Radioen

On air

E-Lodie  |  Francis Gri - Lull Part 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E kuerze Krich mat laange Folgen

Konsequenze bis haut

E kuerze Krich mat laange Folgen

50 Joer sinn et hier, datt dee sougenannte "Sechs-Deeg-Krich" am Noen Osten ausgebrach ass. E kuerze Krich, ëmmerhin hate mer Kricher vun 30 oder 100 Joer, awer ee mat Konsequenzen, déi nach bis haut undaueren.

auto_stories

3 min

Simone Beck

De 16. Mee 1967 hunn d'egyptesch Autoritéiten d'UNO-Truppen, déi op der Sinai-Hallefinsel stationéiert ware fir d'Grenz mat Israel ze sécheren, gezwongen ofzezéien. Eng Woch méi spéit huet den egyptesche President Nasser de Suez-Kanal an de Golf vun Akaba fir israelesch Schëffer gespaart, esou dass si hu misse ronderëm ganz Afrika duerch d'Mëttelmier fueren.

Egyptesch Loftwaff bal ganz zerstéiert

Ufank Juni sinn d'Israeli du gewuer ginn, datt Egypten, Syrien a Jordanien plange géife fir si vun dräi Säiten aus unzegräifen. Si hu präventiv reagéiert an de 5. Juni 1967 hu si d'egyptesch Loftwaff attackéiert, déi nach um Buedem war, an hu se praktesch ganz zerstéiert. Bannent sechs Deeg huet Israel den Egypter d'Sinai-Hallefinsel an de Gaza-Sträifen ofgeholl, huet Ostjerusalem, Nablus a Jericho zum Nodeel vu Jordanien eruerwert an huet géint Syrien op de Golan-Héichten gewonnen.

Duerch dës blëtzaarteg Victoire ass Israel déi gréisste Muecht am Noen Osten ginn. Déi grouss Muecht Egypten huet missten hier Dreem vun engem panarabesche Staat begruewen, Syrien huet strategesch wichteg Grenzgebidder verluer a Jordanien huet sech op säin Territoire zréckgezunn.

Fir d'Palestinenser war de Verloscht vun Ostjerusalem besonnesch schwéier, well si aus deem Deel vun der helleger Stad wollten d'Haaptstad vun engem zukünftege Palestinenserstaat maachen. Iwwert eng Millioun zousätzlech Palestinenser hunn elo op israeleschem Territoire gewunnt. 300.000 goufe wéinst Grenzsécherungsoperatiounen aus hiren Uertschafte verdriwwen. An deene vun Israel besate Gebitter, awer och am ganzen Noen- a Mëttleren Osten ass d'Feindschaft géint Israel gewuess. Am Summer 1967 hunn d'arabesch Staaten zu Karthum am Sudan déi "3x Neen"-Resolutioun beschloss: "Neen zum Fridde mat Israel, neen zu Verhandlunge mat Israel, neen zur Unerkennung vun Israel."

Konfliker, Frustratiounen an Aggressivitéit

Am November 1967 huet d'UNO déi berühmte Resolutioun 242 erlooss, an där Israel opgefuerdert ginn ass, déi besate Gebitter zréck ze ginn. Dat sollt laang net geschéien. Eréischt 1982 huet Israel d'Sinai-Hallefinsel un Egypten zréckginn, als Géigeleeschtung dofir, datt Egypten Israel als Staat unerkannt huet. 2005 Israel sech aus dem Gaza-Sträif zréckgezunn, huet awer weider d'Westjordanland besat, wou och déi berühmte Settlements gebaut goufen.

Dës, an den Aen vun der UNO illegal, Siidlunge leien a Géigenden, déi de Palestinenser zougesprach ginn ass. Dat huet natierlech Konflikter, Frustratiounen an Aggressivitéit provozéiert, déi en Zesummeliewe vun Israeli a Palestinenser ëmmer méi onméiglech gemaach hunn an déi di wirtschaftlech Entwécklung vun deenen zwou Säite gebremst hunn. Eng explosiv Situatioun, déi nach duerch eng néng Meter héich Mauer, déi Israel iwwer méi wéi 800 km ronderëm d'Westjordanland gebaut huet, verstäerkt ginn ass.

Duerch Trump nach méi destabiliséiert

Duerch d'Amëschung vun de westlechen Natiounen an de Versuch vu Länner wéi Iran, Irak a Saudi-Arabien an der Géigend Fouss ze faassen, ass d'Lag nach méi komplex a schwiereg gemaach ginn.

Allerdéngs musse mir och soen, datt dat, wat bis nach virun e puer Méint am Noen Osten als onëmstéisslech gegëllt huet, déi virbehaltlos Ënnerstëtzung vun Israel duerch d'USA, haut net méi wouer ass. Duerch déi Milliarde Waffendealer, déi den Donald Trump virun e puer Deeg mat Saudi-Arabien ofgeschloss huet, gëtt eng Géigend nach méi destabiliséiert, wou d'Mënschen zanter 50 Joer un den Nowéie vun engem Krich leiden, déi a sechs Deeg un an aus war. An an deem sengem siwenten Dag mir haut nach liewen.