Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Raise Your Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir méi Gesellschaftsspiller am Café

Gesellschaft

Fir méi Gesellschaftsspiller am Café

Ee Mol d'Woch treffe sech d'Membere vun der Spillfabrick an engem Café fir Gesellschaftsspiller ze spillen. Et wéilt een d'Kommunikatioun tëscht de Leit fërderen an d'Gesellschaftsspill promouvéieren, esou déi Responabel vun der Spillfabrick.

auto_stories

2 min

D'Spillfabrick ass e Club mat iwwer 100 Memberen, déi begeeschtert a faszinéiert vu Gesellschaftsspiller sinn, seet de President vun der Spillfabrick Marc Theisen. Ee Mol d'Woch trëfft ee sech zu Gousseldeng an engem Café, fir Gesellschaftsspiller ze spillen. "Mir sinn déi lescht Jore vill gewuess, sou datt mir elo reegelméisseg tëscht 15 an 20 Leit op eise wëchentleche Spillowenter hunn. Mir probéieren als Club d'Gesellschaftsspill ze promouvéieren an dofir maache mir verschidden Eventer", seet de Marc Theisen.

Kommunikatioun fërderen

"Mir wëllen d'Kommunikatioun ënner de Leit fërderen, déi an de Café ginn. Dofir hu mir ënner anerem alleguer d'Regele vun de Spiller op eisen Internetsite gesat", seet de Claude Ries vun der Horesca. Op dësem Site fënnt ee momentan d'Spillregele fir ronn 90 Spiller.

De Jean-Claude Pellin huet iwwerdeems selwer e Spill entwéckelt, dat sech "Up and down" nennt. Et wier him wichteg gewiescht, e Spill ze entwéckelen, fir dat ee méiglech wéineg Material brauch. Fir d'Spill brauch ee just eng weider Kaart bei en normaalt Kaartespill dobäi ze maachen an et brauch een zwee Würfelen.

Bistrospill vum Joer: Illusion

D'Bistrospill 2018 heescht "Illusion, Wie viel Farbe siehst Du wirklich?". D'Kaartespill fir zwee bis fënnef Léit riicht sech u Kanner vun aacht Joer un an ass einfach ze spillen. Um Stand vu der Horesca kann een de Méindeg den Owend mat dobäi sinn, wann d'Bistrospill 2018 virgestallt gëtt.