Radioen

On air

Notturno  |  Linda Perhacs - Hey, Who Really Cares?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gesondheetssecteur, historesch

Zäithistoriker

De Gesondheetssecteur, historesch

An Zäite vum Confinement ass bewosst ginn, wéi wichteg de Gesondheetssecteur ass. D'Personal gëtt vun der Bevëlkerung bewonnert. Den Historiker Denis Scuto kuckt op historesch an aktuell Defien am Secteur.

auto_stories

5 min

Den Historiker Denis Scuto. Foto: Archiv

Wéi eis Noperen hu meng Fra an ech wärend dem Confinement all Owend um 8 Auer dem Personnel soignant Bäifall gespent. Hiren Asaz verdéngt, mengen ech, och datt een e puer historesch Iwwerleeungen zur Entwécklung vum Gesondheetssecteur an de Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg mécht.

Ech preziséieren e puer Iwwerleeungen, well historesch Aarbechten zum Theema rar geséit sinn, verspreet an Anniversairespublikatioune vu verschiddenen Institutiounen a Stied oder a Studien zur Geschicht vun de Fraen.

Et gëtt wéineg historesch Aarbechten

D'"Handbuch zur sozialen und erzieherischen Arbeit" vun der Fuerschungseenheet Inside vun der Uni Lëtzebuerg aus dem Joer 2010, en éischte Versuch en aktuellen an historeschen Iwwerbléck iwwer dee Beräich zu Lëtzebuerg ze ginn, huet och de Gesondheetssecteur gesträift.

D'Initiativ vum Historiker vum Lëtzebuerger Zenter fir Zäit- an Digitalgeschicht C2DH, Benoît Majerus, fir elo schonns d'Temoignagë vum Personnel soignant vun der Pandemie, als historeschem Evenement, ze sammelen an dës Histoire orale fir zukünfteg Recherchen ze späicheren, am Kader vum gréissere Projet covidmemory.lu, ass vläicht en éischte Schratt fir weider Studien.

Dozou haut also just e puer Reflexioune mengersäits.

Den Ufank vum 20. Joerhonnert

Fir d'éischt wéilt ech drun erënneren, datt d'Gesetzer zur Kranken- an Unfallversécherung vun 1901 an 1902 um Ursprong vum Lëtzebuerger Sozialstaat stinn. Doduerch sinn ëmmer méi Mënschen a Bevëlkerungsgruppen hei am Land an de Genoss vun enger medezinescher ambulanter oder stationärer Behandlung komm, wat si sech virdrun net konnte leeschten. Doduerch ass net nëmmen d'Zuel vun den Dokteren, mee och vun de Spideeler an hirem Personal an d'Luucht gaangen.

De Fait, datt mer den däitsche Bismarckschen Sozialversécherungssystem iwwerholl hunn, dee Beschäftegt, also Lounofhängeg, am Ufank Aarbechter a kleng Employéen an hir Familljemembere verséchert huet, erkläert awer och, datt eis Gesellschaft nom Modell vum Male breadwinner organiséiert war. Basis vun der Versécherung war d'bezuelten Aarbecht vum Mann.

Am Gesondheetssecteur si joerzéngtelaang bezeechnenderweis Fraen aktiv, déi kee Mann hunn an am Zölibat liewen: Schwëstere vun de verschiddene Kongregatiounen, déi eng Rei Spideeler féieren oder dra schaffen, mee och déi éischt laizistesch Infirmières visiteuses, déi am Kader vun der Croix rouge nom Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg wéi op anere Plazen, de Kampf géint d'Tuberkulos féieren.

Déi éischt Gesetzer an Initiativen

Eréischt 1935 kënnt eng éischt gesetzlech Reglementatioun vun den Diplomer vun der Infirmière an der Assistante sociale zu Lëtzebuerg, obwuel déi éischt Infirmières visiteuses schonn 1921 zu Lëtzebuerg exerzéiert hunn. An eréischt 1967 gëtt den Terme Garde-malade gesetzlech duerch Infirmière ersat. An et dauert nach weider 30 Joer bis 1995 den Infirmièresdiplom mat engem diplôme de fin d'études secondaires technique gläichgestallt gouf.

Och déi grouss Gewerkschaften hu laang an éischter Linn Männer vertrueden. Fraen am Gesondheets- a Sozialsecteur hu sech selwer missen organiséieren, 1939 mat der Association nationale des Infirmières et assistantes sociales luxembourgeoises diplômées.

D'Aarbecht vun de Frae visibel maachen

Déi éischt gréisser gewerkschaftlech Manifestatioun, déi Fuerderunge zum Gesondheetssecteur stellt, ass déi vum 9. Oktober 1973. Mee et geet net ëm d'Fraen am Gesondheetssecteur. Gefuerdert gëtt eng Reform vun de Krankekeesen, déi fräi Behandlung, de volle Loun am Krankheetsfall, d'Ofschafung vun de Klassen an de Spideeler an déi beschtméiglech Preventivmedizin.

De Schrëftsteller Guy Rewenig verëffentlecht fir deen Dag e Gedichtband mam Titel "Kampfmaschine". Mee och hien denkt deemools un e Mann beim Gesondheetssecteur, wann hien - zu Recht - 1973 schreift: "Arbeiter müssen in der Regel mit drittklassigen Krankenhauszimmern vorlieb nehmen. Dafür haben sie den Vorteil erstklassige Krankheiten aufzuweisen."

Ëmgedréit mécht haut d'Corona-Pandemie grad d'Aarbecht vun de Fraen, 76 Prozent vun de Salariéen am Gesondheets- a Sozialsecteur, visibel. An de Botzdéngschter, déi jo och fundamental fir d'Spideeler sinn, maachen d'Fraen hei am Land souguer 83 Prozent aus. Dës Visibilitéit gëtt dem OGBL, majoritär Gewerkschaft am Gesondheetssecteur, d'Geleeënheet drop hinzeweisen, datt et mat enger Prime an dësen haarde Beruffer net gedoen ass. Méi Leit gi gebraucht, besser Aarbechtsbedéngungen an eng Reform vun der Ausbildung mat Revaloriséierung vun de Karriären.

Frontalieren am Gesondheetssecteur

Och op d'Wichtegkeet vun de Frontalieren, majoritär an dësem Secteur, gouf wärend dem Confinement higewisen. Wéi vill sozial Verbesserunge fir dës Net-Wieler um politesche Plang no de schéine Wierder grad elo nees op Nationalfeierdag eraussprangen, steet op engem anere Blat.

Vun den 1990er Joren un, an dem Walrecht fir auslännesch Salariéë bei de Sozialwalen, hunn op d'mannst d'Gewerkschaften de Spidolssecteur endlech méi an d'Viséier geholl an ëmmer nees mobiliséiert fir en Ugläiche vun de Gesondheets- a Sozialberuffer mat der Fonction publique ze erkämpfen. Mee eréischt d'Droung mam Streik an d'Massemanifestatioun vun 2016 hunn en Duerchbroch bruecht mam Kollektivvertrag mat der Fédération des Hôpitaux 2017 an enger Revaloriséierung vun de Karriären ëm 23 Prozent.

Och an aneren Hisiichte géif sech eng méi déif historesch Recherche zum Gesondheetssecteur lounen. Esou huet de Lëtzebuerger System sech, trotz der historescher Wichtegkeet vu privaten Träger wéi d'Kongregatiounen oder d'Stolkonzerner, am Géigesaz zu Däitschland, Éisträich oder der Schwäiz net dualiséiert a sech déi lescht Joerzéngten duerch eng kontinuéierlech Ausweidung vu verschiddene Leeschtungen an der Aféierung vun enger staatlecher Flegeversécherung ausgezeechent.

Ob d'Bewosstsi vun der Wichtegkeet vun engem staarken a presente Staat am Gesondheetssecteur an uerdentlechen Aarbechtsbedéngungen a Léin an dëser Corona-Kris d'Gefor vun enger Privatiséierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen wierklech gebannt huet, wäerten déi nächst Joren eis weisen.