Radioen

On air

Al Schanken  |  Janis Joplin - Work Me, Lord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​De Lëtzebuerger Fligermusée

Muséeën iwwer Bierg an Dall

​De Lëtzebuerger Fligermusée

De Lëtzebuerger Fligermusée huet de 15. Juni 2012 seng Dieren am Pavillon vun der Kind-Quell am Park vum Thermalbad zu Munneref opgemaach. De Musée de l'aviation ass deen éischte Musée zu Lëtzebuerg, dee sech mat der Fligerei hei am Land beschäftegt.

auto_stories

2 min

Eent vun den Haapttheeme vum Musée ass deen éischten groussen internationale Meeting vun der Fligerei zu Munneref am Joer 1910, dee sengerzäit op d'Bedreiwe vum Charles Bettendorf op deem senger Proprietéit ofgehale gouf. De Musée steet virun allem als Hommage un d'Stad Mondorf, déi am Abrëll 1910 den Theater vun éischten Vol am Lëtzebuerger Fluch Espace gebueden huet.

De Musée situéiert sech op zwee Stäck. Haut gëtt de Musée vum Veräin Association luxembourgeoise pour le maintien du patrimoine aéronautique bedriwwen.

Op Parachutisme, déi sougenannten ULMen, d'Ballonen oder Fligeren, all Spachten aus der kommerzieller a sportlecher Aviatioun sinn am Fligermusée vertrueden.

Doriwwer eraus kann de Visiteur och gesinn, wéi zum Beispill eng Meteostatioun fonctionéiert, oder eng eent zu eent Opnam tëschent engem Pilot an enger Kontrollstatioun lauschteren.

D'Pièce maîtresse ass mat Sécherheet de roude Fliger vum Constructeur Klemm, deen aus dem Joer 1934 staamt. Eng Klemm ass e Fliger, deen 1936 vun engem däitsche Konstrukteur gebaut gouf, deen net fir déi preisesch Arméi geschafft huet.

De Fliger wier och enk mat der Geschicht vum Menny Kremer verbonnen, dee sech ëm de Fliger gekëmmert huet an och mat him geflunn ass. De Menny Kremer war bekannt, well hien nom Zweete Weltkrich an an de 50er Joren déi privat Fligerei mat entwéckelt huet.

Den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin war de Vincent Wiesenbach, de Brudder vum Jacques Wiesenbach. "Dat war d'Zäit vun de Gebridder Wright an Amerika. An hei hu privat Leit mat klenge Moyenen hir Fligeren zesummegesat. De Vincent hat mat der Nummer 51 deen éischte Lëtzebuerger Piloteschäin.