Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Murder Of Birds (Undressed) Feat. Guy Garvey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Magie vum Würfel

Sport

D'Magie vum Würfel

Déi meescht kennen en, den Zauberwierfel, oder och Rubik's Cube genannt, also dee Wierfel, bei deem et drëms geet, en esou laang ze dréien, bis op de sechs Säite just nach déi selwecht Faarf ass. Fir déi allermeescht ass et schonn Erausfuerderung genuch, dësen Dréi-Puzzle iwwerhaapt ze léisen, fir Anerer stellt sech awer net d'Fro, ob si e léisen, mee wéi séier.

auto_stories

3 min

Speedcubing, esou heescht d'Konscht, e Rubik's-Cube esou séier wéi méiglech nees a seng Ausgangspositioun ze bréngen, also, datt déi sechs Faarwen net méi gemëscht sinn, mee nees beienee stinn. Am beschte Fall kritt een dat an ënner zéng Sekonnen hin.

De Mythos, datt et en Trick gëtt, mat deem een all Zauberwierfel ëmmer léise kann, wier falsch, seet de Lëtzebuerger Speedcuber, Carlo Glod. All Rubik's-Cube wier anescht an d'Léise geet ni genee d'selwecht. Er gëtt also keen Trick, mee Algorithmen, un déi ee sech hale kann. "Dat heescht, et weess een, wann ech do dréien, da geschitt dat um Wierfel."

Dee Moment geet et da fir de Speedcuber dorëm, deen Algorithmus ze benotzen, deen him am meeschten hëlleft. Iergendwann wier dat am Muscle Memory dran, seet de Carlo Glod, heescht, et misst een dann och net méi doriwwer nodenken, mee dat géif automatesch goen.

E Veräin a Kompetitiounen am Ausland

Zanter 2018 gëtt et och hei zu Lëtzebuerg e Club, dee sech mam Léise vun den Zauberwierfel beschäftegt, Speedcubing Lëtzebuerg. De Carlo Glod hat dëse Veräi mat zwee Kolleege gegrënnt.

"Mir waren esou déi eenzeg dräi, déi dat zu Lëtzebuerg gemaach hunn, mir hunn och zimmlech zäitgläich 2017 mam Speedcubing ugefaangen, an dofir hu mer dee Veräin opgemaach. Elo si mer bei fënnef bis sechs aktive Leit, mee do geet natierlech méi, well zu Lëtzebuerg scho nach méi Leit sinn, déi e Cube léise kënnen, mee awer och net wëssen, datt et e Veräi gëtt."

Am Veräi probéiert ee Gemeinschaften ze maachen, fir op Competitiounen am Ausland ze fueren, och wann dat de Moment net esou méiglech ass, et tauscht ee sech ënnereneen aus, wéi een de Wierfel méi séier léise kann an et organiséiert een och selwer Competitiounen.

Am internationale Verglach: Lëtzebuerg hëlt op

Dëst Joer wollt Speedcubing Lëtzebuerg am Mäerz en Event op d'Bee stellen, duerch d'Pandemie huet deen dat awer missen ofsoen. An normalen Zäite si pro Weekend zéng bis 15 Competitiounen uechter d'Welt, seet de Carlo Glod, op deenen dann 100 bis 200 Leit untrieden. Dat awer a 17 ënnerschiddleche Kategorien, mat verschidde Gréisste vum Wierfel, aner Forme wéi Pyramiden, oder bei engem Event geet et drëms, den Wierfel blann ze léisen.

Am internationale Verglach huet Lëtzebuerg laang keng Chance géigeniwwer anere Länner gehat, seet de Carlo Glod, wéi hien a seng Kolleege mam Speedcubing ugefaangen hunn, haten anerer schonn 20 Joer Virsprong. Mee et géif een awer ophuelen, an et huet een an de leschte Joren och schonn eng Rei Podiumsplaze bei Competitioune gehat.