Radioen

On air

Al Schanken  |  Willie Nelson - Gotta Serve Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De l'Asie à la France libre

Sachbicher

De l'Asie à la France libre

De 24. Februar 1941 gëtt bei de Färöer Inselen ee Schëff vun däitschen U-Booter attackéiert. Mat u Bord sinn de Joseph an d'Marie Hackin - zwee gebierteg Lëtzebuerger Archeologen, déi fir Frankräich op geheimer militärescher Missioun waren. Virun zwee Joer huet eng Ausstellung zu Paräis un déi zwee Wëssenschaftler erënnert, déi fir hiren Asaz wärend dem Zweete Weltkrich posthum vum Charles de Gaulle mam Ordre de la Libération dekoréiert goufen.

auto_stories

5 min

Hir Geschicht erënnert bëssen un d'Abenteuer vun engem fiktiven amerikanesche Filmheld: een Archeolog sicht an exotesche Länner no vergruewe Schätz a bedeelegt sech um Kampf géint d'Nationalsozialisten. Dem Joseph an der Marie Hackin hiert Liewen huet effektiv eppes Romanhaftes - jo, scho bal Mythesches. Kee Wonner also, datt sech ronderëm dës zwee Wëssenschaftler eng Aart Legend gebilt huet, déi bis haut unhält.

Dat beweist och déi rezent Ausstellung zu Paräis, déi an Zesummenaarbecht mam Musée Guimet fir asiatesch Konscht an dem Musée de l'Armée organiséiert gouf.

Wéinst hiren diverse Verdéngschter um wëssenschaftlechen a militäresche Plang goufen d'Hackin'e no a no an der franséischer Geschichtsschreiwung als exemplaresch Patriote stiliséiert. Datt déi zwee Helde vu Gebuert eigentlech keng Fransouse waren huet dësem Bild net geschuet - ganz am Géigendeel.

Op dat Wesentlecht fokusséiert

Och den Ausstellungskatalog follegt dëser Narrativ. A kuerzen Texter, déi dacks net iwwer eng Säit erausginn, offréiert d'Buch een Iwwerbléck op déi wichtegst Etappen aus dem Liewe vun den Hackin'en. D'Texter ginn net an den Detail vun der Matière, mee limitéiere sech op dat Wesentlecht.

D'Schwéierpunkte vum Buch sinn engersäits d'Reesen an Asien an anerersäits d'Roll vun den Hackin'en an der franséischer Resistenz.

Et war am Musée Guimet fir asiatesch Konscht, wou de Joseph Hackin sech als jonke Wëssenschaftler fir d'éischt een Numm als Asien-Spezialist gemaach huet. Seng Studie muss hien awer 1914 mam Ausbroch vum Éischte Weltkrich abrupt ënnerbriechen.

Den Hackin zitt fir d'éischte Kéier fir Frankräich un d'Front. Zu Verdun, op der Marne an an der Ukrain erlieft hien d'Schrecke vum industrialiséierte Krich.

"Le spectacle que les gens de ma génération ont eu sous les yeux n'est pas de nature à nous faire oublier le sort malheureux de l'humanité. Nous n'avons connu ni anesthésique ni euphorie. J'ai fait la guerre à 26 ans et je n'ai trouvé aucune raison particulière d'optimisme métaphysique, aucune source d'enchantement."

Faszinatioun Asien

Vun dësem existenzielle Pessimismus befreit sech de Joseph Hackin eréischt no senger Rees an Asien. De Kontinent - a besonnesch d'buddhistesch Kultur - hunn den Hackin als jonke Fuerscher scho faszinéiert. Matten am Krich promovéiert hie mat enger Aarbecht iwwer tibetanesch Konscht. Nach kennt hien Asien awer just aus senge Bicher. Ufank vun den 1920er Jore bitt sech dann eng éischt Geleeënheet fir eng Expeditioun an Afghanistan.

"Partir pour l'Afghanistan! La question se pose et la réponse doit être donnée avant la fin de cette semaine. C'est une désapprobation générale si je ne pars pas, désignation d'office ou presque. Kaboul - ainsi s'inscrit ma destinée, c'est bien ma ligne. Pourquoi ne pas accepter sans enthousiasme et sans regret?"

An dësem neigegrënnte Land konnt Frankräich sech ee Monopol op d'archeologesch Ausgruewunge sécheren. Zu dësem Zweck gouf am Joer 1922 d'Délégation Archéologique Française en Afghanistan gegrënnt- oder an der Kuerzform DAFA -, eng Institutioun, déi et iwwregens haut nach gëtt.

Destinatioun Afghanistan

Fir déi éischt Gruewungen an Afghanistan realiséieren ze kënnen huet d'DAFA awer ee kompetenten, archeologeschen Assistent gebraucht. De Choix fält séier op de Joseph Hackin.

"Tout est maintenant décidé pour le départ, je suis déjà parti ... en esprit, vers le pays des longues chevauchées de l'aventure. Enfin ma vie va se dégager, s'unifier, prendre un sens au contact de la solitude."

Seng éischt Rees an Afghanistan am Joer 1924 huet de Joseph Hackin staark gepräägt an et sollt hien ëmmer erëm an dëst Land zéien. Dës Passioun fir asiatesch Konscht an Archeologie huet hie mat senger Liewensgefährtin gedeelt. Sou wéi de Joseph hat och d'Marie Hackin lëtzebuergesch Originnen.

Eng sensationell Entdeckung

Wéi, wou a wéini de Joseph an d'Marie sech kennegeléiert hunn, ass net ganz kloer, mee d'Chercheure ginn dovunner aus, datt hir gemeinsam lëtzebuergesch Wuerzelen eng wesentlech Roll gespillt kéinten hunn.

Vun 1929 u begleet d'Marie de Joseph Hackin op seng archeologesch Missiounen an Afghanistan. Et ass och wärend enger vun dësen archeologesche Missiounen, datt am Joer 1937 ënner der Leedung vun der Marie Hackin de sougenannte Schatz vu Bagram entdeckt gëtt. An enger Kummer aus dem éischte Joerhonnert no Christus fannen d'Archeologe Statuen aus indeschem Elfebeen, réimesch Glieser, Vasen aus Ägypten a Konschtwierker aus China. Eng sensationell Entdeckung déi beweist, datt Afghanistan scho ganz fréi een Treffpunkt fir verschidde Kulture war.

Asaz am Zweete Weltkrich

Nieft den archeologesche Gruewungen thematiséiert Buch och den Asaz vun den Hackin'e wärend dem Zweete Weltkrich. De Joseph an d'Marie Hackin verloossen direkt no Krichsausbroch fräiwëlleg den Afghanistan fir sech aktiv un der Resistenz ze bedeelegen. Zu London engagéiert sech d'Marie Hackin an enger Unitéit vu fräiwëllege Fraen. De Joseph Hackin ass sengersäits zoustänneg fir d'Auslandsbezéiunge vun der France Libre. Ufank 1941 gouf hie vum De Gaulle an Indie geschéckt fir d'Interessi vu Frankräich an Asien ze verteidegen. Weder de Joseph nach d'Marie sollte jee do ukommen.

An enger Luewried nom Krich heescht et:

"J'ai le regret de vous confirmer la perte douloureuse que nous avons faite en la personne de M. Joseph Hackin, correspondant de notre Compagnie. La triste nouvelle n'a été que récemment communiquée officiellement avec indication des circonstances dans lesquelles notre confrère a trouvé la mort. Il partait en mission vers les Indes avec Mme Hackin, sa précieuse collaboratrice, lorsque le vaisseau qui les portait sombra dans la mer du Nord, au cours de l'hiver 1941. Il est mort pour la France. Il a beaucoup aimé notre pays et lui a, on peut le dire, consacré toute sa vie. "

De Joseph an d'Marie Hackin goufen alle béid nom Krich fir hiren Asaz mam Ordre de la Libération ausgezeechent - ee Gielchen, dee vum Charles de Gaulle geschaf gouf fir besonnesch verdéngschtvoll Zaldoten auszezeechnen. Insgesamt goufen nëmme 1.038 Persounen mat dësem Uerden dekoréiert - dorënner sechs Frae. De Joseph an d'Marie Hackin sinn déi eenzeg Koppel ënner den Dekoréierten.