëtzebuerg definitiv e Riedel virgezu ginn.

D'belsch Regierung wousst mëttlerweil Bescheed, datt e belsche Succès beim Ofhale vun engem Referendum aussiichtslos war. Déi vum Emile Reuter proposéiert a vum Clemenceau iwwerholle Méiglechkeet vun enger Wirtschaftsallianz zu drëtt, war fir d'Belsch e rout Duch, well d'Belsch doran d'Gefor vum franséische Wirtschaftsimperialismus gesinn huet. Dëst Gespenst vun engem Bündnis zu drëtt sollt awer an der Folleg d'Lëtzebuerger Positioun an de Wirtschaftsverhandlunge mat der Belsch stäerken.

D'Audienz vun der Lëtzebuerger Regierungsdelegatioun beim Conseil des Quatre op der Paräisser Friddenskonferenz 1919, ass deemno als wichteg a wesentlech Etapp um Wee vun der Behaaptung vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet a Souveränitéit nom Éischte Weltkrich unzegesinn, och wann domat nach laang net d'Enn vum Tunnel erreecht war. Wéi problematesch weiderhin d'Behaapte vun enger Lëtzebuerger Souveränitéit blouf, weist folgend Anekdot: Wéi et Enn 1920 ëm d'Admissioun vu Lëtzebuerg an d'Société des Nations, d'Virgängerorganisatioun vun der haiteger UNO goung, huet op en Neits déi britesch Diplomatie, also eng vun de Véierermuechte vun 1919, d'Berechtegung vum Bäitrëtt vu "Klengstaaten" an deemno hiert Existenzrecht a Fro gestallt.