Radioen

On air

Notturno  |  Son Lux - Prophecy Feat. Nina Moffitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schoul an d'Gesellschaft

Wat ass Schoul?

D'Schoul an d'Gesellschaft

Wat ass Schoul? Fir wat ass se do? A wat ka se der Gesellschaft bréngen? Déi Froe si wichteg, ginn awer nach net duer. Et muss een och froen, wéi eng Wichtegkeet d'Gesellschaft fir d'Schoul huet. A wéi een Afloss huet d'Gesellschaft op de Fonctionnement vun der Schoul? Déi Froen huet den Thomas Koenig sech gestallt.

auto_stories

7 min

Thomas Koenig

Wat ass Schoul? Dat klengt no enger einfacher Fro. Op alle Fall weess jiddwereen, wat ENG Schoul ass. Mee wat d'Schoul als Institutioun ass, dat ass manner evident.

Ech hunn et hei schonn erwäänt, mee schueden kann et net, et leiert ee jo schliisslech duerch Widderhuelung: D'Wuert Schoul kennt vum griicheschen Wuert skolé, wat Fräizäit bedeit. An zwar Zäit, an där een net schaffe muss, mee wou ee sech ëm seng perséinlech Edifikatioun këmmere kann.

Gutt, domat ass eis hei och net gehollef fir op d'Fro, wat Schoul ass, ze äntweren. Mir sinn jo net bei den Ale Griichen, an déi wéinegst géife spontan d'Schoul als den Uert vun enger moralesch salutärer Erzéiung ugesinn.

Erzéiung, jo, dat passt bei d'Schoul, mee datt d'Schoul eis moralesch verbessere soll, dat klengt éischter wéi eng Iddi, déi nom Mee 68 ofgeschaaft gouf. A wann Dir Iech elo frot, wourëms et dann am sougenannte Morales-Cours geet, do geet et net ëm Moral, dee Cours gëtt zwar esou genannt, mee Mënschen zum kriteschen Denken an zur Meenungsbildung unzereegen ass net wierklech kompatibel mat deem, wat e Moralist géif maachen.

Mee zeréck zur Schoul. Wat ass se dann elo?

D'Wiese vun der Schoul

D'Schoul ass eng Institutioun, an där den Nowuess dat bäibruecht kritt, wat en an den Ae vun der Gesellschaft wësse soll. Dat heescht, et geet ëm Bildung, an och ëm Erzéiung, mee et geet net just ëm de Schüler. D'Schoul ass eng Institutioun, déi d'Liewensform vun hirer Gesellschaft weidergëtt.

Hei zu Lëtzebuerg leiere mir jo zum Beispill e puer Sproochen, e Konscht-Cours an en Sports-Cours sinn och dobäi, a Rechnen oder Mathé, an eben all déi aner Fächer, déi een an eiser Schoul esou fënnt.

De Kach- an den Bitz-Cours vun eise Mammen oder Groussmamme fënnt een do zum Beispill awer net um obligatoresche Curriculum. Eng Trennung vu Meedercher a Jongen och net. Dat gouf et alles awer eemol. An dat weist, datt d'Schoul, wéi se organiséiert ass, mee och wat se vermëttelt, net an engem Vakuum existéiert, mee grosso modo e Spigelbild vun der Gesellschaft ass. An déi Leit, déi d'Coursen halen oder iwwer d'Inhalter vun den Coursen decidéieren, déi si jo och en Deel vun där Gesellschaft.

Legitimitéit

Als Enseignant hunn ech dacks d'Gefill, datt vill Leit sech guer keng Gedanke maachen, wat si dono maache wëllen, an datt si d'Schoul als eng onvermeidbar Hürd um Wee vun der Beruffswelt gesinn. D'Haaptsaach ass, datt een dono en Diplom huet, mee fir wat deen Diplom steet, ass manner wichteg. Sécher, dat trëfft net op all Schüler zou, an éierlech gesot, ech mengen, ville sougenannten Aktive geet et net anescht. Wéi ee vu menge Schüler sot, "Wann s de jonk bass, mengs de, du misst alles decidéieren, an an der Schoul géif alles fir deng Zukunft festgeluecht ginn, mee dono mierks de, datt déi Erwuessen alleguer keng Ahnung hunn, wat si maachen".

Wär d'Missioun vun der Schoul de Leit méi kloer, da wéisst een och éischter, wou een dru wier. Da wär den Eltere méi kloer, wou hir Kanner dru sinn, a wéi si sech maachen.

Wei all Institutioun huet d'Schoul eng gewësse Komplexitéit. An net all Mënsch huet eng positiv Erënnerung u seng Zäit an der Schoul. Dat wierkt sech net positiv op den Dialog tëschent der Schoul an der Gesellschaft aus, mee deen Dialog ass awer wichteg. Schonn eleng fir d'Legitimitéit vun der Schoul, déi och net méi selbstverständlech ass.

A mat Legitimitéit vun der Schoul mengen ech hei net d'Autoritéit vum Enseignant. Wann ech der Generatioun vu mengen Elteren nolauschteren, an déi zielen, wei si der mam metallene Lineal op d'Fangere kruten, oder wéi de Proff Sou-a-Sou d'Schüler ëmmer erëm gär mat der Fauscht an d'Genéck geschloen huet, da sinn ech heiansdo erstaunt. Dat klengt dann esou, wéi wann dat déi faméis gutt al Zäit wär, mee wann ech da froen, op déi Persounen da gutt Enseignante waren, da gëtt just de Kapp gerëselt.

Also, nach emol, d'Schoul muss an den Ae vun der Gesellschaft, dat heescht och vun de Schüler, eng Legitimitéit hunn. Da wëssen d'Schüler och firwat si do sinn, an da bréngen all déi Stonne Cours och eppes. Wann d'Schoul just déi Zäit tëschent de Pausen ass, oder net méi wéi eng Geleeënheet fir d'Frënn erëm ze gesinn, da ka se net esou fonctionnéieren, wéi se soll.

Aktualitéitsproblemer

A genee domat huet d'Schoul ëmmer erëm ze kämpfen. Aktuell ass e groussen Problem déi sougenannten "Ökonomie vun der Opmierksamkeet". Déi Zäit, wou Dir op enger Websäit sidd, oder wou Dir op Ärem Lieblings-Social-Media surft, respektiv déi Zäit, wou Dir e bestëmmte Sender op der Tëlee kuckt, ass Geld. Wat méi Leit eng Websäit benotzen, wat déi Werbung op där Säit méi dacks gesi gëtt, respektiv wat déi Säit méi Daten huet, déi se weider verkafe kann. A bei der Tëlee ass et dat selwecht. Wat méi Leit e bestëmmte Sender kucken, wat och méi Firmen hir Reklammen op deem Sender schalte wëllen.

Bref, et geet haut dorëms, dem Konsument seng Opmierksamkeet esou laang wéi méiglech ze monopoliséieren. A well dat am beschten domat geet, datt ee permanent stimuléiert gëtt, an ëmmer erëm en Input huet, op deen ee reagéieren kann oder muss, gi mir deementspriechend de ganzen Dag sollicitéiert. Sief et eng Push notification, eng App fir ze Chatten, oder den Newsticker op den Noriichtesender, et gëtt ëmmer e gudden Grond, fir nach e bësse méi laang op den Ecran ze kucken. Iech kascht et näischt, an dobäi gëtt awer esouvill Geld mat Iech gemaach. Ass dat net praktesch?

Mee nee, net wierklech. Dat huet desastréis Auswierkungen op d'Konzentratiounsfäegkeet, net nëmme vun den Jonken. Wann ee permanent ëmmer erëm stimuléiert gëtt, da gëtt een op emol net méi domat eens, wann een länger emol net méi konstante Reizen ausgesat gëtt. An an der Schoul, naja ...wann Dir Iech stonnelaang op eppes konzentréiere sollt, an Iech awer net méi konzentréiere kënnt, dann hutt Dir e Problem.

Een anere Problem ass och de sougenannten entitlement, dat heescht, dat Gefill, e Recht op bestëmmte Saachen ze hunn, nom Motto: parce que je le vaux bien! Et ass zwar nach net dramatesch, mee et kënnt ëmmer erëm vir, datt Schüler mengen, datt eng Prüfung net do wär fir hiert Wëssen ze préiwen, mee datt se dofir do wär fir hinne vill Punkten ze ginn, fir datt si dono eng gutt Nott hunn. Si mengen also, si hätten Recht op eng gutt Zensur, och wann hir Leeschtung net gutt ass. Mee dat ass näischt Aneres, wéi wann een Erwuessene mengt, d'Welt géif sech just ëm hie selwer dréien.

An an enger Zäit vu Casting-Shows a vu Leit, déi eng Carrière doraus maachen, en Influencer am Internet ze sinn, kann een den Jonken do net wierklech de Virworf maachen, wa si sech esou behuelen, wéi si et virgelieft kréien.

Wéi eng Léisungen?

Et gëtt natierlech och Léisungen, déi d'Schoul selwer ëmsetze kann. Et gëtt zum Beispill Schoulen, net just hei am Land, déi e sougenannte Knigge-Cours ubidden, dat heescht e Cours, an deem déi Jonk dann och emol Héiflechkeet a Manéieren erkläert kréien, oder wéi si sech sollen uleeën, fir net bei jiddwerengem unzëecken.

Do kéint een jo mengen, datt d'Eltere sech ëm déi Saache këmmeren, oder op alle Fall eng Basis an der Erzéiung vun hirem Kand schafen, déi d'Schoul dono dann erweidere kann, mee dat ass net onbedéngt de Fall.

Wann d'Gesellschaft engem virlieft, datt et der näischt bréngt, Rücksicht op anerer ze huelen, well dat dech jo am dengem Genoss oder an dengem Konsum aschränke kann, dann ass et och net méi selbstverständlech, datt ee säin Dreck an d'Poubelle geheit. Sou gëtt de Respekt fir seng Matmënschen da lues a lues ofgeschaaft. An ouni Respekt kann eng Schoul net fonctionnéieren.

Fazit

D'Institutioun Schoul hänkt net nëmme vun der Qualitéit vum Léierpersonal oder vun de Programmer of, mee eben och vun der Gesellschaft, an där a fir déi si fonctionnéiert. A vill Leit hunn zwar eng Meenung, wéi d'Schoul fonctionnéiere misst, mee leider hu si net ëmmer eng Ahnung dovun, wéi d'Realitéit um Terrain ausgesäit.

Meng Ausgangsfro war jo "Wat ass d'Schoul?". Déi Fro verdéngt et reegelméisseg erëm gestallt ze ginn, an dat passéiert och, mat méi oder manner pertinenten Äntwerten. Déi Fro, déi awer och nach gekläert misst ginn, léift Publikum, ass dës Kéier net, wéi eng Schoul eis Gesellschaft brauch, mee wéi eng Gesellschaft mir fir eis Schoul wëlle sinn?