Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat schwätze mer Lauter um Enn anescht?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Firwat schwätze mer Lauter um Enn anescht?

Wann aus der Piisch Pije ginn, dann hu mer et mam Phenomeen vun der Ennverhäerdung ze dinn. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert dat méi genee.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Lingustin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Haut geet et ëm eppes, wat mer déi leschte Kéier kuerz ugeschwat hate mam "s". Eppes mat haart a mat mëll.

Caroline Döhmer: Ganz genee, mer schwätzen haut iwwer e Phenomeen, dat mer "Ennverhäerdung" nennen. Mer hate jo gesinn, datt mer am Lëtzebuergesche Konsonanten hunn, déi een haart oder mëll schwätze kann: de /k/ an de /g/, den /t/ an den /d/ oder de /f/ an de /v/.

A bei der Ennverhäerdung - wéi d'Wuert et scho seet - kënnt et drop un, wou de Konsonant steet. Wann en um Enn vum Wuert steet, dann ass en ëmmer stëmmlos. Also mer soen "Drogen" mat mëllem "g". Am Singulier ass et dann?

Eng Drog.

A wéi kléngt de "g" fir dech do?

Wéi e "k".

Genee, en ass elo stëmmlos ginn an dofir kléngt e wéi "k".

Mee mer schreiwen awer nach "g"?

Richteg. Mer schreiwe "g", well mer eis och dat däitscht Parallelwuert ukucken. An do orientéiere mer eis eeben un der Endung am Däitschen. Genee wéi bei "midd", wou mer eis um däitsche Wuert "müde" orientéieren an dofir den "d" iwwerhuelen, och wann en op dëser Plaz wéi en "t" geschwat gëtt - mat der Ennverhäerdung.

Steet dat och anzwousch?

Déi genee Schreifreegelen a weider Beispiller kann een an der aktueller Orthografie oder op zls.lu noliesen.

E schéint Beispill ass och d'Ennverhäerdung beim Wuert "Garage", well hanne kléngt et einfach wéi "aasch". Wann awer elo e Vokal hannendrukënnt, wéi beim Pluriel, dann erhale mer ...

Garagen.

Jo, mat engem mëlle [ʒ] wéi bei "Jackett". Et gëtt awer zweemol mat "ge" hanne geschriwwen, well mer déi franséisch Endung bäibehalen.

Musse mer ëmmer no deenen anere Sprooche kucken an dëse Fäll?

Nee, net ëmmer. En anert Beispill ass d'Adjektiv "héich". Den "héije Bierg" schreiwe mer et mat "j", fir de mëlle Laut ze markéieren, mee an der Grondform ass et "héich" mat "ch" wéinst der Ennverhäerdung.

Och bei de Verben ass dat relativ konsequent mat der Ennverhäerdung am Lëtzebuergeschen. D'Verb ass beispillsweis "schreiwen" (mat "w"), mee "du schreifs" ass mat "f". Oder "schneiden" (mat "d"), mee "hatt schneit" mat "t". D'selwecht ass et bei "bludden" (zwee "d"), awer "hie blutt" mat "tt".

Déi eenzeg Ausnam si Verbe mat "b" a mat "v", hei bleift de Konsonant orthografesch onverännert, och wa mer d'Ennverhäerdung schwätzen: erlaben, du erlaabs; nerven, si nervt.

An natierlech den "s" vun der leschter Woch, deen ëmmer d'selwecht geschriwwe gëtt, och wa mer en eemol mëll an eemol haart ausschwätzen: weisen, du weis.

D'Ennverhäerdung féiert dozou, datt stëmmhaft Konsonanten (b, d, g) am Auslaut, also um Enn vum Wuert, stëmmlos ginn (p, t, k). Dat kann heiansdo och um Enn vun enger Silb sinn, also net ganz um Enn vum Wuert. Also "friddlech" schreiwen ech mat "dd" wéi bei "Fridden", mee ech schwätzen et awer wéi eng Fritt, mat "tt". Och hei: Ennverhäerdung.

Fridden a Fritten - béides gutt!

Absolut!

Gëtt et dat och an anere Sproochen?

Also am Däitsche fanne mer dat och: das Feld (geschwat wéi [t]) oder Staub (geschwat wéi [p]). Och déi ginn nees mëll, soubal e Vokal hannendrusteet: Felder, staubig.

An Englesche gëtt et dat net, mee et fält villen Däitschen a Lëtzebuerger schwéier, aus hirer systematescher Ennverhäerdung erauszekommen. Also so mer mol eng Kéier de Pluriel vun "elf" am Engleschen.

Elves.

Ganz schéi mam mëlle /v/ a /z/! Vill Leit schwätzen dat awer dacks wéi /elfs/, well si dat och mat Ennverhäerdung soen, wat et am Englesche awer net gëtt. Also et gëtt ee sécher verstanen, mee dat si sou kleng Nuancen, déi ee gäre vergësst, wann een eng friem Sprooch schwätzt.

Bei de franséische Begrëffer ass et och am Lëtzebuergeschen "Garage" a "Guide", wärend een de Konsonant am Franséische vill méi mëll léisst. Do gëtt dacks och e bësse mam stommen "e" nogehollef, deen da liicht ugehaucht gëtt: garage, guide.


A wann Dir nach eng Fro hutt oder méi iwwer eenzel Beräicher aus der Sprooch wëllt wëssen, da schreift eng Mail op lod@lod.lu a vläicht schwätzen ech da mam Caroline iwwer Äert Wonschtheema.