Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Slow Leaves - American Band

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Nori säi Wee: "Ech wëll mech gär operéiere loossen"

Trans'Kanner an der Schoul

Dem Nori säi Wee: "Ech wëll mech gär operéiere loossen"

D'Nori ass en eelef Joer aalt Trans'Meedchen. Dat heescht: No medezineschen Normen huet d'Nori bei senger Gebuert dat männlecht Geschlecht zougeuerdent kritt, mat deem et sech net identifizéiere kann: Hatt ass e Meedchen, säi biologescht Geschlecht ass dat vun engem Jong.

auto_stories

4 min

Dem Nori säi Wee - Déi komplett Reportage lauschterenplay_arrow

D'Nori wousst eegenen Aussoen no scho ganz fréi, datt hatt e Meedchen ass. Virun engem Joer hu mir Iech d'Nori virgestallt. Elo, ee Joer dono, hu mir eis bei enger Glace nees mat him getraff. Dat jonkt Meedchen ass frou, nees zu Lëtzebuerg ze sinn. Och wann de Besuch dacks ganz kuerz ass. "Et sinn immens vill Leit hei, déi mech ënnerstëtzen."

Formatioune fir d'Léierpersonal

Ufank Februar gouf fir d'zweete Kéier hei zu Lëtzebuerg eng Weiderbildung iwwer Trans'Kanner an der Schoul vum Institut de Formation de l'Education Nationale (IFEN) zesumme mat der Lëtzebuerger Organisatioun Intersex and Transgender Asbl organiséiert. An och dëst Joer koumen d'Phine an d'Nori vu Berlin heihi fir ënner anerem mam Lëtzebuerger Léierpersonal doriwwer ze schwätzen.

Dem Nori war, wéi hatt selwer seet, scho mat dräi Joer bewosst, datt hatt e Meedchen ass

Esou eng Formatioun vum IFEN wier weltwäit eemoleg, begréisst den Dr. Erik Schneider vun der Organisatioun Intersex & Transgender. Zu Lëtzebuerg, esou den Psychiater a Psychotherapeut, géif et vläicht grad dowéinst och eent vun deene "beschte Gesetzer" weltwäit ginn, fir datt Trans'Persounen hiert Geschlecht am État civil kënne changéieren. Dat zielt och fir Mannerjäreger, souwäit hir Elteren domat averstane sinn. Dat entspriechend Gesetz gouf d'lescht Joer am Juli mat 57 vu 60 Stëmmen an der Chamber gestëmmt.

Gespréichsthema an der neier Schoul

Zanterdeem datt d'Nori déi leschte Kéier zu Lëtzebuerg war, huet sech sou munches geännert. Hatt mécht elo Feierakrobatik an huet d'Schoul zu Berlin gewiesselt. An do huet eng Saach, déi d'Nori betrëfft, direkt fir Gespréichsthema gesuergt: d'Nori ass Trans'.

D'Kanner a senger neier Schoul hätten awer just am Ufank doriwwer geschwat, seet d'Phine, dem Nori seng Mamm. Trotzdem wier et wichteg, d'Leit ronderëm opzeklären. Aus deem Grond wëllen d'Nori a seng Mamm a senger Klass och de Film iwwer seng Transidentitéit "Mädchenseele" vun der Anne Scheschonk aus dem Joer 2016 weisen.

Trans' huet näischt mat sexueller Orientéierung ze dinn

Et ass dem Phine an dem Nori wichteg, d'Leit opzeklären a Viruerteeler aus dem Wee ze raumen. Trans' sinn, esou d'Phine, huet näischt mat enger sexueller Orientéierung ze dinn, mee mat der Geschlechtsidentitéit. D'Nori ass als Meedchen ageschoult, huet e Meederchersnumm a geet och op d'Meedercherstoilette.

Fir datt dat esou an der Gesellschaft akzeptéiert gëtt, kämpfen d'Nori a seng Mamm d'Phine vu Berlin.

Soubal d'Nori volljäreg ass, wëllt hatt sech gär operéiere loossen "fir dat richtegt Geschlecht ze kréien." Dofir wëllen d'Nori a seng Mamm an Thailand reesen, well d'Dokteren dohannen, wéi si soen "am beschten operéieren."

Pubertéit soll gestoppt ginn

D'Nori huet elo 11 Joer, geschwë kënnt d'Meedchen an d'Pubertéit. Bei Trans'Meedercher setzt d'Pubertéit méi spéit wéi bei den Trans'Jongen an. "Den Ament passéiert, ausser Stëmmungsschwankungen an Zickereien, nach net vill. Ech hoffen, datt mir nach een, zwee Joer Zäit hunn."

Wann et da souwäit ass, wëllt d'Nori Hormonblocker asetzen, déi d'Pubertéit bis op Weideres stoppen. Et gi verschidde Méiglechkeeten, op déi een zeréckgräife kann, esou d'Phine.

"Et gëtt e Gel an et gi Sprëtzen. Beim Gel ass et mega komplizéiert, well ee fir d'éischt muss duschen, da muss d'Haut richteg gutt ofgedréchent ginn, da mécht een d'Crème drop an da muss ee fënnef Minutte waarden, bis se agezunn ass an dann dierf ee sech eréischt undoen. Dofir muss een all Dag op d'mannst eng hallef Stonn aplangen. Ech froe mech, ob et net méi angenehm ass, wann een all véierels Joer ee Mol eng Sprëtz mécht an dann ass et gutt." D'Pubertéit ass keng liicht Zäit a wäert viraussiichtlech och Thema am Nori senger Klass ginn.

"Formatioune solle weider ugebuede ginn"

D'Nori, d'Phine an den Dr. Erik Schneider hoffen, datt den IFEN och weiderhi Formatiounen ëm Trans'Kanner an der Schoul ubitt. Pedagog_inne misste fir d'éischt verstoen, wat Trans' eigentlech ass, an eréischt da kéint ee konkret eppes bewierken.

D'Zil ass, datt een net méi extra iwwer Trans' muss schwätzen, mee datt sech d'Normen iergendwann esou veränneren, datt Inclusioun erreecht gëtt, esou de Psychiater a Psychotherapeut Dr. Erik Schneider. Kanner solle vu Klengem u léieren, datt et eng grouss Diversitéit vu Mënsche gëtt.