Radioen

On air

De Moien  |  Krich an der Ukraine: Wann d'Vernonft schléift...

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ enges Daags an Enn des Mounts

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

enges Daags an Enn des Mounts

Wou hu mer nach Genitiv am Lëtzebuergeschen? Dat froe mir d'Linguistin Caroline Döhmer. Si schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

auto_stories

4 min

D'Linguistin Caroline Döhmer

So eis, Caroline, wéi koums de op dës Kuriositéit mam Genitiv?

Mam Genitiv hunn ech mech scho virun e puer Joer intensiv a menger Recherche beschäftegt. Ech sinn elo dropkomm, well ech a menger Episod vun de Pronomen iwwer Kasus geschwat hat. Do waren dann den Nominativ, den Akkusativ an den Dativ. Ech gouf du vun engem Nolauschterer gefrot, wou dann de Genitiv bliwwen ass. An do wéilt ech gär haut usetzen!

Ass en dann nach do, deen ominéise Genitiv?

Mer hu méi Genitiv am Lëtzebuergeschen, wéi ee vläicht mengt. Et muss ee just do den Ënnerscheed maachen, ob de Genitiv an enger fester Konstruktioun hänke bliwwen ass (dat wier dann e fossiliséierte Genitiv souzesoen) oder ob en insgesamt eng grouss Roll spillt, also op méi Plaze ka fräi benotzt ginn.

Wat wier dann esou ee Genitiv-Fossil?

Mer hu ganz vill Adverben, déi am Prinzip al Genitive sinn. Dat si beispillsweis alleguer déi Zäitformen op -s: méindes, samschdes, mëttes, nuets. An och Forme wéi: allkéiers, blannemännerchers, hautdesdaags sinn alles Genitiven. An do nach e klenge Schreiftipp: déi ginn all klenggeschriwwen!

Ma dat ass gutt ze wëssen!

Da ginn et nach eng Rei fest Tournurë vum Genre: "Enn des Mounts" oder "Enn des Joers". Datt déi verfestegt sinn, weist sech, wann ee versicht, de Genitiv "des Mounts" oder "des Joers" duerch en anert Wuert ze ersetzen. Ech ka beispillsweis net soen "Enn des Abrëlls" oder "Ufank des Summers". Do gëtt also däitlech, datt sech den "des Mounts" an den "des Joers" als Genitiv fossiliséiert hunn. Et ass also keng Konstruktioun, an där "Enn des XY" mat Genitiv erlaabt ass.

Gëtt et nach aner Fäll mat Genitiv?

Jo, an déi ass fir d'Lëtzebuergescht relativ opfälleg. Kennt der dat, wann (grad eeler) Lëtzebuerger vun enger Persoun schwätzen? Da soen se "den Thills Marc" oder "d'Thills Anne" fir den "Marc Thill", respektiv "d'Anne Thill". Also de Familljennumm gëtt no vir gestallt a kritt eng Genitiv-Endung mat -s (heiansdo och op -en: "de Feidten Tun" fir "Tun Feidt").

Wann de Familljennumm dann op -er ass a fir eng Fra benotzt gëtt, gëtt aus -er+s d'Endung -esch: d'Webesch Anne. Deen "s" ass dann och eng Genitivendung, déi eng relational Funktioun huet. Déi eenzel Persoun ass en Deel vun enger Famill. Dat gëtt et dann och fir ganz Famillen: Mir sinn den Owend bei Müllesch invitéiert. Oder: Müllesch hiren Hond ass fortgelaf.

Ech perséinlech benotzen dee Genitiv éischter manner, mee meng Bomi hätt awer ni anescht gesot.

Ass dann all Genitivgebrauch richteg? Benotzen d'Leit eigentlech och "falsch" Genitiven?

Dach, och. Ech hunn och Saache fonnt wéi "senges Gléckes Schmadd" - dat ass dann direkt aus dem Däitsche geléint. Grad, wann d'Leit hyperkorrekt wëlle schreiwen, benotzen se dacks Genitiven, déi dann am Lëtzebuergeschen net wierklech geleefeg sinn an dann einfach "ze däitsch" wierken. Also et gëtt e Phenomeen, datt d'Leit méi Genitiv benotzen, wa si sech am Internet opreegen. Dat ass dann och esou eng Zort "Prestige-Genitiv". Dat ass dacks bei online Commentairen de Fall. Do steet da beispillsweis "des Dopings iwwerfouert".

Du has elo éinescht vu Pronome geschwat. Ginn et déi dann nach am Genitiv?

Bei de Pronome gëtt et nach eenzel Fäll, wou mer d'Forme vum Genitiv "menger" oder "hirer" nach fannen. Dat ass bei bestëmmten Tournuren de Fall: ech si senger midd. Oder "en ass hirer net würdeg".

Et gëtt zum Beispill d'Prepositioun "wéinst", déi mat Pronomen och am Genitiv benotzt gëtt: "wéinst menger" oder "wéinst denger". Do fënnt een awer am Gebrauch ganz dacks den Dativ: "wéinst mir" oder "wéinst dir".

Firwat den Dativ?

Insgesamt iwwerhëlt den Dativ Funktiounsberäicher, déi virdrunner vum Genitiv besat gi sinn. Dir kennt vläicht och d'Buch vum Bastian Sick "Der Dativ ist dem Genitiv säin Tod" - dat ass quasi dës Iddi, datt den Dativ vill Beräicher iwwerhëlt.

Wat ass dann däi Fazit fir de Genitiv?

En ass eigentlech just nach relikthaft am Lëtzebuergeschen ze fannen, och wann en deelweis op neie Plazen erakënnt. Méi interessant ass de Beräich vun de Partitivpronomen, déi vun engem Genitiv ofgeleet sinn, dat sinn Tournuren à la "ech hunn es nach". Mee dat erzielen ech ganz gär méi detailléiert an enger anerer Episod!