Radioen

On air

De Weekend  |  Bill Callahan - Jim Cain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass ëmmer manner Plaz fir déi Aarm"

Wanteraktioun

"Et ass ëmmer manner Plaz fir déi Aarm"

Vum 1. Dezember u konnten Leit, déi a schwierege Situatioune sinn, zu Bouneweg um Dernier Sol iessen, sech ausrouen a medezinesch versuergt ginn an um Findel am Nuetsfoyer schlofen. Wéi ee Bilan zéien d'Leit, déi an de leschte Méint hei giess a geschlof hunn, an déi, déi si encadréiert hunn?

auto_stories

8 min

De Mohammed ass Marokkaner an eng vun tëschent 150 an 220 Persounen, déi an de leschte véier Méint en Ënnerdaach an der Wanteraktioun fonnt hunn. Hien ass iwwer Italien op Lëtzebuerg komm um Wee fir an d'Belsch. Hien huet mëttlerweil eng Formatioun am Sportberäich fonnt.

Hien ass 1993 an Europa komm, wou hien dann dräi Joer ouni Pabeieren bliwwen ass, ier datt hien nei Pabeieren an Italien maache gelooss huet. Hien zielt, hien hätt vill bei Leit doheem geschafft, eelere Leit gehollef, um Akerbau geschafft, an enger Fabrick, bis hien eng Formatioun an der Mediatioun interculturelle fonnt hätt. Mat dëser Formatioun hätt hien dunn an enger Gewerkschaft mat aneren Immigrante geschafft, erzielt de Mohammed. Wéi d'Wirtschaftskris an Italien ugefaangen huet, wier hien awer fir eng Zäit aarbechtslos ginn.

Einfach fir mat engem ze schwätzen

De Walter kennt schonn zënter e puer Joer an d'Wanteraktioun. Hien zielt, hei géif en z'iesse kréien, Kleeder kréien, Aide sociale kréien, et kéint ee souguer Filmer kucken a sech bëssen ausrouen. Et wier ee sech sécher, datt een eng Plaz fir ze schlofen huet, fir z'iessen, fir sech ze duschen, fir sech unzedoen, einfach fir mat engem ze schwätzen, deen engem och hëllefe kann. Hie kéim aus Portugal, an do géif et sou Aktiounen net ginn, zielt de Walter. A Portugal géifen d'Leit an der Keelt op der Strooss bleiwen.

D'Wanteraktioun leeft ënnert der Responsabilitéit vum Familljeministère a gëtt vun dräi Associatioune geréiert: d'Caritas ass responsabel fir den Nuetsfoyer um Findel, d'Croix-Rouge ass responsabel fir den Dagesfoyer zu Bouneweg an Interaction këmmert sech ëm d'Koordinatioun.

E positive Bilan

D'Assistante sociale Sandy Neu ass dëst Joer fir d'zweet Coordinatrice vun der Wanteraktioun. Et kéint ee ganz ville Leit bei deene verschiddenen Demarchen hëllefen, an eng ganz Rei Leit géife mëttlerweil scho schaffen, sief et als CDI, CDD oder awer Interim. Et géifen awer och vill Leit ginn, déi iwwert d'ADEM an enger Formatioun sinn, anerer hätte mat engem Benevolat ugefaangen.

D'Sandy Neu zitt e gréisstendeels positive Bilan vun der Wanteraktioun. Si seet, datt si dankbar ass fir d'Vertrauen, dat d'Leit hir ginn hunn. De Rescht vum Joer schafft si als Streetworker mat Leit, déi op der Strooss sinn.

Aarbecht misst méi wäit goen

Fir den Thierry Hensen, Educateur bei der Croix-Rouge, ass et déi éischt Wanteraktioun. Hien hätt déi Zäit genoss, och wann dat vläicht net dat bescht Wuert wier. Et hätt een et fäerdeg bruecht, verschidden Aktivitéite mat de Leit ze maachen, sief et, datt een d'Mauere frësch ugestrach hätt oder e Graffiti Workshop gehale huet. Ausserdeem géif een och nach Kleeder verdeelen.

An der Wanteraktioun goufen déi verschidde Maueren zesummen bemolt.

Dacks hätt een awer net d'Moyenen, fir de Leit méi wéi dat néidegst unzebidden. All Dag géifen tëscht 150 an 220 Leit an d'Wanteraktioun kommen, an do wier et onméiglech, fir op all déi eenzel Besoine vu Jidderengem anzegoen. Et géif een dofir suergen, datt si am Waarme sinn an och eppes z'iessen hunn, mee den Thierry Hensen mengt, datt d'Aarbecht vun den Educateure méi wäit misst goen.

Et gi verschidde Regelen

Den offizielle Bilan vun der Wanteraktioun gëtt d'nächst Woch publizéiert. D'Equipe um Terrain konnt awer schonn eng méi allgemeng Bilanz vun der Entwécklung zéien. Am Ufank wier et e bësse méi roueg gewiescht, duerno wier d'Unzuel vun de Leit, déi all Dag komm sinn awer séier eropgaangen, seet den Thierry Hensen. Et wieren deelweis Reiwungen tëscht verschiddene Leit ginn, an eng vun de Konklusioune wier, datt een an Zukunft sech misst dofir entscheeden, verschidde Leit net méi mat deelhuelen ze loossen.

Fir datt d'Leit sech an der Wanteraktioun sécher a wuelfille kéinten, missten et verschidde Regele ginn, zum Beispill, datt ee sech deenen anere vis-à-vis net verbal oder kierperlech aggressiv géif verhalen, oder datt ee keng Droge konsuméiert. Fir de Gros vun de Leit ze schützen, hätt een Eenzeler missen ausschléissen.

"Et deet engem heiansdo déck"

D'Wanteraktioun ass op Benevollen ugewisen, déi all Dag Iesse verdeelen, d'Spull maachen an och einfach mat de Leit schwätzen. D'Carine an d'Alessandra hu sech engagéiert - et wier eng ganz positiv Erfarung gewiescht, awer net ëmmer einfach. D'Carine zielt, datt een dacks jonk Leit gesäit, déi schonn ee Joer op der Strooss sinn, a wann déi engem zielen, si wiere vun Doheem erausgeheit ginn, da misst ee mol eng Kéier schlécken. Si selwer hätt och Kanner. Déi Jonk hätten dacks keng Chance am Liewe gehat a géife wahrscheinlech guer net méi do erauskommen. "Dat deet engem heiansdo déck", mengt d'Carine.

D'Alessandra zielt, datt si dat vill beréiert. Am Ufank hat si gemengt, et géife just eeler Leit dohinner kommen, oder Sans-abrisen. Mee et wieren och vill Jonker dobäi, an dat wier ganz haart.

D'Aarbecht vun der Equipe wier keng einfach, seet de Mohammed - dowéinst war et him wichteg, hinne Merci ze soen, virun allem der Coordinatrice Sandy Neu. Et géifen awer Problemer ginn, zum Beispill och am Nuetsfoyer um Findel, seet de Walter. Hei wier och scho geklaut ginn, zum Beispill Handyen oder Suen. Dacks wier en Handy dat eenzegt, wat déi Persoun besëtzt.

Méi streng Kontrollen

Fir den Hesham misst d'Wanteraktioun méi streng sinn. Hien huet hei giess a geschlof, hien huet sech awer dagsiwwer och fräiwëlleg engagéiert, fir am Dagesfoyer ze hëllefen. Hie mengt, datt si op der Wanteraktioun misste kontrolléieren, ob déi Leit och schaffen, egal ënner wéi enger Form. Déi Leit géifen dohi komme fir ze schaffen, an net fir Drogen ze verkafen.

Den Hesham schwätzt fënnef Sproochen, an hie wëllt eigentlech als Dolmetscher schaffen. Hien hätt sech an der Wanteraktioun berode gelooss an erausfonnt, datt et laang géif daueren, bis hien an deem Beräich schaffe kéint. Hien hätt net näischt wëlle maachen, mee eppes schaffe an ass zënterhier benevole an der Wanteraktioun. Doduerch géif hie sech och vill besser spieren, dat géif him hëllefen. Hie géif awer och eng Formatioun maachen, fir als Security ze schaffen an a Franséischcourse goen - fir seng Chancen um Aarbechtsmaart ze verbesseren.

Politesche Kader ass net gesat

Et wier awer fir vill Leit schwiereg, zu Lëtzebuerg Fouss ze faassen, seet den Educateur Thierry Hensen. Hien hätt an der Wanteraktioun zum Beispill vill Flüchtlinge kennegeléiert, déi schaffe wollten. Et géif awer net duergoen, de Wëllen ze weisen a motivéiert ze sinn. Et wiere leider net vill Chancë fir déi Leit do. Et géif also dacks net um Wëlle vun de Leit leien, mee de politesche Kader wier dofir net gesat, datt déi Leit zu Lëtzebuerg schaffen a liewe kéinten.

Zu Bouneweg um Dernier Sol kruten d'Leit eppes z'iessen.

Vill Migrante géifen an Europa vu Land zu Land zéien an der Hoffnung, eng Aarbecht ze fannen, seet de Mohammed. Si géifen hir Famillen deels jorelaang net gesinn a wéissten net, wou si dru wieren. Fir hie wier et eng Léisung, ee méi klore Kader ze setzen. Hie géif sech wënschen, datt een d'Méiglechkeet hätt, eng Aarbecht ze sichen. Wann een no sechs Méint keng Aarbecht fënnt, misst een aus dem Land goen. Vill Leit wiere motivéiert fir ze schaffen, mee hätten dacks net déi néideg Pabeieren. Sou hätte si wéinstens eng Chance hei zu Lëtzebuerg.

Logement ass e grousse Problem

Nieft de Schwieregkeeten eng Aarbecht ze fannen, ass d'Sich no Logement eng grouss Erausfuerderung fir d'Leit an der Wanteraktioun, do si sech déi verschidde Bedeelegt eens. Fir de Walter schéckt d'lëtzebuergesch Logementspolitik e klore Message. Lëtzebuerg wier e räicht Land, wou et ëmmer manner Plaz fir déi Aarm géif ginn. Et bräicht een 2.000 € fir en Haus ze lounen an da kéimen nach weider Käschten op een zou. Fir hie wier dat einfach kloer, datt hie sollt goen.

D'Situatiounen an d'Problemer vun de Leit an der Wanteraktioun wiere ganz verschidden an et wier schwéier, Jidderengem gerecht ze ginn, esou den Educateur Thierry Hensen. Hie wier sech bewosst, datt et keng einfach Léisunge géif ginn.

Wat maachen no der Wanteraktioun?

D'Wanteraktioun ass elo eriwwer. Déi Leit, déi hënt um Findel iwwernuecht hunn, konnten de leschten Dag nach op Bouneweg iessen a sech ausroue goen, duerno ass et eriwwer bis den éischten Dezember. Wat maachen d'Leit, déi an de leschte véier Méint heihinner komm sinn? D'Coordinatrice Sandy Neu zielt, datt wahrscheinlech en Deel vun de Leit weiderzitt, si wiere just op Duerchrees gewiescht, respektiv si géifen zeréck an hiert Heemechtsland goen, well si erkannt hätten, datt et awer net sou einfach wier, hei eng Aarbecht oder e Logement ze fannen. Aner Leit géif si am Kader vum Streetwork erëmgesinn.

De Mohammed huet eng Léisung fonnt - hie géif elo bei Kollegen ënnerkommen a kéint seng Formatioun fäerdegmaachen. De Walter weess net, wat hien elo mécht. D'Foyere wiere voll, et misst ee sech op eng Lëscht androen, mee et géif een direkt gesot kréien et sollt een d'nächst Joer erëmkommen, et géif keng Plaz ginn. Et wier komplizéiert.

All Dag säi Liewe verbesseren

De Walter hippt, him feelen e puer Zänn a seng Lëps ass deck geschwollen. Hien hätt en Accident gehat, seet hien. Hie wier vun de Médecins du Monde versuergt ginn, eng Krankekeess hätt en net. Hie wier forcéiert a säi Land zeréckzegoen. Et wier nach ze kal, hie kéint net dobausse bleiwen. Hien hätt keng Plaz fir ze schlofen, an hien hätt keng Loscht, ënnert enger Bréck ze schlofen.

Den Hesham seet, hie wier an Europa komm fir ze schaffen an net fir op der Strooss ze schlofen - dat géif hien net een Dag aushalen. Hien hätt eng Kummer fonnt, an där hien elo wunne kéint. Den éischten Abrëll géif hien ufänken, an engem Restaurant ze schaffen. Duerno kéint hie sech dann eng Aarbecht als Security sichen. All Dag kéint hie säi Liewen esou e bësse verbesseren.