Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Delphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Fotograf knipst net, dat huet fréier de Schaffner gemaach"

Sot Emol – Patrick Galbats

"De Fotograf knipst net, dat huet fréier de Schaffner gemaach"

De Patrich Galbats gesäit sech als Zeie vu senger Ära a behandelt Themen déi him um Häerz leien. De Patrick Galbats gouf 1978 zu Lëtzebuerg gebuer. 2002 huet hien de "Le 75" zu Bréissel ofgeschloss.

auto_stories

3 min

Et war säi Bop deen aus Ungarn war, deen hien dozou motivéiert huet fir d'Land um ëstleche Rand vun der Europäescher Unioun ze entdecken. Hien hat 1944 Ungarn verlooss an huet fir de Rescht vu sengem Liewen als Flüchtling an Däitschland, Marokko a Frankräich gelieft.

"Éischtens muss ech soen dat ech mäi Grousspapp ni kenne geléiert hunn, oder net wierklech, an d'Familljegeschicht ass komplizéiert wéi bei ville Leit, mäi Papp selwer ass och ouni Papp opgewuess, also mäi Grousspapp huet ni zu Lëtzebuerg gewunnt. Wat awer wichteg fir mech war, dat ass datt mäi Papp dann trotzdeem ëfters vun där ungarescher Säit erzielt huet, déi hie selwer dann och net kannt huet, och just vu senger Mamm erzielt krut. Meng Bom, meng Groussmamm, déi war Fransousinn hei vir aus der Lorraine, doduercher si Saache bei mir hänke bliwwen, an ech hu mech ëmmer gefrot, wat ass dat a wou ass dat a wéi gesäit dat do aus. Duerch meng Reesen a Rumänien déi ech schonns 2001 ugefaangen hunn, sinn ech natierlech ëmmer duerch Ungarn gefuer, an et huet mech eigentlech ëmmer gereizt fir an déi Stad ze goen wou mäi Grousspapp hierkoum, Iula, op der rumänescher Grenz, dat hunn ech dann e puer mol gemaach. 2014, also eigentlech 2012 hunn ech déi éischte kéier Famill getraff, direkt Famill vu mengem Grousspapp déi ech guer net kannt hunn, iwwer Facebook, wéi dat dann esou geet, hunn ech déi da kontaktéiert an du waren déi och interesséiert an ech hunn haut nach mat e puer Leit Kontakt, ouni ungaresch ze schwätzen."

Déi Renconter war fir de Patrick Galbats ausschlaggebend fir eng Aarbecht ze maachen, an hien huet ugefaangen méi dacks a méi laang Zäit dohinner ze reesen domadder koum och säi Verwuerzelunbgsgefill.

De Mënsch bleift am Fokus

D'Ausstellung "Hit Me One More Time" thematiséiert de Bau vun engem Zonk op der Grenz tëscht Ungarn a Serbien. Si temoignéiert vu pickegem Drot, Grenzposten, Iwwerwaachungskameraen. Lauter Biller déi och Froen zur nationaler Identitéit a Souveränitéit stellen. Dës Fro ass eng zentral am Patrick Galbats sengem Schaffen.

A senger perséinlecher Aarbecht weist de Patrick Galbats e besonneschen Interessi der Gesellschaft an hirer Evolutioun géintiwwer. Iwwer d'Joren huet seng Fotografie sech vu soziale Reportagen an Dokumentärs-Arabescht verwandelt. Am Fokus vu sengem Schaffe bleift awer ëmmer de Mënsch.

"Mir spadséieren net duerch d'Landschaft a maachen 'klick klick' elo hunn ech eng super Foto gemaach, mee et ass ee ganze Prozess, vun deem Moment un wou een ufänkt ze fotographéieren, a scho virdrun, ech hu virdrun vu menger Kandheet geschwat, iergendwann ass dat esou an engem verënnerlecht, wat ee sicht, wat een usprécht, wat ee beweegt, virun allem wat ee beweegt, datt een dat dann effektiv fotographéiert. Et ass awer och esou datt Fotographie wéi alles praktesch eng Aart Sport ass, et muss een trainéieren, wann een e bësschen ausser Übung ass dann ass et vläicht och schwiereg de richtege Moment op de Knapp ze drécken."

ECOC 2022

2022, huet Esch-Uelzecht, zesumme mat deenen zéng Pro-Sud-Gemengen an aacht franséische Gemengen den Titel Europäesch Kulturhaaptstad.

De Patrick Galbats huet zwou Kënschtlerresidenze virgesinn. Ee Projet mat der Suessemer Gemeng an een zweeten op der franséischer Säit zu Villerupt.

Tëscht 2011 an 2016 war hien offiziell Fotograf vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land.

2018 huet hien säin éischt Buch ënner dem Titel "Hit Me One More Time" mam CNA (Luxembourg) a Peperoni Books (Berlin, Däitschland) publizéiert. Dëst Wierk iwwer dat zäitgenëssesch Ungarn gouf zu Lëtzebuerg, Wien (A), Bréissel an Novi Sad.