Radioen

On air

Notturno  |  Björk - Aurora

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si mir um Wee fir eng besser Welt ze schafen?

Heal The World

Si mir um Wee fir eng besser Welt ze schafen?

Et si bal 30 Joer hier, datt de Michael Jackson säi Lidd "Heal The World" erausbruecht huet. Deemools, 1991, huet d'Lidd eis appelléiert fir eng besser Welt fir eis Kanner ze schafen. Haut ass d'Fro: si mir um richtege Wee? A wat huet et mam Schluss vum Lidd op sech? Eng Chronik vum Claudia Hansen.

Schedule

auto_stories

4 min

Foto: Wikimedia

Et war duerch Zoufall, datt ech dem Michael Jackson säi Lidd "Heal The World" erëm héieren hunn. Während de Musekscoursen, déi ech halen, hunn ech d'Lidd e puermol misse lauschteren, an no enger Zäit sinn d'Wierder a mengem Kapp hänke bliwwen an hu ronderëm gedréit: "Heal the World, Make it a better place, For you and for me, And the entire human race."

An den 80er a 90er Jore war d'Hongersnout an Afrika eng vun de grousse Suerge vun der Welt. Et goufe vill Lidder, déi sech domat befaasst hunn, wéi zum Beispill "We Are The World" vun USA for Africa a Band Aid mat "Do They Know It's Christmas?", fir der just e puer ze nennen. "Heal The World" ass definitiv an deem selwechte Gedanke geschriwwen.

Ech sinn an där Zäit opgewuess an als Kand war mir bewosst, datt bäi wäitem net jiddwereen et esou gutt hätt wéi mir, an datt vill misst geschéien, éier all Mënschen op der Welt gläich wieren. JiddWeree wousst dat deemools wahrscheinlech.

Getouften Hoffnung

Elo, bal 30 Joer méi spéit, spillen ech genee dës Lidder mat menge Schüler, an ech froe mech, ob si wëssen, wéi entsat d'Leit deemools iwwer d'Hongersnout waren? Wahrscheinlech net. Net well mir de Problem geléist hunn, mee well mir nei Problemer hunn. Wat déi sozial Ongläichheet vun de Mënschen op eiser Welt fir d'Generatioun vun den 80er a 90er war, ass de Klimawandel fir d'Generatioun vun den 2000er. "Heal the World, Make it a better place, For you and for me, And the entire human race ... And the animals and the entire planet" misst et elo heeschen.

Wann ee gesäit, wéi vill Méi sech virun dräi Joerzéngte gemaach gouf, fir datt d'Welt endlech gerecht soll ginn, an datt hautdesdaags nach ëmmer net jiddweeree gläichberechtegt ass, da gëtt d'Hoffnung séier getouft. En plus wësse mir haut, datt mir all déi Zäit vergiess hunn, och op eise Planéit opzepassen. An da stellt sech d'Fro: wat kënnt an deenen nächsten 30 Joer nach op dës Lëscht dobäi?

D'Mënschen hunn eng staark Tendenz linear ze denken, an esou laang wéi méiglech ze evitéiere fir d'Konsequenze vun hirem Handelen ze gesinn. Virun 30 Joer ware mir esou stolz op eisen industrielle Fortschrëtt. Elo wësse mir, datt dat net nëmme Virdeeler hat. D'Fro ass: wäerte mir jeemools léieren, den Impakt vun eisem Handele richteg anzeschätzen?

Al Feeler net widderhuelen

Lo kann een argumentéieren, datt mir wéinstens zanter dem Zweete Weltkrich Fortschrëtter gemaach hunn, an datt mir geléiert hunn, datt - wann Natiounen negociéieren an zesummeschaffen - een zesumme vill méi wäit kënnt. Dat deet mech awer un e Meenungsartikel denken, deen um Enn vum leschte Joer an der hollännescher Zeitung NRC publizéiert gouf. Et ass en Artikel deen appelléiert, sech bewosst ze ginn, datt déi europäesch Generatioun déi während den zwee Weltkricher gelieft huet, lues a lues stierft. Mat dëse Leit ginn och d'Erënnerungen an d'Erfahrungen aus éischter Hand, wat Krich fir Auswierkungen op eist Liewen huet. Den Artikel warnt eis, datt dëst e kruziale Moment ass. Vill Leit, déi net wierklech wësse wat Krich bedeit, spille mat Iddien, déi méiglecherweis zu arméierte Konflikter féieren. Si romantiséieren entweder d'Iddi oder hunn net genuch Empathie fir d'Konsequenzen ze verstoen. Wann een et esou kuckt, si mir vläicht awer net esou vill weider wéi mir geduecht haten. A wann een d'politesch Tendenze ronderëm d'Welt kuckt, gesäit een, datt d'Warnung seriö geholl muss ginn.

Wäerte mir jeemools eng besser Welt schafen? An hu mir wierklech Ambitioune fir an enger Welt ze liewen, wou mir eis méi ëm eise Planéit an eis Nopere këmmeren, wéi ëm eis selwer?

Wat ze denke gëtt, ass datt de Refrain vun"Heal the World", zum Schluss zweemol en Toun méi héich geet! Woubäi et déi éischte Kéier nach wéi eng hoffnungsvoll Affirmatioun vun "Let's heal the world - We can do it!" kléngt, kléngt et bei der zweeter Kéier éischter, wéi eng verzweiwelt Sich no Hëllef fir d'Leit ze alarméieren, dat Onméiglecht awer ze probéieren.

Huet de Michael Jackson vläicht selwer net dru gegleeft, datt et eng besser Welt fir eis Kanner kéint ginn? Widderhëlt hien dofir endlos "Make a better place for you and for me, Save the World we live in, Save it for our children"? Bis datt et lues a lues ausblennt a just nach e Kand bleift, dat eis un d'Häerz leet, d'Welt awer ze retten?