Radioen

On air

Notturno  |  Linda Perhacs - Hey, Who Really Cares?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hu mir gemeinsam Wäerter an Europa?

Fräie Mikro

Hu mir gemeinsam Wäerter an Europa?

Hu mir gemeinsam Wäerter an Europa? Oder weist déi ablécklech Kris a villen europäesche Länner net drop hin, datt et kee Konsens iwwer dës Fro gëtt, obschonn europäesch Texter dat esou virgesinn? Doriwwer huet sech de Jean-Paul Lehners, Titulaire vum UNESCO Léierstull fir Mënscherechter op der Uni Lëtzebuerg a President vum ECRI, der Kommissioun géint Rassismus vum Europarot, e puer Gedanke gemaach.

auto_stories

4 min

A leschter Zäit gëtt bal keng politesch Ried gehal, wou net op déi gemeinsam europäesch Wäerter higewise gëtt. A Frankräich heeschen dës Wäerter "liberté, égalité, fraternité". An Ungarn an a Polen schwätzen se vun Natioun, Famill a Relioun.

Si mir eis esou sécher, datt mir all déi selwecht Wäerter deelen? Wa mir vu Fräiheet schwätzen, vu Gläichheet, menge mir dann all dat Selwecht? Wéi wäit soll zum Beispill déi Fräiheet goen? A wien definéiert am Endeffekt dës Wäerter?

Vu wéi enge Wäerter schwätze mir?

Am Kader vun der Diskussioun iwwer Wäerter gouf hei an do op d'Wichtegkeet vun eiser westlecher abendländescher Kultur higewisen, oder méi genee vun eise gemeinsame chrëschtlechen oder judeo-chrëschtleche Wäerter, déi mir bäibehale missten, déi mir ënner anerem géint radikal Islamisten, an heiansdo héiert een, och géint den Islam, verdeedege sollen oder mussen.

Sinn déi Leit, déi dat mengen, wierklech vum Chrëschtentum esou iwwerzeegt, oder fäerten si net éischter, am Kontext vun der Flüchtlingsproblematik, datt den Islam bei eis géif d'Iwwerhand iwwerhuelen?

Verschidde Kategorië vu Wäerter

Ech géif gären eng aner Approche wielen. Ech sinn der Meenung, datt mir eis zu Lëtzebuerg, an am allgemengen an Europa, op e puer Kategorië vu Wäerter beruffe kënnen:

Reliéis Wäerter, déi aus dem Chrëschtentum, dem Juddentum an dem Islam kommen (jo, och den Islam gehéiert zu Europa), philosophesch Wäerter (wéi zum Beispill d'Opklärung, mee do si mir eréischt am Ufank), sozial an ekonomesch Wäerter (wéi zum Beispill déi sozial Maartwirtschaft) oder och politesch Wäerter (Demokratie, Wahlrecht, Participatioun).

Iwwregens ass d'Europäesch Unioun op d'mannst um Pabeier eng Wäertergemeinschaft. Am Artikel 2 vum Vertrag vu Lissabon geet rieds vun Dignitéit, Fräiheet, Demokratie, Gläichheet, Etat de droit an de Respekt vun de Mënscherechter.

Wäerter sinn net a Stee gemeesselt

Leider weisen eis déi verschidde Facettë vun der momentaner europäescher Kris, datt net jiddereen dës Wäerter deelt, zum Beispill verschidde Regierungen am Oste vun Europa. A schliisslech sinn déi Wäerter keng anthropologesch konstant, dat heescht, et gëtt se net zanter éiwegen Zäiten.

Wa Gläichheet e wichtege Wäert ass, esou gëtt et dee Wäert net zanter éiweg. An d'Gläichheet tëschent Männer a Fraen ass wéi gewosst nach ëmmer net realiséiert, net an der Politik an och net an der Ekonomie, an dacks och nach net am alldeeglechen Zesummeliewe vun de Leit.

D'Wäerter vun der Zukunft

An dann däerfe mir eis net nëmme mat de vergaangene Wäerter beschäftegen. Méi wichteg ass fir mech, dat mir eis op d'Wäerter vun der Zukunft konzentréieren.

Wichteg Begrëffer dobäi si fir mech Respekt, Generositéit, Vertrauen, Gebuergenheet. Als Fundament vun deem Ganze gëllt déi sougenannt gëllee Regel: "Behandel déi aner esou, wéi s du gär häss, datt si dech behandelen!", an als Method d'Gewaltlosegkeet als grondleeënd Astellung fir all dat Anert. D'Gewaltlosegkeet soll e Reflex ginn, deen eis eist ganzt Liewe begleet.

Duerch Strukture bedéngt

Fir dës puer Gedanken ofzeschléissen, géif ech gär drop hiweisen, datt all dës Wäerter sech net an engem eidele Raum realiséiere loossen. Si si bedéngt duerch d'Strukturen, an deene mir liewen; dorops gëtt menger Meenung no net genuch higewisen. Wann Dir ouni Aarbecht sidd, wann Dir ënner engem ongerechte wirtschaftleche System leit mat strukturellen Ongläichheeten, da wäert Dir héchstwahrscheinlech op aner Wäerter insistéieren, wéi wann Dir vun deem System profitéiert.

Eng dréngend Aufgab ass et also, en opgekläerte Konsens ze fannen iwwer méiglech gemeinsam Wäerter an dat an engem permanenten Dialog.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.