Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Murder Of Birds (Undressed) Feat. Guy Garvey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ethesch Froen an der Sozialaarbecht

Psychosoziales

Ethesch Froen an der Sozialaarbecht

Fir Kanner a Jugendlecher, déi an Nout sinn, ginn et psychosozial Hëllefsstrukturen a Gesetzer, déi hinne Schutz bidden. Nach musse se zäitgeméiss an esou ausgeriicht sinn, datt se eng adequat Hëllef bidden. D'Jugendschutzgesetz grënnt op Iddien, déi méi wéi 30 Joer al sinn, an d'Organisatioun vun den Servicer fir Kanner an hir Famillje léisst villes ze wënschen iwwreg.

auto_stories

4 min

Eng vun de Froen, déi mech zënter laangem begleet, ass déi vun den ethesche Wäerter, déi een als Profi muss hunn, wann een an der Sozialaarbecht täteg ass. Wann ee wëllt seng Aarbecht gutt maachen! Ethik sicht d'Äntwert nom richtege Verhalen a bezitt sech op d'Wäerter, déi ee vertrëtt a lieft. Ethik ergänzt Gesetzer, ka méi wäit goen oder Gesetzer a Fro stellen.

An ënner Sozialaarbecht verstinn ech de Beräich wou, onofhängeg vun der Grondausbildung, egal ob een Erzéier, Enseignant, Psycholog oder Medeziner ass, ee Mënschen eng Hëllefsstellung bitt, andeems een de Kontext, an deem se liewen, matabezitt.

Wéi ech an e Kannerheem schaffe komm sinn - dat war ufanks den 90er Joren - war ech net wéineg iwwerrascht wéi ech gesinn hunn, wéi katastrophal d'Liewensbedingunge vun de Kanner waren, an dann anersäits, wéi wéineg de Kanner hir Familljewuerzele respektéiert gouwen. Am éischte Beräich si vill Fortschrëtter gemaach ginn.

Kanner op Distanz zu den Elteren?

Déi Fro, déi mam Respekt vun den Originne vun de Kanner ze dinn huet, ass komplizéiert. Do sinn ech nach ëmmer iwwerrascht, wéi kuerzsichteg ee mat den Erklärungen ass, wann ee gesäit, datt et de Kanner net gutt geet. Séier gëtt doraus eng Scholdfro gemaach, wou mir da mat der moralescher Keul do stinn.

Eng méiglech Konsequenz ass dann déi, dass een eng Ofkierzung hëlt: déi besteet doranner esou ze denken an ze handelen, wéi wann een et géing besser maache kënnen, also ouni d'Elteren. Dat war bis an d'80er Joren eng vill vertrueden Theorie, iwwerall an Europa. Besonnesch am Heemwiesen: do ass geduecht ginn, datt et dat Bescht fir d'Kanner wier, op Distanz gesat ze gi vun hiren Elteren an dann an engem neie Milieu opzewuessen. Dat kléngt gutt a ... verféieresch!

Ass awer en Trugschluss: mir wëssen haut, datt Kanner hiren Eltere géigeniwwer loyal bleiwen. Mir wëssen och firwat dat esou ass. Dat ass dacks fir eis eng Tragedie, besonnesch a Situatiounen, wou d'Elteren de Kanner e grousse Schued uriichten, deen net méi gutt ze maachen ass. Wa mer dat awer mat Kannerae kucken, ass et eng Iwwerliewensstrategie. Wéi dat bis verstane gouf, ass een dann och dohi gaangen an huet versicht, d'Kanner ze fërderen an awer alles ze maachen, fir datt d'Bezéiung mat den Eltere konnt oprecht erhale ginn.

Jugendschutzgesetz um Stand vun den 1980er Joren

Dat ass e laangen a beschwéierleche Wee. Mä vill Länner an Europa sinn de Wee gaangen. D'Gesetzer, déi d'Kanner solle schützen, hu sech och an déi Richtung geännert. Den Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff vu Stroossbuerg huet vill Uerteeler geholl, déi weisen, datt ee muss e Gläichgewiicht fannen tëscht, engersäits, de Bedierfnisser vun de Kanner an, anerersäits, hirem Recht op eng Famill. Bis op déi Ausname natierlech, wou Mësshandlungen an Vernoléissegungen um Spill stinn, déi dann nohalteg Folgen hunn, souguer d'Iwwerliewe vun de Kanner a Gefor bréngen.

Wat d'Jugendschutzgesetz zu Lëtzebuerg ubelaangt, si mer nach ëmmer um Stand vun den 80er Jore vum leschte Joerhonnert, och wann et ee Konsens ass, datt dat net méi drobar ass. E Paradigmewiessel an deem Beräich géing et noutwendeg maachen, datt ee méi performant soll ginn an den Hëllefsmoossnamen. Dat ass dann och dacks de Fall.

Ech stelle fest, dass mir méi wéi eemol an enger Situatioun sinn, wou d'Zuel vun de Servicer esou grouss ginn ass, datt d'Hëllef net gräift. Déi Servicer si schlecht vernetzt a stinn dacks an enger Konkurrenzsituatioun, well do och ekonomesch Facteuren um Spill stinn. Sozialaarbecht, all déi Interventiounen, déi gemaach ginn, sinn elo eng Wuer ginn. D'Träger mussen no enger Logik fonctionnéieren, déi mir aus der Wirtschaft kennen.

Wat maache géint dee Misär?

Wat d'Zuel vun den Ariichtungen ubelaangt, wäert et an den nächste Joren net besser goen, wann ech gesinn, wéi vill Centres de compétence elo an der Education nationale geschaaft gi sinn an nach wäerten entstoen. D'Logik vun den Institutiounen awer och vum Jugendschutzgesetz schaaft also Mëssstänn, déi maachen, datt d'Kand a seng Elteren dacks net gehollef kréien an zerrass ginn. Ech weess awer ganz genee, datt wann et net klappt mat der Hëllef, weder d'Organisatioun vun de Servicer, nach d'Philosophie vum Jugendschutzgesetz hannerfrot ginn. Ganz séier denkt een, datt et d'Famill ass, déi hirer Suergeflicht net gerecht ginn ass.

Déi Mëschung vun engem inadequate Jugendschutzgesetz plus en onprofessionellen Ëmgang mat de Ressourcen aus dem Hëllefssecteur mécht, datt niewent de Schwieregkeete vun de Familljen an de Kanner de Grondstee geluecht gëtt vun engem nach méi grousse Misär. D'ethesch Fro, déi sech stellt, ass fir mech dann: wat maache fir dogéint unzekämpfen?

Ech sinn éischter beonrouegt iwwert d'Zukunft angesichts der Schwieregkeet, iwwert säin eegent Verhale kritesch nozedenken, awer och vun der Selbstgefällegkeet, déi un den Dag geluecht gëtt. Dobäi muss ech och soen, datt d'Stëmmen, déi ze héiere sinn, fir dat ze kritiséieren an e Wiessel erbäizefuerderen éischter stëll sinn an esou si mir alleguerten an der Verantwortung, eis Flicht net z'erfëllen.