Radioen

On air

Tockcity  |  Sleater-Kinney - Say It Like You Mean It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir e groussen Deel op Benevollen ugewisen

D’Fleegestatioun fir wëll Déieren

Fir e groussen Deel op Benevollen ugewisen

D'Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng, déi krank Déiere gesond fleegen an dann nees auswëlderen, gëtt vergréissert. D'Plaz, déi een an der Struktur vun Natur an Ëmwelt zur Verfügung huet, geet net méi duer fir d'Déieren ze versuergen.

auto_stories

3 min

1989 gouf d'Fleegestatioun opgemaach, an an deem Joer huet een do 186 Déieren opgeholl. Zanterdeem ass d'Zuel vun den Déieren, ëm déi ee sech gekëmmert huet, staark an d'Luucht gaangen:

  • 1995: 890
  • 2000: 1.200
  • 2010: 1.800
  • 2015: 2.500
  • 2018: 3.200
  • 2019: 3.500

De Roby Biwer, President vun Natur an Ëmwelt, déi dës Fleegestatioun geréieren, gesäit fir dës Entwécklung e puer Grënn. D'Leit wiere méi sensibel fir Naturtheemen an Déieren déi an Nout sinn. Et géif een nees méi d'Natur genéissen an als Fleegestatioun hätt een och dorunner geschafft fir méi bekannt an der Populatioun ze sinn. Donieft wier den Drock op d'Déieren an op d'Biodiversitéit an de leschte Joren an d'Luucht gaangen.

Bis zu 5.000 Déiere kënnen opgeholl ginn

Fir déi wëll Déieren och weider aartgerecht ze halen, bräicht ee méi Plaz, seet de Roby Biwer, de Kontakt mam Mënsch muss nämlech evitéiert ginn, fir datt d'Déieren och duerno nees kënnen ausgewëldert ginn. Duerch den Ausbau, dee virun zwou Wochen ugefaangen huet, gëtt den aktuellen Areal deen een huet, quasi verdräifacht an et kann ee 4.000 bis 5.000 Déieren ophuelen.

Finanzéiert gëtt dësen Ausbau vum Ëmweltministère, der Stad Diddeleng an och zwou Ierfschaften, déi Natur an Ëmwelt fir dëse Projet gemaach hunn. Well een d'Fleegestatioun awer net komplett zoumaache kann, gëtt se an e puer Etappe vergréissert an et hofft een, datt een an zwee bis dräi Joer fäerdeg ass.

16 fest Mataarbechter huet d'Fleegestatioun de Moment zu Diddeleng, dovunner dräi Veterinären. Mam Ausbau soll awer och gläichzäiteg d'Zuel vun de Mataarbechter klammen, esou de Roby Biwer.

Aarbecht ouni Benevollen net méiglech

Bei der Fleeg vun den Déieren wier een awer egal wéi zu engem groussen Deel op d'Hëllef vu Benevollen ugewisen.

"Mir hunn eng Lëscht vun 90 Benevoller, do sinn der awer och vill, déi nëmme sporadesch erakommen. Mee mir wäerten awer eng 15 hunn, déi reegelméisseg hëllefe kommen."

Donieft sinn et och eng 16 Persounen, déi d'Déier siche ginn, fir se dann op Diddeleng an d'Statioun ze féieren. Zum Beispill wann en Déier an eng Drop-off Box geluecht gëtt, déi zu Clierf, Nidderfeelen a Jonglënster installéiert goufen.

Krank Déiere kënnen do ofgesat ginn an d'Fleegestatioun gëtt dann automatesch doriwwer informéiert. Iwwer dëse Wee huet een am Laf vun annerhallwem Joer iwwer 400 Patiente bis an d'Statioun kritt.

Iwwer 70 Prozent vun den Déieren, déi een zu Diddeleng fleegt, kennen nees an d'Natur gelooss ginn. En Deel muss aus medezinescher Siicht ageschléifert ginn, anerer kennen net méi ausgewëldert ginn a bleiwen dann dauerhaft an der Fleegestatioun.