Radioen

On air

Tockcity  |  Two Door Cinema Club - Happy Customers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee vun den aflossräichste Psychologen op der Welt

Sucht

Ee vun den aflossräichste Psychologen op der Welt

De Joël Billieux, Fuerscher un der Universitéit Lëtzebuerg, ass engem Ranking no, ee vun den aflossräichsten Akademiker a sengem Beräich weltwäit. De Pit Walté huet bei him nogefrot, no wéi enge Krittären esou e Ranking festgeluecht gëtt an huet och mat him iwwer seng Aarbecht geschwat.

auto_stories

3 min

Bei senger Aarbecht konzentréiert de Psycholog sech virun allem op d'Sucht a schafft do och u méi neien Themen, wéi der Videospill-Ofhängegkeet.

De véiert aflossräichste Psychologen op der Welt am Joer 2018, deen Titel huet sech de Joël Billieux lescht Joer verdéngt. Eng grouss Reconaissance an och eng grouss Iwwerraschung, esou de Schwäizer Wëssenschaftler, deen dann och erkläert huet, wéi dëse Ranking opgestallt gouf.

"Fir all wëssenschaftlechen Artikel gëtt berechent, wéi dacks déi a vergläichbarer Fachliteratur zitéiert gouenf. A wat dobäi eraus komm ass, ass dat d'Aarbecht déi mir gemaach hunn, zu deenen zielt, déi am heefegsten zitéiert goufen."

D'Problematik vu Videospill-Ofhängegkeet

"The Field-Weighted Citation Impact", gëtt deen Index genannt. An dono goufen dem Joël Billieux seng Aarbechte lescht Joer véier mol méi heefeg zitéiert, wéi dat bei ähnleche Publikatiounen an der Psychologie de Fall war. De Wëssenschaftler selwer huet och méiglech Grënn dofir.

"Ech mengen et ginn zwee Facteuren déi wichteg sinn. Ech schaffen engersäits mat villen internationale Wëssenschaftler zesummen, wat et erméiglecht d'Etüden, net nëmmen hei zu Lëtzebuerg duerch ze féieren, an se esou méi pertinent ze maachen. An Anerersäits schaffen ech un Themen déi de Moment ganz aktuell sinn. Zum Beispill d'exzessiv Benotze vu neien Technologien, wéi dem Smartphone oder de Videospiller."

D'Videospill-Ofhängegkeet ass an der International Classification of Diseases vun der WHO mëttlerweil als Krankheet mat opgeholl. Dat géif awer elo net heeschen, datt jiddwereen dee vill spille géif, och krank wier, esou Joël Billieux, dee fir d'Weltgesondheetsorganisatioun am Beräich vun de Videospiller och Expert ass. Nëmme bei engem bis zwee Prozent vun de Leit, déi all Dag spillen, hätt et en Afloss op den Alldag.

Sucht bei "World of Warcraft"

E Spill op dat sech de Joël Billieux bei senger Fuerschung scho konzentréiert huet, ass World Of Warcraft. E Spill, an deem ee mat engem Avatar an enger anerer Welt ënnerwee ass, do Aufgaben erfëlle kann an sech e ganzt sozial Netzwierk abaue kann, quasi eng zweet Existenz. A se hunn tëscht de Spiller no Problemfäll gesicht, also déi, déi krankhaft vill spillen a si hunn déi an zwee Kategorien ënnerdeelt. Eng Kéier d'Achievers, also déi, déi spillen, fir esou vill z'erreeche wéi méiglech an d'Escapers, déi déi dat Videospill spillen, fir aus dem Alldag ze kommen. An do géif ee gesinn, eng Videospill-Sucht ass net ëmmer gläich an deementspriechend, misst een déi och anescht therapéieren, esou de Joël Billieux.

"Mir kënne mat deenen zwee Gruppen net op déi selwecht Aart a Weis schaffen. Bei engem Achiever geet et drëms d'Motivatioun, d'Verhalen an d'Relatioun zu dem Videospill z'änneren. Mee bei den Escapers funktionéiert dat net. Si spillen, wëll se eppes vergiesse wëllen oder virun eppes ewech lafen. Dofir muss een un dësen Ängschten oder der Depressioun schaffen. D'Spillverhale wäert sech dono da vun eleng änneren. "

Nieft de Videospiller ënnersicht de Schwäizer Wëssenschaftler awer och nach méi klassesch Formen vun Ofhängegkeeten: Fëmmen, Drogen, Alkohol oder Glécksspill. A senger Erfarung no, géif et Facteure ginn, déi ëmmer bei enger Sucht do sinn. Zum Beispill wier d'Impulsivitéit an d'Kapassitéit déi ze kontrolléiere wichteg. Impulsiv Mënschen hunn bei enger Sucht éischter Schwieregkeeten hire Problem ze kontrolléieren.

Ënnerscheeder ginn et och tëscht de verschiddene Forme vun enger Sucht. Zum Beispill ass d'Motivatioun eng Aner wann een Alkohol-ofhängeg ass, wéi wann een eng Videospill-Sucht huet.