Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi lescht Wanderschéiferei zu Lëtzebuerg"

Natur an Ëmwelt

"Déi lescht Wanderschéiferei zu Lëtzebuerg"

De Schéifer ass e Beruff, deen ëmmer méi verschwënnt, et ass nämlech net ëmmer einfach, et muss een extrem flexibel sinn. D'Myriam an de Florian Weber hunn de Schofbetrib viru sechs Joer iwwerholl. Zënterhier hu si net vill Zäit fir Privates a Famill. Mir hunn een Dag laang an déi lescht Wanderschéiferei hei am Land eragekuckt.

auto_stories

5 min

Ronn 250 Schof huelen eis haut mat, ronn véier Kilometer vun engem Biotop an deen nächsten. Lass geet et zu Ëlwen am Norde vum Land Richtung Pafemillen. Ronn 25 Leit an zwee Muppe si mat ënnerwee. Mir si Wanderschäfer fir een Dag an d'Schof, déi mir begleeden, déi gehéieren der Schäferei Weber.

Si sinn déi lescht Wanderschéiferei zu Lëtzebuerg. "Mir hunn circa 600 Mammeschof, déi am Naturschutz ënnerwee sinn an zwou Gruppen opgedeelt. Déi am Hannergrond sinn eis Schwarzkopf, si sinn zu ongeféier 200 Mamme mat Lämmer. Eis Schof kommen haaptsächlech am Naturschutz zum Asaz."

An dat an Zesummenaarbecht mat den Naturparken, der Stëftung Natur & Ëmwelt, dem Naturschutzsyndicat Sicona an der Natur- a Bëschverwaltung. De Florian an d'Myriam Weber hunn de Schofbetrib viru sechs Joer iwwerholl.

Nieft der Wanderschéiferei Weber géif et nach ee Beruffsschäfer am Pommerlach hei zu Lëtzebuerg ginn an ee landwirtschaftleche Betrib, deen och eng gutt Partie Schof hätt.

Flexibilitéit an Iwwerzeegung immens wichteg

De Florian Weber ass ausgebilte Schéifer, hien huet dräi Joer laang eng Léier an Däitschland gemaach. D'Myriam, seng Fra ass - wéi si selwer seet - bäigeprafft. "Dat heescht ech hat mäi Mann eng Kéier beim Schofschuere gesinn, en huet mir gutt gefall an ech wollt en - an ech krut en." Wann ee mat engem Schéifer zesumme wier, da misst ee flexibel sinn. "Dat heescht, wa mir dann zum Beispill e Rendez-vous haten, dat huet och net ëmmer geklappt. Da bass de e bëssen enttäuscht, mee du léiers mat der Saach eens ze ginn. Du bass immens flexibel."

E grousse Problem bei der Schéiferei wier, datt een net vill Zäit fir Frënn a Famill hätt. Dat wier och e Grond, wisou sech vläicht manner Leit fir de Beruff géifen interesséieren.

"An Däitschland wier den Duerchschnëttsalter vun engem Schéifer 56 Joer, seet d'Myriam Weber. "Da si mir mat eisen Ufank 30 Youngsters. Dat heescht, et ass ee Beruff, deen tatsächlech um Ausstierwen ass. Mir féieren en Nischendasein." Et muss ee mat Häerzblutt dobäi sinn, seet d'Myriam Weber, soss géif een dat net laang maachen.

Si zwee hätte sech 2012 fir de Beruff decidéiert, well si "wierklech dru gleewen an dat wëllen". Mee prinzipiell gi Schéifereien net gegrënnt a sidelen net aus, mee déi ginn zou a gi lues a lues verdrängt: "Ob dat beim Lännereiverkaf ass, bei deem s du net kanns mathalen, ob dat um Weltmarché ass, wou s du vun Neuseeland Drock gemaach kriss vu Präisser, déi s du net hale kann. Schéifereie si staark bedroht."

Manner Schéifer: Manner Biodiversitéit

A Frankräich géifen elo - duerch e staatleche Programm - d'Schéifer an der Ausbildung direkt eng ganz Pai bezuelt kréien, well hei jorelaang kee méi de Beruff geléiert hätt.

An de leschte 15 Joer hätt sech d'Zuel vun de Schof an de Nopeschlänner vu Lëtzebuerg op d'Halschent erofgeschrauft. Elo géif ee mierken, datt et an zéng Joer keng Schéifereie méi géif ginn, wann een näischt géif ënnerhuelen. An dat misst ee verhënneren, seet de Florian Weber. Well: De Verloscht vun den Planzen- an Déierenaarten geet Hand an Hand mam Verschwanne vun de Wanderschéifer, do si sech d'Myriam an de Florian Weber eens.

Déi Biotopen, déi et zu Lëtzebuerg géif ginn, wieren duerch Stroossen, duerch Dierfer, Stied oder einfach duerch Kulture getrennt.

"Doduerch datt mir vun engem Biotop an deen nächste ginn, droen d'Schof déi Planzesomen an Insekten am Mo, an der Woll oder an de Klauen mat an deen nächste Biotop. An esou verbanne mir déi Biotope mateneen, déi u sech keng Verbindung mateneen hunn. Dat ass ganz wichteg fir d'Genetik vun de Planzen an den Insekten. Eng Planz ass wéi all Liewewiesen: Wa si ze vill ënnerteneen op hirer Plaz stinn, da gëtt et Inzucht an dat ass net gutt." Dowéinst wier et wichteg, datt déi seele Planzen, déi an deene Fläche stinn, matenee vernetzt ginn."

Neit Agrargesetz berücksichtegt Wanderschéifer net

De Florian an d'Myriam Weber sinn trotzdeem nach optimistesch, datt si dat packen. Et misst ee just vill dofir kämpfen - fir datt si als landwirtschaftleche Betrib unerkannt ginn. Am neien Agrargesetz, dat virun zwee Méint an der Chamber gestëmmt gouf, wier net u si geduecht ginn, bedauert de Florian Weber.

"Well mir esou seele sinn, fale mir do dacks einfach duerch de Gitteren duerch. Wann een um Pabeier net wéi e klassesche landwirtschaftleche Betrib ausgesäit, da gëtt och dacks einfach gär gesot 'dat do ass jo keng Landwirtschaft'."

Momentan hätt een nach vill Problemer, fir déi richteg Unerkennung ze fannen, an datt d'Agrargesetzer esou gemaach ginn, datt d'Schéiferei eppes dovunner huet, dat heescht en Usproch op Fërderungen an Ënnerstëtzung kréien.

Alldeeglech Problemer

Et sinn déi alldäglech Erausfuerderunge mat deenen d'Myriam an de Florian Weber konfrontéiert sinn. Vill Leit géifen hautesdaags d'Stroosse beusproochen, soen déi zwee Wanderschäfer. Mee gréisstendeels géif et awer vill Toleranz am Verkéier ginn.

"Heiansdo fillen ech mech wéi dee meescht fotograféierte Lëtzebuerger. Natierlech ginn et och där anerer, déi da kommen an da gesäis du se schonn am Auto hin an hier sprangen, well si elo net weider kënnen. Mee dat ass awer ganz seelen, well et ass awer ëmmer e Bild, wou d'Leit e bësse perplex sinn a sech einfach freeën, esou eppes ze gesinn."