Uber zu Lëtzebuerg Firwat ass d'Regierung retizent?

Den Transport-Service Uber bleift weiderhinn illegal zu Lëtzebuerg, während en an aneren Länner den Taxië Konkurrenz mécht an d’Präisser erofdréckt. Firwat ass dat esou?

Bill Wirtz / ys

Meenung Uber

D'Transport-Netzwierk Entreprise Uber viru siwe Joer gegrënnt. Haut ass Uber an insgesamt 66 Länner an iwwer 500 Stied weltwäit disponibel. Mat engem einfache Klick mat Ärem Handy kënnt Dir esou op ville Plaze méi einfach, méi gënschteg a méi confortabel wéi an engem Taxi transportéiert ginn. A ville franséische Stied, dorënner Paräis, Lyon, Nice oder Stroossbuerg, ass dëse System gang und gäbe.

Zu Lëtzebuerg si Systemer wéi Uber illegal, well ee perséinleche Chauffer, deen eng Persoun manner wéi eng Stonn transportéiert, eng Taxislizenz brauch fir däerfen ze fueren. Frou iwwer dëse System ass virun allem d'Taxislobby, déi vum Mangel u Konkurrenz am Marché profitéiert. Wéi de Johannes Gutenberg am 15. Joerhonnert déi modern Drockpress erfonnt huet, hunn d'Entreprisen déi mat Sekretären Dokumenter op der Hand kopéiert hunn och probéiert den technologesche Fortschrëtt ze ënnerdrécken, well dës hier Monopolstellung a Gefor bruecht hätten. D'Taxisfederatioun wennt 600 Joer méi spéit nach ëmmer déi selwecht Taktik un: Zesumme mam Pouvoir politique séchert si sech déi néideg gesetzlech Virdeeler.

Deier Taxien zu Lëtzebuerg

Den Transportminister François Bausch sot dozou am Dezember d'lescht Joer ironesch, datt Uber op Lëtzebuerg kommen däerf, awer "just wa se d'Reegelen anhalen". Wuelwëssend, datt genau dës Reegelen de Problem jo geschaaft hunn. Fir dës Ausso gouf bei der Taxisfederatioun geklappt, déi weiderhin dofir suergt, datt Lëtzebuerg mat dat deierste Land ass fir een Taxi ze huelen, mat enger Moyenne vun 20 € fir fënnef Kilometer. Domat si mir am internationale Klassement als 100.000 Awunner-Stad viru München, Los Angeles, Mailand, Stockholm oder Genf, nëmmen Zürech an Oslo sinn nach virun eis.

De Minister Bausch huet elo viru kuerzem annoncéiert, datt hien ee "Covoiturage-System" wéilt lancéieren, deen ähnlech wéi Uber funktionéiere soll. Eng Alibi-Method fir ze versichen esou ze maachen, wéi wann de Problem geléist wier. Kloer ass dat hei: D'Taxien zu Lëtzebuerg sinn ze deier an d'Regierung ass déi eenzeg, déi de Marché opmaache ka fir dës Situatioun ze verbesseren.

Costume amplaz aarbechtslos

Ganz vill Chauffeuren, déi a Servicer wéi Uber schaffen ware virdrun aarbechtslos oder der Kriminalitéit ausgesat. An och wa si elo vill Stonne schaffe musse fir ee Mindestloun kënnen ze verdéngen: Et ass een Job, an deem si Costume a Krawatt undinn, an all Dag enger éierlecher Aarbecht no ginn. Mir sollten eisen Aarbechtsmarché op dës nei Servicer ausriichten, amplaz se trotzeg an d'Illegalitéit ze drécken.

Den Taxismarché fir d'Konkurrenz opmaache misst fir d'Regierung eng Evidenz sinn: Et hëlleft jonken Aarbechtslosen an deenen ouni Ausbildung aus hirer precairer Situatioun eraus ze kommen. Et reduzéiert d'Transportkäschten, wat domat och de Risiko verréngert, datt besonnesch Jonker, nodeem se gedronk hunn nach op den Auto zeréckgräifen. An et mécht d'Stad Lëtzebuerg méi attraktiv fir Geschäftsleit an Touristen.

Technologesche Fortschrëtt aus keng Gefor fir "de Lëtzebuerger Modell". Et ass eng wichteg Evolutioun an ee Wäert vu sozialer Gerechtegkeet.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Gore-Coty
Transport

Fir datt Uber seng Servicer zu Lëtzebuerg kann ubidden, missten d'Gesetzer ugepasst ginn. D'Regierung géif et begréissen, wann Uber zu Lëtzebuerg géif aktiv ginn. Et ginn awer och skeptesch Stëmmen.

Airbnb
Wirtschaft

D'Geschäft à la Airbnb, bei deem Privatleit iwwer Internet Wunnengen oder Haiser un Touristen ze verlounen, ass bannent Europa nach ëmmer net op eng kohärent Aart a Weis gereegelt.

Sharing-Economy
Wirtschaft

Wa sech d'Fournisseurë vun Objeten a Déngschtleeschtungen op Online-Plattformen professionaliséieren, kann dat op Dumping a Schwaarzaarbecht eraus lafen.

uber.jpg

Gëtt et déi digital gedriwwen industriell Revolutioun 3.0 wierklech? Kloer schéngt: d’Kapital fléisst dohi wou d’Technologiebranche, innovativ ass. Mee d'Resultat begeeschtert net jiddereen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen