Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eis Integratiouns-Mechanisme stinn am Stau

Zesummeliewen

Eis Integratiouns-Mechanisme stinn am Stau

Vun den Net-Lëtzebuerger gëtt erwaart, datt si sech integréieren. Mä wéi eng Moyene gi sech d'Lëtzebuerger? Ass een eréischt Lëtzebuerger, wann een d'Nationalitéit huet? E Fräie Mikro vum Laura Zuccoli.

auto_stories

3 min

Laura Zuccoli

De Schratt Lëtzebuerger ze ginn, gëllt als Ofschloss vum Integratiounsprozess vun engem Auslänner. Dobäi gëtt vergiess, dat déi richteg Integratioun domat ze dinn huet, ewéi vill ee sech an eiser Gesellschaft abréngt, mat anere vernetzt ass, sech a Veräiner engagéiert, sech an enger Gemeng fir d'Allgemengheet asetzt, sech op enger gemengepolitescher Wahllëscht opstellt, bei Noperschaftsfester aktiv matmécht a sou weider. Dat alles ass ouni Lëtzebuerger Pass méiglech.

Mä dofir muss ee wëssen, wei mir hei liewen. Do ass et hëllefräich e Krees vu sozial, engagéierte Leit ze kennen. Do brauch ee vill Courage a Selbstsécherheet fir op Anerer duerzegoen.

Sech an d'Gesellschaft abréngen

Et gëtt zu Lëtzebuerg de Contrat d'Accueil et d'Intégration kuerz CAI genannt. Deen erlaabt den Net-Lëtzebuerger, déi dëse fräiwëllege Kontrakt ënnerschreiwen, Sproochecoursen zu gënschtege Präisser ze besichen a sech a Civic-Coursen iwwer eist Land ze informéieren. Donieft och vill interessant Servicer a Verwaltunge kennen ze leieren, déi een am Alldag brauch. E flott Instrument, fir dat déi vill Net Lëtzebuerger, déi all Joers hei op Lëtzebuerg liewe kommen, sech hei besser erëmfannen, eis Kultur, eis Rechter a Flichte kenne leieren a sech esou méi einfach an eis Gesellschaft abréngen.

Elo ass et awer esou, datt ronderëm dëse Kontrakt wéineg Reklamm gemaach gëtt. Vläicht, well een elo muss bis Januar 2018 waarden, fir en Rendez-vous beim OLAI ze kréien, bis een esou e Kontrakt CAI kann ënnerschreiwen. Schued, datt d'Integratiounsloscht vun eisen Net Lëtzebuerger wéinst Manktem u Mëttele gebremst gëtt

Zousätzlech ass et och immens schwéier e lëtzebuergesche Cours ze fannen. Besonnesch wann ee schafft. D'Demande ass extrem grouss, nëmmen eleng am Institut National des Langues waren d'lescht Joer 3.500 Leit ageschriwwen. Dat ass e plus vu ronn 1.000 Aschreiwungen am Verglach zu 2012.

Potenziell Bierger, déi mat wiele ginn

Nodeems dat neit Gesetz fir Naturalisatioun am Mee vun dësem Joer a Kraaft gesat gouf, si vill Auslänner dorun interesséiert, Lëtzebuerger ze ginn. Eleng, fir un de lëtzebuergeschen Test fir Nationalitéit zougelooss ze ginn, muss een den Ament bis Juni 2018 waarden. Dat ass net grad encourageant! Ass et do net méiglech, dat der Administratioun méi Mëttelen zur Verfügung gesat ginn?

Vill Kandidate fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit wäerten, wann si sech net mat Zäit begannen, vill méi ewéi fënnef Joer Residenz Zäit mussen ofwaarden, fir Lëtzebuerger ze ginn. Dat ginn dann erëm e puer potenziell Wieler, déi bei den nächsten national Wahlen ausfalen an dobäi brauche mer dach esou dréngend Bierger déi mat wielen, fir datt eis Demokratie d'Vollek voll vertrëtt.

2016 hunn am Ganzen 7.141 Leit eis Nationalitéit krut. Dovunner waren 3.950 Demanden am Kader vum Recouvrement, bei deem déi eenzeg Bedingung fir Lëtzebuerger ze ginn ass, datt een e Lëtzebuerger Virane virun 1900 noweise kann. Do muss ee weder hei wunnen, nach Lëtzebuergesch schwätzen nach eppes iwwer Lëtzebuerg wëssen.

Iwwerlafen Integratiounsmesuren

Vill Fransousen a Belsch sinn esou Lëtzebuerger ginn, mä awer och Mënschen, déi ausserhalb vun der EU wunnen. Eleng 2016 waren dat 312 Net-EU-Bierger. Dës benotzen dacks dës Méiglechkeet fir sech hei bei eis nidderzeloossen.

An elo stellt sech dach tatsächlech de Problem, datt eng Rei vun dësen Net-EU-Bierger, déi elo Lëtzebuerger sinn, d'Ufro stellen, fir gehollef ze kréien sech bei eis ze integréieren?

D'Integratiounsmesurë sinn am Ament total iwwerlaf. Solle mer elo och Mesurë schafen, fir datt Lëtzebuerger sech hei besser erëmfannen? Eng spannend Diskussioun.