Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschicht vun engem Skandal: Wunnengspolitik zu Lëtzebuerg

Zäithistoriker

Geschicht vun engem Skandal: Wunnengspolitik zu Lëtzebuerg

Wann et ee Beräich gëtt, an deem d'Politik sech zu Lëtzebuerg hirer Verantwortung, d. h. sech fir d'ëffentlech Saach anzesetzen, zanter iwwer 100 Joer entzitt, dann ass dat d'Wunnengspolitik. Den Zäithistoriker Denis Scuto geet op den Historique vun deem Skandal an, dee sech haut zouspëtzt.

auto_stories

7 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / KYNA STUDIO

"(..) der in Luxemburg vollständig in Händen privater Spekulanten befindliche Grundstücksmarkt (wurde) durch entsprechende Ortsgesetze, durch Einrichtung eines städtischen Schätzungsamtes und durch eigene großzügige Grundstückspolitik der Stadt in geordnete Bahnen gelenkt." Och wann dësen Text zimlech aktuell kléngt, ass e schonn iwwer 75 Joer al. 1943 schreift den däitschen Nazi-Oberbürgermeister vun der Stad Lëtzebuerg, Richard Hengst, dëst a sengem Liewenslaf iwwer de Wunnengsmaart an d'Wunnengspolitik.

D'Devise vum "Laissez-faire"

Datt et eng Wunnengsnout zu Lëtzebuerg, besonnesch an der Haaptstad an an den neien Industriestied am Bassin minier, gouf, war schonn zu den Zäiten vum Staatsminister Paul Eyschen bekannt, also virum Éischte Weltkrich, wéi d'Antoinette Lorang an hirer excellenter Etüd "Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen 1860-1940" aus dem Joer 1994 gewisen huet.

Ënnerholl gouf awer wéineg, wéi den Hengst dat 1943 richteg analyséiert. Laissez-faire, Laissez-aller war virun 100 Joer an ass eigentlech bis haut zu Lëtzebuerg an der Wunnengspolitik d'Devise.

De Staat gouf eréischt nom Éischte Weltkrich aktiv um Wunnengsmaart, wann och haaptsächlech an deem Beräich, dee mat de konservative Virstellungen vun der Regierung Reuter an dono Bech kompatibel war, der Ënnerstëtzung vum Eegenheembau fir kannerräich Famillen. Mat Hëllef vum Service des Logements populaires an der Abteilung fir bëlleg Wunnenge vun der Spuerkeess konnten am ganze Land ongeféier 4.000 Wunnenge gebaut ginn.

D'Gemenge sollten aktiv ginn

Aner Usätz vun der Wunnengspolitik, wéi d'Virgoe géint Bauspekulatioun an eng substantiell Verbesserung vun der Wunnsituatioun vun de Locatairen, also déi Usätz, déi den ënneschte Schichten vun der Bevëlkerung gehollef hätten, konnten net géint déi och schonn deemools staark Lobby vun de Proprietären duerchgesat ginn.

1918 hat d'Regierung d'Gemengen opgefuerdert um Wunnengsmaart aktiv ze ginn an z. B. Terrainen ze kafen. Mee Esch-Uelzecht war virum Zweete Weltkrich déi eenzeg Gemeng, déi a gréisserem Ausmooss Wunnenge gebaut huet. Wann een d'Initiative vun der Stad Lëtzebuerg, Dikrech an Ettelbréck dobäizielt, kënnt een op knapps 300 Haiser.

Indirekt huet de Staat och gehandelt iwwer d'Société anonyme pour la construction des habitations à bon marché, déi dëst Joer hir 100 Joer gefeiert huet. Et war eng Aktiëgesellschaft a si gouf zum gréissten Deel vum Staat finanzéiert, mee och vun der Arbed, de Gemenge Lëtzebuerg, Esch, Schëffleng, Diddeleng, Déifferdeng an den Entreprisë Paul Wurth, Ideal Liederfabrick Woltz a Fonderies Duchscher vu Wecker.

Bis zum Zweete Weltkrich sollt d'Société nationale des habitations à bon marché, wéi se haut heescht, 520 Wunnenge bauen, 450 Eefamilljenhaiser a 70 Appartementer. En "Ankurbelungsversuch" sot den deemolegen Direkter Henri Frommes 1939. Vu datt si wéi de Rescht vum Wunnengsmaart maartwirtschaftlech funktionéiert huet an net genuch vum Staat subventionéiert gouf, blouf de Bäitrag vun der SNHBM zum nationale Wunnengsbau virum Krich ënner 10 %, also wäit ewech vun Holland, wou 34 % vun alle Wunnengen vu gemeinnützigen Baugesellschafte realiséiert goufen, vun Däitschland mat 30 % oder der Belsch mat 25 %.

Bëlleg Wunnenge fir Aarbechter

Am Beräich vum sougenannte Werkwohnungsbau, also bëlleg Locatiounswunnenge fir d'qualifizéiert Aarbechter an d'Beamte vun de Schmelzen a Minnen, sinn déi däitsch Gesellschaften wéi d'Gelsenkirchener Bergwerks AG zu Esch mam Beispill virgaangen, mee och Lëtzebuerger Konzerner wéi d'Arbed waren aktiv. D'Andrée Mayrisch, Duechter vum Emile a vum Aline, déi an den 1920er Joren de Service social vun der Arbed geleet huet, weist awer drop hin, datt d'Arbed awer nëmmen tëschent zéng an 20 % vun sengen Aarbechter Wunnengen zur Verfügung gestallt huet, géintiwwer den 30 % bei Gelsenkirchen a Krupp an der Ruhr oder bei De Wendel an der Lorraine.

Déi lëtzebuergesch an auslännesch Industriebetriber hunn zesummen tëschent 1890 an 1940 ëmmerhin ongeféier 2.000 Wunnenge gebaut, e wichtege Bäitrag zur Bekämpfung vun der Wunnengsnout.

Nom Krich: D'Eegenheem steet am Mëttelpunkt

Nom Krich konzentréiert sech déi staatlech Wunnengspolitik nach méi op d'Förderung vum Eegenheem, fir d'éischt weider fir kannerräich Famillen, vun 1963 un och fir Famille mat engem Kand. Mee vu datt dës Primme weder un den Index nach un d'Akommes gebonne mee fix waren, hu se grouss Schichte vun der Bevëlkerung ausgeschloss.

Datt d'Zuel vu Proprietären awer séier an d'Luucht geet, erkläert sech engersäits duerch d'Trente Glorieuses, dem Wirtschaftswuesstum vun 1945 bis 1975 an eng besserer Kafkraaft, mee och well d'Stolkonzerner den Accès zum eegenen Haus fir hir qualifizéiert Aarbechter zu enger Prioritéit maachen, respektiv hir Kolonien no der Stolkris bëlleg un déi fréier Beleegschaft verkafen.

Kombinéiert mat den Aktivitéiten am Wunnengsbau vun de gréissere Gemengen, der SNHBM, mee och engem neien europäeschen Acteur wéi der CECA, gëtt d'Nokrichszäit zum Zäitalter vun der Proprietéit.

Den Undeel vu Leit, déi Proprietäre vun hirer Wunneng sinn, ass zu Lëtzebuerg konstant eropgaangen, vun 49 % am Joer 1947 op 59 % am Joer 1981 an 74 % am Joer 1987. Dësen Taux vn 74 % ass mëttlerweil liicht erofgaangen, wann een de leschte groussen nationale Recensement vun 2011 berücksichtegt, mat 73 % Proprietäre géintiwwer 25 % Locatairen an 2 % déi gratis logéieren, mat nawell groussen Inegalitéiten tëschent Nationalitéiten, sozialen an Altersgruppen.

D'Zuel vun de Sozialwunnenge geet erof

Wat d'Sozialwunnenge betrëfft, huet sech d'Situatioun am selwechten Zäitraum éischter verschlechtert, wéi den Exposé des motifs vun 1977 vum éischten allgemenge Gesetz zum Logement zanter 1929 präziséiert: "En 1970 les communes et l'Etat disposaient encore de 2.660 logements locatifs (...), datant presque tous d'avant 1930, visés à disparaître si un important effort de réhabilitation n'y est pas entrepris." Ech hat d'Chance an dëse Sozialwunnenge grouss ze ginn, souguer där, déi nom Krich gebaut goufen, allebéid zu Esch-Lalléng, fir d'éischt an der Portlandstrooss beim Zementwierk, dono an der Cité Dr. Schaeftgen, an dat huet vill zur Integratioun an zum Opstig vu mir a menger Aarbechterfamill an d'Gesellschaft bäigedroen.

Déi lescht 30 Joer ass Lëtzebuerg nees, no enger Ënnerbriechung vun zéng Joer no der Stolkris, mat engem exzeptionelle Wirtschaftswuesstum konfrontéiert, eng Period déi ee mëttlerweil, fir de Paul Zahlen ze zitéieren, déi "Trente Splendides" kéint nennen. D'Bevëlkerung huet sech bal verduebelt vun 380.000 Awunner 1989 op 620.000 Awunner haut.

De Staat léisst de Maart gewäerden

Mee trotz dem Logementsgesetz vun 1979, trotz engem eegene ministeriellen Departement zanter 1989, trotz dem Pacte Logement vun 2008, trotz groussen ëffentleche Wunnengsprojete gëtt de Staat weiderhin nëmmen Impulser a léisst soss de Maart gewäerden. Mam Resultat dat mer kennen.

Amplaz déi néideg iwwer 6.000 Wunnengen all Joer, ginn nëmmen bësse méi wéi 3.000 gebaut. D'Verkafspräisser an d'Loyere vun de Wunnenge si kontinuéierlech an d'Luucht gaangen, mat enger neier Rekordhausse vun 11 % an engem Joer, grad 2018. Den Immobiliemaart ass e lukrativen Invest gi fir inlännesch an auslännesch Promoteuren. D'Konzentratioun vun de Bauterrainen, déi nach net bebaut sinn, huet, wéi eng Etüd vum Antoine Paccoud vum Liser weist, esou zougeholl, datt 50 % vun den Terrains constructibles zu Lëtzebuerg an den Hänn vun nëmme 500 Persounen oder Gruppe sinn, géintiwwer 11 % an den Hänn vu Staat oder Gemengen.

An der Stad Lëtzebuerg gehéieren dem Top Ten souguer 75 % vun den Terrains constructibles. An der Haaptstad léisst d'Gemengeféierung och, an der selwechter neoliberaler Logik, zou, datt Dausende Logementer systematesch a Büroen transforméiert goufen a ginn, ouni Autorisatioun obwuel d'Gesetz dat verlaangt. Am Resumé: Déi aktuell Wunnengskris kéint a misst d'Politik verhënneren. Just eng Zuel: Dem Observatoire de l'Habitat no kënnen 50.000 bis 80.000 Logementer gebaut ginn op de Surfacen, déi elo scho fir de Residentiell virgesi sinn.

Wat d'Sozialwunnenge betrëfft, ass d'Entwécklung geneesou katastrophal: 2.660 Sozialwunnenge goufen et am Joer 1970. Haut, wou d'Bevëlkerung sech praktesch verduebelt huet a mer, wéi de Jean-Claude Juncker et mol genannt huet, an enger ¾ Gesellschaft liewen, d. h. mat engem Véierel vun der Bevëlkerung am oder no beim Aarmutsrisiko, ginn et der Cour des Comptes no nëmmen 2.904 Sozialwunnengen, well d'Gemengen trotz de Subventiounen an aneren Ënnerstëtzungen duerch de Staat déi Roll refuséieren ze iwwerhuelen. 3.000 Sozialwunnenge géintiwwer 44.000 Stéit, déi op oder ënner der Aarmutsgrenz liewen. An déi Famillen, déi eng Sozialwunneng kréien, hu missen tëschent sechs an zéng Joer drop waarden.

D'Solutioune leien zanter laangem op der Hand an d'Modeller aus dem Ausland goufe grad an de leschte Wochen op Konferenze presentéiert: virgoe géint auslännesch Investitiounsfongen um Immobiliemaart (wéi d'Lex Koller an der Schwäiz), héich Taxen op Terrainen, déi wéinst Spekulatioun zeréckgehale ginn (kuckt den Urban Regeneration and Housing Act an Irland), Terrainen a Wunnengen an ëffentlech Hand iwwerféieren a behalen (siehe Wiener Modell). Mee hei wéi beim Klimaschutz brauch Lëtzebuerg dofir e Broch mat historesche Laissez-faire an aktuellen neoliberale Logiken.