Radioen

On air

Notturno  |  Group Listening - Frogs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Faaschtenzäit

Prisma

Faaschtenzäit

De Moment ass zu Lëtzebuerg Faaschtenzäit, fir déi eng d'Zeechen, datt d'Fuesent mat senge sëlleche Baler endlech eriwwer ass, fir déi aner eng Zäit vun Enthalung a Verzicht. De Gilles Retter stellt sech och Froen zum Faaschten, dem Verzicht an deem, wat d'Philosophie heizou ze soen huet. Mat engem Ausfluch an d'Antik bei e Philosoph, deen an engem Faass gewunnt huet, gëtt sech gefrot, wéi een duerch Verzicht, haut géif ee soe Minimalismus, Fräiheet ka gewannen.

auto_stories

8 min

Dëser Deeg ass an eisem Kulturkrees Faaschtenzäit. Eng Zäit, déi fir d'Katholike mam Äschermëttwoch ufänkt a mat Ouschteren ophält. Der Traditioun no soll et eng Zäit vun der Besënnung sinn, vum Verzicht a vum Deele mat deenen, deenen et net esou gutt geet, wéi eis selwer.

Faaschte kann een elo als Joerdausend al Kulturtechnik bezeechnen, eng Praxis, déi et quasi an all Relioun op der Welt gëtt, woubäi déi geleefegst fir déi meescht vun eis de Ramadan ass, dee fir d'Moslemen eng grouss Bedeitung huet. Zu Lëtzebuerg wësse mir dann och nach vläicht, datt et eng Faaschtenzäit no Fuesent gëtt, an datt een op Karfreideg kee Fleesch däerf iessen.

Och net-reliéis Leit faaschten

Haut huet awer natierlech och d'Kulturindustrie d'Faaschte fir sech entdeckt, als e Wee vun der perséinlecher Selbstverwierklechung oder och nach als Gesondheetstrend. Faaschte reit sech hei an aner Approchë vun der Selbstberengegung oder "sech selwer fannen" an. Faaschten an ënnerschiddleche Forme souzesoen als Diättrend fir ze entschlaken oder ze entgëften oder ganz allgemeng als Méiglechkeet fir besser a méi gesond ze liewen.

Firwat sollt een an enger Zäit vun Iwwerfloss och faaschten, besonnesch wann een net reliéis ass? A wat seet d'Philosophie zur Praxis vum Faaschten? Ech wollt dobäi Faaschten och méi allgemeng gesinn, als Verzicht op divers Forme vu Konsum. Ob een dat elo duerch Autofaaschten, Handyfaaschten auslieft oder och als richteg Ophale mat Iesse fir eng méi oder manner laang Zäit, kann hei mol nach opbleiwen.

Ee Philosoph, deen an engem Faass gewunnt huet

Fir awer an d'Froen anzeleeden, hei eng kleng relativ bekannten Anekdot iwwer de Philosoph Diogenes. Den Diogenes, en Zäitgenosse vum Platon, deen am véierte Joerhonnert viru Christus gelieft huet, ass manner bekannt fir seng Philosophie, vun där mir wéineg wëssen, mee ëmsou méi fir Anekdoten, déi iwwer hien a säi Liewe gezielt gi sinn.

Déi bekanntsten ass déi vu sengem Zesummentreffe mam Alexander dem Groussen. Dësen hat grad de Perser de Krich erkläert an d'griichesch Stadtstaaten hunn him, méi oder manner fräiwëlleg, fir dëse Projet Gefollegschaft geschwuer. Den Alexander, deen eng Ausbildung beim Aristoteles krut, war dee Moment um Ufank vu senger Muechtentfalung, déi him no etleche Kricher de Bäinumm de Groussen erbruecht huet.

Hie war onersättlech a sengem Eruewerungs- an Tatendrang, sou datt hien um Enn mat Griicheland, Egypten, Persie bis hin zu Indien, alles eruewert hat, wat sech him an de Wee gestallt huet. Den Diogenes huet, der Anekdot no, dogéint an engem Faass gewunnt, koum aus guddem Haus, mee huet sech bewosst fir e Liewen an Aarmut a Bedierfneslosegkeet entscheet. Hien huet all Konventiounen als kënschtlech ofgeleent an d'Leit gäre provozéiert, an deem hien hir Iwwerzeegunge lächerlech gemaach huet. Hie krut dann och de Bäinumm "den Hond", wat iwwregens am griichesche "Kyon" heescht, an de Virreider war vun deem, wat mir haut als "Kynismus", respektiv "Zynismus" bezeechnen.

Alles hunn oder näischt méi brauchen?

Zeréck zur Anekdot, déi am Fong ganz kuerz ass: Den Alexander hat ebe vun deem berühmte Philosoph héieren a wollt hien treffen. Sou gouf hien dann och zum Diogenes sengem Faass geleet. De Philosoph war absolut net interesséiert un deem héije Besuch. Den Alexander huet den Diogenes dunn ugeschwat a gesot: "Ech sinn den Alexander, hunn all Räichtum a Muecht op der Welt a sinn nach laang net um Enn. Ech hu vun dir an denger Léier héieren a si bereet, dir all Wonsch ze erfëllen."

Den Diogenes hieft just liicht den Aarm a seet dem groussen Herrscher mat enger wénkender Beweegung: "Géi mir just e bëssen aus der Sonn." Den Alexander war esou paff vun där Reaktioun, der ënnerlecher Rou, dem Stolz an der Veruechtung vun deem Mann, datt hien, wéi e fortgaangen ass, sengem Begleeder am Laache gesot huet: "Merde alors, wann ech net den Alexander wier, wier ech gär den Diogenes."

Dem Plutarch seng Versioun vun der Geschicht geet zwar e bëssen anescht, mee den Inhalt bleift dee selwechten, an och d'Froen, déi sech heiraus erginn: Wat ass méi wichteg: alles ze hunn oder näischt méi ze brauchen? ...

Op der anerer Säit kann een den Aussproch vum Alexander och esou interpretéieren, datt de komplette Verzicht an d'Lassléise vu Konventiounen, déi selwecht Form vu Fräiheet mat sech bréngt, wéi Muecht a Räichtum. Sou sinn déi zwee sech doranner ähnlech, datt si ausserhalb vu gesellschaftlechen Zwäng sinn, deen Een duerch seng Muecht, deen Aneren duerch säi Verzicht.

Faaschte féiert zu Muecht

Wann een dat elo op d'Faaschte bezitt, kéint een dorausser schléissen, datt och iwwer d'Faaschten, also der Kontroll iwwer seng primär Bedierfnisser, Muecht entsteet. D'Muecht déi entsteet, wann ee säi Kierper beherrscht an net vu sengem Kierper beherrscht gëtt. Dës Dominanz vum Leif, hei aus enger anerer Optik, fënnt sech och ëmmer nees am Chrëschtentum: De Geescht ass wëlleg, mee d'Fleesch ass schwaach. D'Fleesch, also de Kierper, muss deemno vum Geescht dominéiert ginn, well de Kierper mat senge Bedierfnesser a priori eppes Problematesches ass. Dës Iddi fënnt sech zum Beispill beim Augustinus, deen a jonke Jore staark déi kierperlech Freeden ausgelieft huet an no senger Konvertéierung dës Freeden als Menace fir de Glawe gesinn huet.

Bei der Anekdot vum Diogenes kann een och nach weiderdenken a sech froen, wéi mir eis d'Liewe liewe wëllen, wéi en Diogenes oder Alexander? Setze mir eis ganz Energie doranner fir méi ze hunn oder da glécklech ze sinn, wa mir e gesaten Zil erreecht hunn? Oder probéiere mir aktiv eis domat ze beschäftegen, wéi den Diogenes, fir erauszefannen, wéi mir mat deem, wat mir hunn, zefridde kënne sinn. Ech denken, déi meescht vun eis liewen éischter nom éischte Schema. Mir consomméieren engersäits ouni eis nach der Illusioun hin ze ginn, datt eis déi Saachen, déi mir kafen an iesse glécklech maachen.

Verzicht ass haut méi aktuell wéi jee

Déi nächst Generatioun vu Smartphone, Auto oder Bioiesse mécht net méi fräi a méi zefridden, ob jiddwer Fall net op laang Dauer. Sou kann ee sech froen, ob dem Diogenes seng Iddi vu Verzicht haut net méi aktuell ass wéi jee. Hei géif et natierlech net just drëm goen, eng Diät ze maachen an e bësse Yoga, mee duerch d'Erfarung vu Verzicht, an dat net just beim Iessen, e Stéck Fräiheet a Selbstbestëmmung zeréckzekréien, eng Distanz zu sech an zur Gesellschaft. Gläichzäiteg kann d'aktiv Besënnung, op dat wat een huet, net just materiell, mee och vläicht gesondheetlech a bezéiungstechnesch, och an Zäite vun Iwwerfloss, eng wichteg Übung sinn.

Aner Philosophen, wéi den Epikur, hunn dat e bësse méi pragmatesch gesinn a wollten duerch Faaschten hir Loscht um Liewen an och un de kierperleche Freeden erhéijen. Gläichzäiteg wollt hie sech op Noutzäite virbereeden a verhënneren, datt hie sech ze vill un de Luxus gewinnt.

De Gedanken un Noutzäite schéngt eis haut wäit ewech, mee e gewëssen Iwwerdross um permanente Consomméiere kennen déi meescht vun eis schonn, vläicht esouguer e Gefill vun Ermiddung a séileschem oder psycheschem Völlegefill. Ob déi al Kulturtechnik hei eng Méiglechkeet ass, fir hei nees zu méi Liewensfreed, Sënn oder Fräiheet ze fannen, weess ech net. Et passt awer iergendwéi an d'Zäit vun der Selbstfindung an Narzissmus, wou jiddweree sech muss optiméieren a selwer fannen, an anerersäits och erëm net.

Austrieden aus Gewunnechten a soziale Konventiounen

Vum Faaschte kann eng Réckbesënnung, eng Form vun Askes ausgoen, also en Austrieden aus alle Gewunnechten an alle soziale Konventiounen. Sou ass Iesse jo dacks net just Nahrungsopnam, mee huet a ville Fäll och eng sozial Komponent. Mir ginn iesse fir Gebuertsdeeg, fir ze feieren, fir ze schwätzen, halen drop als Familljeritual, an notzen et fir eis ze belounen oder ze tréischten.

D'Eraustrieden ass all deene soziale Strukture ronderëm d'Iessen, zum Beispill duerch eng Woch vun Iessensverzicht, wat een natierlech nëmme maache kann, wann ee gesond ass, kéint schonn zu engem neie Bléckwénkel op sech an seng Ëmwelt féieren.

Hänke Kierper a Geescht zesummen oder si si getrennt?

Eventuell kann dës Experienz och dozou bäidroen, déi déif verwuessen Iddi vu Kierper a Geescht als zwou sech ënnerscheedende Sphären a Fro stellen. Dës Iddi, déi Philosophe wéi den Descartes beschwuer hunn, geet eben dovun aus, datt Kierper a Geescht streng getrennt sinn. Haut si mir zwar net méi ganz där Meenung an trotzdem wierkt dat nach no. Zum Beispill wa mir bei den Dokter gi mat Réckewéi wëlle mir näischt dovun héieren, datt dat mat Stress ze dinn huet, mee hie soll eis eng lokal Behandlung fir e lokale Problem maachen. Fäerdeg!

De Marx geet nach e Schratt weider an erkläert, datt eise Kierper, genee wéi eise Geescht, jo eis ganzt Denke vun de Produktiounsverhältnisser, ënner deene mir liewen, bestëmmt gëtt. Mir kënnen net anescht, wéi an där Welt, an där mir schaffen, och no de Reegelen, déi dëst Schaffe mat sech bréngt, ze liewen an ze denken. Bei eis wier dat e globaliséierte Liberalismus, deen eis Virstellunge vu Gléck, Aarbecht a Sënn an allen Liewensberäicher duerchzitt. Dem Marx seng Léisung war d'Revolutioun an awer och d'Philosophie.

Eng Revolutioun schéngt mir elo net d'Léisung ze sinn, mee dann nach éischter d'Philosophie. D'Liewe wéi en Hond an engem Faass, deen all Mënsch mat sengen Usiichten ubillt, schéngt mir zwar interessant, mee vläicht awer e bëssen ze extrem, op där anerer Säit drun ze schaffe fir heiansdo eng Distanz ze kréien zum eegene Liewen an enger Gesellschaft voller Konventiounen, déi mir nëmmen all ze seelen a Fro stellen, esou laang et eis gutt geet. Vläicht muss een et jo och méi pragmatesch gesinn, a sech soen, datt richtege Genoss nëmmen do ka sinn, wou virdrun e Manktem war. Genee dofir zielen ech jo och just all Mount eppes hei um Radio, an net all Dag.