Radioen

On air

Tockcity  |  Draag - Orb Weaver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neit Gebai, nei Missiounen an ze wéineg Personal

Nationalbibliothéik

En neit Gebai, nei Missiounen an ze wéineg Personal

Dat neit Gebai vun der Nationalbibliothéik bréngt nei Missioune mat sech. Dowéinst gëtt och méi Personal néideg, seet d'Monique Kieffer. Datt et sou laang gedauert huet, bis d'BNL en neit Gebai kritt, féiert d'Directrice op e Manktem u politeschem Wëllen zeréck.

auto_stories

2 min

D'Monique Kieffer ass Directrice vun der Nationalbibliothéik

Enn 2018 mécht dat neit Gebai vun der Nationalbibliothéik seng Dieren um Kierchbierg op. Dat Gebai wier d'Ëmsetzung vun engem Konzept, seet d'Directrice Monique Kieffer. Déi Haaptpunkten dovu wieren:

  • Eng besser Visibilitéit am ëffentleche Raum. D'Gebai sollt de Wëlle vum Staat ausdrécken, fir an d'Wëssensgesellschaft z'investéieren.
  • Eng grouss Offer vu physesche Bicher an de Liessäll. Momentan wier dat aus Plazgrënn net méiglech.
  • Méi Plaz fir Computeren.
  • Plaz fir grouss Dëscher a Raim, wou kann am Grupp geschafft ginn.
  • Méi laang Ëffnungszäiten.
  • Besser Hëllef, fir datt den Utilisateur sech an där grousser Offer erëm ka fannen.

Fir deenen neie Missioune gerecht ze ginn, bräicht d'BNL allerdéngs méi Personal, sou d'Monique Kieffer. Schonn elo wier d'Institutioun ënnerbesat.

Et wier ee gesamt-gesellschaftleche Problem zu Lëtzebuerg, datt d'Bibliothéiken net dee richtege Stellewäert als Wëssensvermëttler hätten. Dat géif och um politesche Wëllen hänken. An anere Länner wiere vun de 70er Joren un iwwerall nei, modern Bibliothéike gebaut ginn. Zu Lëtzebuerg géif et och nach nach d'Viruerteel ginn, datt Bibliothéike just fir Studenten, Enseignanten an aarm Leit wieren.

Zesummenaarbecht mat der Universitéit

"Mir sinn en Instrument fir déi ganz Gesellschaft," sou d'Monique Kieffer. Dowéinst fënnt d'Directrice et net dramatesch, datt et keng geografesch Proximitéit zwëschent deem neie Gebai um Kierchbierg an der Universitéit zu Esch-Belval gëtt.

"D'Studente vun der Universitéit Lëtzebuerg, dat si 14 Prozent vun eise Useren." 17 Prozent vun de Cliente wiere Privatbeamten, déi wéinst der Formation Permanente kommen. D'BNL géif mat der Universitéitsbibliothéik zesummen digitale Contenu kafen, deen dezentral kéint genotzt ginn.

Bibliothéike-Reseau

Ee groussen Challange wier momentan, fir dee grousse Luxemburgensia-Contenu ze digitaliséieren, fir datt och deen online kéint genotzt ginn.

75 Bibliothéike sinn am digitale Reseau vun der BNL vernetzt. "Déi Bewegung kënnt aus dem Bauch vun der Gesellschaft", seet d'Monique Kieffer iwwer déi vill nei Bibliothéiken, déi uechter Lëtzebuerg entstinn. Dat wier keng politesch Entscheedung gewiescht. Op kommunalem Plang géife sou Projete virun allem vu jonke Buergermeeschteren ënnerstëtzt ginn.